Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?
Fail Neiegkeeten

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?

Haut ass de Weltwaasserdag, an déi gesamt Weltgemeinschaft ass sech

An Tëschenzäit an Nordkorea
Fail Neiegkeeten

An Tëschenzäit an Nordkorea

Wärend op der (bal) ganzer Welt d‘Regierunge mam Coronavirus Covid19

surprise
Editorial: Wat kann d‘EU vu Facebook erwaarden?
Fail Neiegkeeten

Editorial: Wat kann d‘EU vu Facebook erwaarden?

Facebook an Dateschutz sinn zwee Wierder, déi esou net wierklech

dislike

COP23: déi lénk vu Lëtzebuerger Regierung net iwwerzeegt

COP23: déi lénk vu Lëtzebuerger Regierung net iwwerzeegt

Och déi lénk stellt fest, datt bei der 23. Weltklimakonferenz (COP23) un der konkreter Ëmsetzung vum Paräisser Ofkommes vun 2015 (COP21) soll geschafft ginn. Allerdéngs géifen déi wichteg politesch Froen, wéi Verdeelung vun de Laaschten tëscht de Staaten, oder d‘Eenegung op verstäerkt Ustrengungen nach virun 2020 nees net berécksiichtegt.

Wann dann awer all déi rezent wëssenschaftlech Etüden däitlech maachen, datt d‘Äerderwiermung ganz rapid zouhëlt, sollt een agesinn, datt elo direkt drastesch Moossnamen zum Klimaschutz mussen ergraff ginn. Moossnamen déi an éischter Linn ganz kloer vun den Industriestaaten musse geholl ginn. Déi lénk stellen da fest, datt bis dohinner, och déi lëtzebuergesch Regierung wéineg Opweises huet.

D‘Virschléi vu Paräis

Déi lénk erënnert drun, datt ee sech zu Paräis op d‘Zil gëeenegt hat d‘Äerderwiermung net iwwer 1,5 Grad Celsius, géinteniwwer der virindustrieller Ära klammen ze loossen. Zu Paräis gouf dat dann och nach vun alle Staaten ënnerstëtzt. Mee den Ëmbau vun der Weltwirtschaft, ewech vu fossille Brennstoffer hin zu erneierbaren Energien, huet sech net substantiell duerchgesat. Déi ëmweltschiedlech Energiewirtschaft gëtt och weiderhi massiv mat ëffentlechem am privatem Kapital gefërdert.

Well awer och d‘EU hire CO2-Ausstouss bis 2030 ëm 40% géinteniwwer 1990 reduzéiere wëll, stellt ee sech bei déi lénk d‘Fro, firwat dann d‘europäesch Investitiounsbank (EIB) oder de „Juncker-Fonds“ monter weider a fossil Energien investéiert. Déi lénk bezéien sech dann och nach op e Bericht vu „Friends of the Earth“, aus dem ervirgeet, datt déi gréisste Banke weltwäit an de Schifergas a Godrong-Sand investéieren, eng Energie déi nach méi klimaschiedlech wéi konventionelle Pëtrol ass.

Lëtzebuerg ass kee gudde Schüler

Déi lénk weisen an hirem Communiqué dann och nach drop hin, datt Lëtzebuerg ee vun den héchsten „Pro-Kapp“ CO2-Ausstéiss weltwäit ze verzeechnen huet. D‘Verantwortung an Saache Klimapolitik wier also entspriechend héich. Mee säit COP21 hätt sech an der nationaler Klimapolitik wéineg bis näischt gedoen. Eng Ambitiéis national Strategie fir de Klimaschutz géif et schlicht net ginn.

Beim gréisste Klimakiller „made in Luxembourg“ dem Tanktourismus hätt d‘Regierung de Kapp an de Sand gestach. Dobäi hat dach grad eis Regierung eng Etüd an Optrag ginn. Aus dëser Etüd vum Dieter Ewringsmann geet dann och däitlech ervir, datt d‘Käschten an de Beräicher: Klima, Ëmwelt, Gesondheet an Infrastrukturen, iwwert den Einname vum Tanktourismus leien. Hei net ze handelen, hält déi lénk als onverantwortlech.

Klimaschutz muss ee wëllen

Déi lénk bedaueren dann och d‘Geréngschätzung vun den erneierbaren Energien, wat sech duerch kaum bestoend Impulser an ëffentlechen Investitioune beleeë léisst. Fir d‘EU-Zil vun 11% bis 2020 iwwerhaapt ze erreechen, géif de Wirtschaftsminister Etienne Schneider iwwerschësseg erneierbar Energie am Baltikum akafen. Wat dann och vum Wirtschaftsministère mat de niddrege Käschte fir dësen „Deal“ begrënnt gëtt.

Am Communiqué gëtt dann och nach drop higewisen, datt sech d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an de Finanzminister Pierre Gramegna am Kader vun der COP23, mam sougenannten „green exchange“ vun der lëtzebuergescher Bourse bretzen. Wat si dann awer zu Bonn de Leit net erzielen, ass de Fakt, datt de staatleche Rentefonds an de „Fonds Souverain“ massiv a fossil Energien investéiert. Gréng ass anescht an esou feelt et den déi lénk hei kloer u politescher Kohärenz.

Kuerz gesot, fir déi lénk schéngt et erwisen, datt de Klimaschutz net wierklech de „Problem“ vun der aktueller Koalitiounsregierung ass. Eng schwaach Bilanz ass d‘Konsequenz an et wier héich Zäit sech hei ze besënnen.

Ähnlech Sujeten Bonn, Carole Dieschbourg, COP23, Klimaschutz, Pierre Gramegna, Weltklimakonferenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel