Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

https://moien.lu/dating-rules-streaming/ cerbung matchmaking part 11

Konditioune Gewënnspill Auto-Cross Helleng 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

dating parker knives
https://moien.lu/dating-rules-streaming/ cerbung matchmaking part 11

What the Fakt – 115. Gebuertsdag vum Mark Rothko

De 25. September 1903 gouf ee vun de bekanntsten abstrakten

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker
https://moien.lu/dating-rules-streaming/ cerbung matchmaking part 11

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker

De Joreskongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker zum Thema

COP24: En onbeschreiflecht Trauerspill

COP24: En onbeschreiflecht Trauerspill

Eigentlech sollt déi 24. UN-Klimakonferenz (COP24) e Freideg mat enger gemeinsamer Erklärung op en Enn goen. Elo geet et haut awer emol an d‘Verlängerung. An obwuel se et eigentlech besser wëssen, bleift d‘Hoffnung erhalen den „ambitiéisen Accord zur Ëmsetzung vum Paräisser Accord“ dach nach presentéieren ze kënnen.

Domatter gëtt och zu Katowice a Polen d‘Traditioun vun de Klimakonferenze weidergefouert, déi et einfach net hikréien am Delai ofgeschloss ze ginn. D‘Verëffentlechung vum „gemeinsamen“ Text huet ewell e puermol misse verluecht ginn. Dobäi ass hir Missioun denkbar simpel: eng Gebrauchsuweisung fir de Paräisser Accord ëmzesetzen, mat deem d‘Äerderwiermung op 2°C, respektiv 1,5°C soll begrenzt ginn, am Verglach zum virindustriellen Zäitalter.

Si hate 14 Deeg Zäit sech „eens ze ginn“ an awer nees méi gestridde wéi no Léisunge gesicht ginn. Et ass sécher richteg, datt aktuell de geopolitesche Kontext mam Klimawandel näischt unzefänke weess, mee da brauch et och keng Klimakonferenz. Esou huet de wëssenschaftleche Rapport vum IPCC eng Kontrovers ausgeléist, an d‘Gestreits tëscht de Länner aus dem „Norden“ an deenen aus dem „Süden“, bréngt d‘Verhandlungen och kee Meter weider.

D‘Auswierkunge vun der „Gebrauchsuweisung“ sinn net anekdotesch. Entspriechend dem Paräisser Accord, ass den Engagement vun de Länner fir d‘Emissioune vun Zäregas ze verréngeren, fräiwëlleg. Woubäi de „Suivi“ muss „multilateral“ sinn, mat Reegelen zur Transparenz, an enger helle Wull u „Sailen“ déi d‘Standfestegkeet vum „Projet“ garantéiere sollen.

Eng Fro vun der Flexibilitéit

Zu Katowice war d‘Diskussioun zur Aart a Weis, wéi déi verschidde Regierungen hir Aktioune rechtfäerdege mussen, eng Ugeleeënheet vun den USA a China. A während d‘USA – zesumme mat anere „räiche“ Länner – sech fir strikt Reegelen ausgeschwat hunn, huet China sech fir d‘Flexibilitéit, déi den Entwécklungslänner zougestane gëtt, agesat. Stellt sech awer d‘Fro, wat ënnert dëser Flexibilitéit ze verstoen ass? Iwwerhaapt ass dat ganzt zimlech oniwwersiichtlech.

„Et ass scho remarkabel, datt d‘USA sech weider beméien d‘Verhandlungen zu engem Accord ze verwässeren, aus deem si sech wëllen zréckzéien“ iergert sech de Mohamed Adow, vun der ONG Christian Aid‘s International.

Fir déi „aarm Länner“ stellt sech zudeem déi kruzial Fro vum Finanzement vun der Klimapolitik. Hei notamment d‘Manéier mat där déi vum „Norden“ versprache Fonge solle konstituéiert ginn. „Mir maachen Drock op de Norden, fir datt dësen de Präis bezilt“, behaapt den Ëmweltminister vu Costa Rica, Carlos Manuel Rodriguez. Wéi dat ausgesäit, wa Costa Rica Drock op d‘USA ausüübt, huet nach kee gesinn, an déi zu Washington dierften sech bei dëser Ausso bockeleg gelaacht hunn.

En Expert vun dëse Klimakonferenzen erkläert: „Washington versicht d‘Differenzéierung tëscht entwéckelte Länner an Entwécklungslänner ofzeschwächen, den eigentlech fundamentale Prinzip vun de Klimaverhandlungen“. D‘Iddi vun den Amerikaner ass déi, datt déi historesch Verschmotzer net méi un hire vergaangenen Emissioune gemooss ginn, mee un den aktuellen. Interessant, wann ee weess datt si net méi wëlle matmaachen, d‘USA och nach beméit sinn de Projet ze sabotéieren.

Wann ee kee Plang huet, brauch een och kee Plang „B“

E weidere Punkt un deem sech festgebass ginn ass: d‘Mentioun vun de „Perten an Schied“, e Prinzip deen am Paräisser Accord ageschriwwen ass, fir déi Länner ze ënnerstëtzen, déi scho mat de Folge vum Klimawandel ze kämpfen hunn. „Et muss een déi richteg Aart a Weis fanne mat dëser Fro ëmzegoen“, mengt d‘Laurence Tubiana, eng vun den Architektinne vum Paräisser Accord. Si mengt datt een d‘Mechanissem fir Transparenz an d‘Mëttel fir de Fortschrëtt ze moossen elo huet.

Allerdéngs ass déi sougenannten „Gebrauchsuweisung“ net deen eenzege Sujet iwwert deen sech gestridde gëtt. Déi Delegéiert mussen nach ee „Problem“ léisen, dee sech ronderëm d‘Mentioun vum leschten IPCC-Rapport opgebaut huet. Russland, Saudiarabien an d‘USA wëllen net hunn, datt an der Ofschlosserklärung steet „begënschtegt“, wat awer besonnesch vun de klengen Insele gefuerdert gëtt. De Respekt an d‘Berécksiichtegung vu hire Suergen an Ängschten ass net ginn.

De Virschlag vun der COP war um Freideg verëffentlecht ginn. Hei ginn d‘Acteuren ageluede vun der Informatioun aus dem IPCC-Rapport gebrauch ze maachen. Hei heescht et: „D‘COP erkennt d‘Roll vum IPCC un, deen den Optrag huet all wëssenschaftlech Donnéeë virzeleeën, déi den Entscheedungsprozess vun de Parteie soll ënnerstëtzen“. „Wa mir d‘Erkenntnisser vum IPCC net unerkennen, dann iwwerliewe mir et net“, esou de Mohamed Nasheed, Vertrieder vun de Maldiven.

D‘Hänn an de Schouss leeën ass keng Optioun

Um Dësch läit och d‘Fro: „Wéi kann een déi Länner a Regierunge, deenen hir 2015 formuléiert Engagementer, fir d‘Emissioun vun Zäregaser ze reduzéieren, notoresch onzouräichend sinn, derzou beweegen, bis 2020 konkret Pläng virzeleeën?“. Am Projet vun der „COP-Decisioun“ gëtt d‘Fuerderung vun engem Update am Bezuch op den ze leeschtende Bäitrag bis 2020 widderholl. Dat an de selwechten Terme wéi se am Paräisser Accord enthale sinn.

„Et ass en Ufank, mee nach ëmmer näischt Konkretes“ esou d‘Reaktioun vum Jennifer Morgan (Greenpeace), dat ee vill méi däitlecht Signal fuerdert, fir d‘Ambitiounen nees unzekuerbelen. Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, deen e Freideg nees op Katowice gereest ass (et war schonn déi drëtte Kéier) huet versicht sech an d‘Diskussiounen anzebréngen. Nach e Mëttwoch hat hien en Appell un d‘COP geriicht, alles ze ënnerhuele fir d‘Äerderwiermung opzehalen.

Leider schéngt et keen interesséiert ze hunn, grad esou wéineg déi Dose Kanner, déi um Freideg an de Raimlechkeete vun der COP24 manifestéiert hunn, an esou dem Appell vum Greta Thunberg – eng jonk Schwedin déi bekannt ginn ass, well si Woch fir Woch virum Parlament zu Stockholm fir d‘Rettung vum Klima an der Welt demonstréiert – nokomm waren. Eigentlech misst ee frou sinn, datt se frëndlech behandelt goufen…

Elo ass et dann esou, datt nei „national Verspriechen“ esou wéi se 2015 virbruecht goufen, zu enger Äerderwiermung vu +3°C féieren, also eisem Ënnergang, esou d‘Behaaptung vu Wëssenschaftler. Den IPCC huet dann och schonn emol bewisen, zu wat den Impakt vun +1°C bis ewell bewierkt huet. Den IPCC ass och zimlech däitlech, wann et drëms geet opzeweisen, wat eis bei +1,5°C alles bléid, vum schmëlze vun de Polkappen an der Auswierkung op d‘Landwirtschaft.

Wann och nees net wierklech zu enger vertrietbarer Ofschlosserklärung kommen dierft, esou hunn sech déi Länner, wou de Wee bis op Katowice fonnt hunn, awer zu enger gemeinsam Decisioun verleede gelooss. Si hu festgeluecht, datt d‘COP25 Enn 2019 am Chile soll stattfannen. Si waren allerdéngs zu dëser Entscheedung gezwonge ginn, nodeems Brasilien net méi zur Dispositioun steet wëll de Klimaskeptiker Jair Bolsonaro, den neie President, dat esou entscheet huet.

mam Catherine Hours an dem Amélie Bottolier-Depois/AFP

Foto: Virun den Diere vun der COP24 de Protest. Si kënnen nach esou jäizen, d‘Regierungen hunn ganz aner geopolitesch Problemer ze léisen, wéi sech och nach mat engem Klimawandel ze befaassen, vun deem déi meescht Länner, déi Vertrieder op Katowice geschéckt hunn, guer net iwwerzeegt sinn, datt et dësen iwwerhaapt gëtt. © Janek Starzynski/AFP

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, COP24, Katowice, Klimawandel, Paräisser Accord, Verschwendung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel