Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Philippe Hammelmann: E kloert Zil virun Aen
International Neiegkeeten

Philippe Hammelmann: E kloert Zil virun Aen

Transparenz géintiwwer dem Bierger ass him wichteg. Den 32 Joer

partage.lu: Matmaachen – Zukunft schafen!
International Neiegkeeten

partage.lu: Matmaachen – Zukunft schafen!

2019 luet partage.lu Iech an, aktiv d’Zukunft matzegestalten andeem Dir

D’Haus vum Horror a Kalifornien: 13 Geschwëster agespaart an ugekett
International Neiegkeeten

D’Haus vum Horror a Kalifornien: 13 Geschwëster agespaart an ugekett

13 Geschwëster agespaart, dorënner e Bëbee vun zwee Joer. E

COP24: D’Regierung muss schnellstméiglech handelen!

Déi Lénk weisen sech enttäuscht zu de Resultater vum Klimasommet

COP24: D’Regierung muss schnellstméiglech handelen!

Den COP24 huet net méi bruecht wéi den absolute Minimum sou déi Lénk. D’Vertrieder(innen) vun de Staate konnten sech op eng Reegelung fir d’Ëmsetzung vum Präisser Ofkommes eenegen, mee gréisser Ustrengunge fir d’Äerderwiermung op 1,5°C ze beschränke ginn et keng. Domadder geet nees ee Joer verluer. D’Lëtzebuerger Regierung huet a Katowice fir déi ambitiéis Klimapolitik plädéiert, mee de grousse Versprieche mussen endlech och konsequent Moossname follegen.

An éischter Linn sollt den COP24 technesch Daten zur Ëmsetzung vum Paräisser Ofkommen aushandelen. Dobäi ass et ënner anerem dorëm gaangen, wéi d’Staaten iwwert hir Fortschrëtter an der Klimapolitik berichte mussen. D’Staate konnten sech hei op eng Reegelung eenegen an esou sinn déi klimapolitesch Moossname méi transparent a vergläichbar ginn.

Déi eigentlech Erausfuerderung vum Klimasommet ass awer net gemeeschtert ginn. Den IPPC-Rapport iwwert déi katastrophal Konsequenze vun de Klimaverännerungen ass un de meeschte Staaten an un der Europäescher Unioun ouni Spure laanscht gezunn. Dobäi lafen déi, bis elo verëffentlecht fräiwëlleg Zousoe vun de Staaten zur Reduzéierung vun der Zäregasemissioun op eng Hausse vun der Temperatur vun der Äerduewerfläch vun 3 bis 5°C eraus. Fir datt et net esou wäit kennt musse schnellst méiglech méi staark Moossnamen ergraff ginn, an dat net eréischt am Joer 2025 oder 2030. Bis ewell sinn awer just zwee Staaten bereet, hir Ustrengungen ze verstäerken, an dat sinn d’Fidschi- an d’Marshall Inselen.

D’Europäesch Unioun ass ouni ambitiéis verbindlech Zousoen op Katowice gereest. D’Fuerderunge vu verschiddenen EU-Staaten, dorënner och Lëtzebuerg, fir bis 2033 55% vun der Zäregasemissioun ze eliminéieren, amplaz vun de festgeluechte 40 %, ass schonns am Virfeld ofgeleent ginn.

Esou konnt ee sech dann och net zu de sougenannte „loss an d’ damages“ eenegen. Weiderhin bleift also onkloer, wien fir d’Schied opkomme soll, déi duerch de Klimawandel entstinn. Haaptsächlech sinn dës Schied groussen Entreprisen an de weltwäit räichste Bevëlkerungsdeeler verantwortlech. Leider ginn déi Äermst awer am meeschte geschiedegt. D’Gerechtegkeet bleift also och dës Kéier ausgeklamert.

D’Lëtzebuerger Regierung steet wéinst hirer onausräichender Klimapolitik besonnesch an der Verantwortung. Déi éischt Mandatsperiod vun der neier Regierung ass ouni nennenswäert Moossname fir de Klimaschutz zum Enn komm.

Mam Pensiounsfong gëtt ëffentlecht Kapital nach ëmmer de gréisste klimafeindlechen Entreprisë weltwäit zur Verfügung gestallt. Den Ausbau vun erneierbaren Energie bleift zimlech wäit hannert den Ufuerderungen zeréck a läit bei just 6 %. D’Instrument vun der Klimabank fir déi energetesch Sanéierung vu Wunngebaier ass op ganzer Linn gescheitert an eng Strategie fir aus der Steiernisch vum Spritexport eraus ze komme läit och net vir.

De groussen Ukënnegungen um internationale Buedem mussen endlech Doten am eegene Land nokommen.

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, COP24, déi gréng, DP, Katowice, Klimaofkommes, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel