Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwäiz: Doudeger bei Onwieder zu Genève
popular dating sites in belgium Neiegkeeten

dating sites with search

Schwéier Onwieder mat Stuerm a Knëppelsteng hu gëschter an der

https://moien.lu/games-like-alter-ego-and-the-hook-up/
popular dating sites in belgium Neiegkeeten

Dylan Pereira: Rookie-Champion vum däitsche Porsche Carrera Cup

Hien huet Talent an ass entspriechend séier ënnerwee: den Dylan

Rockhal: Three Days Grace als musikalesch „Outsider“
popular dating sites in belgium Neiegkeeten

Rockhal: Three Days Grace als musikalesch „Outsider“

Gëschter Owend ass d’Rockhal sengem Numm trei ginn an huet

COP24: Eng schwaach Virstellung

De Paräisser Accord op d‘Schinne gesat, d‘Ambitiounen awer vergiess

COP24: Eng schwaach Virstellung

Déi international Communautéit huet e Samschdeg de Paräisser Accord mat deenen Instrumenter ausstafféiert, déi him „liewen anhauche“ sollen. Et ass sech allerdéngs net verflicht ginn, méi séier géint d‘Äerderwiermung virzegoen. An dat ugesiichts de Katastrophen déi weltwäit stattfannen…

Virun e puer Wochen, haten d‘Experte vum IPCC op den Alarmknäppche gedréckt: an enger Welt mat +2°C – dat ass dat minimaalt Zil vum Klimapakt aus 2015 – ass den Impakt fir d‘Mënschheet wiesentlech méi konsequent, wéi an enger Welt mat +1,5°C, déi ideal Limitt vum Accord.

Fir allerdéngs ënner +1,5°C ze bleiwen, misst d‘Mënschheet seng CO²-Emissioune bis 2030 ëm mindestens 50% reduzéieren (géintiwwer 2010). Esou wéi se sech haut behëlt, an den eklatante Mangel u politeschem Wëllen, weisen op eng Welt mat +3°C hin. Dat mat all seng Konsequenzen.

Dëse Fakte géinteniwwer gestallt, hunn eng Rei Delegatiounen, besonnesch déi staark bedreeten Inselstaaten, d‘Hoffnung zum Ausdrock bruecht, datt déi 24. UN-Klimakonferenz zu Katowice derzou féiere kéint, datt d‘Länner sech bereet erkläre bis 2020 hir Engagementer ze revidéieren.

Mee de geopolitesche Kontext ass schlecht. Et gëtt méi gestridde wéi matenaner geschwat, an esou ass sech op dat néidegst beschränkt ginn: d‘Reegelen opzestellen déi d‘Uwennung vum Accord méiglech maachen. Si sinn ee Samschdeg ënnert dem Applaus vun den Delegatiounen ugeholl ginn.

100 Säite mat: „Näischt!“

Dräi Joer laang hunn honnerte, wann net dausende Beamten, Fonctionnaire, Wëssenschaftler a Vertrieder vun ONGen alles virbereet, an d‘Politik huet si dobäi begleet. Déi 14 Deeg vu Katowice sollten de Projet finaliséieren, wat – reng technesch betruecht – jo och gelongen ass.

An dësem, eppes iwwer 100 Säite schwéieren „Handbuch“, ginn notamment d‘Modalitéite vum „Suivi vun den nationalen Aktiounen“ festgeluecht. Eng „Flexibilitéit“ déi den Entwécklungslänner huet missen zougestane ginn. Et gëtt allerdéngs nach ëmmer näischt Verflichtendes.

Interessant, de franséische President Emmanuel Macron, dee bei sech e Sozialkonflikt ausgeléist huet, wëll hien eng Karbon-Tax op Pëtrolsproduiten erhiewe wëll, mat där déi sougenannten ekologesch Transitioun soll finanzéiert ginn. Vun der Tax fléissen awer nëmmen 19% an de Projet.

Dat huet den Emmanuel Macron net dovunner ofgehalen zefridden ze sinn: „Déi international Communautéit bleift engagéiert am Kampf géint de Klimawandel. Bravo un d‘UNO, den ONGen, de Wëssenschaftler an allen Negociateure“, heescht am presidentiellen Tweet.

Fir déi spuenesch Ëmweltministesch, Teresa Ribeira, ass dëst „Handbuch“ explizit genuch, fir datt de Paräisser Accord kann „operationaliséiert“ ginn. „Ënnert den aktuellen Ëmstänn, ass et schonn eng Reussite, datt iwwerhaapt weidergemaach gëtt“, gouf ënnerstrach.

Et ass beschtefalls en Update

„Dëse Mangel un Äntwerten op de Rapport vun IPCC, dat ass einfach schockant!“, iergert sech d‘Jennifer Morgan vu Greenpeace. „Dir kënnt iech no esou eppes net einfach zesummesetzen an da behaapten, datt dir net amstand sidd méi ze maachen!“, ass de richtege Resumé zur COP24.

Et ass nämlech genee dat wat déi international Communautéit zu Katowice ronn bruecht huet: feststellen datt d‘Haus brennt, a gemitterlech waarde bis een d‘Feier läscht oder Pompjee rifft. Mat dësem Message dierft et schwiereg ginn, d‘Mënschen ze iwwerzeegen.

An déi „final Decisioun“ vun der COP24 beschränkt sech dorops „d‘Demande fir en Update vun den Engagementer bis 2020, ze widderhuelen“. Dat stoung zwar alles schonn am Paräisser Accord, mee – vu datt se sech net emol op e „Kalenner“ konnten eenegen – elo besteet eng „Urgence“.

Wichteg ass et dann och, mam Fanger op déi ze weisen, déi wuel un der COP24 „deelgeholl“, net awer d‘Absicht haten „matzemaachen“. Esou hu Russland, Saudiarabien an d‘USA zum Ausdrock bruecht, datt si den IPCC-Rapport net „begréissen“ an deen och net an der Erklärung wëllen hunn.

Gutt, datt den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, dräi mol op Katowice komm ass, fir Drock op d‘Negociateuren auszeüben. De Kampf wier net eriwwer, an fir ze betoune wéi eescht et him ass sot hien: „Meng 5 Prioritéite sinn: Ambitioun, Ambitioun, Ambitioun, Ambitioun, an Ambitioun“.

Ass et jeemools ëm de Klima gaangen?

„Während d‘USA an dréi aner wichteg ‚Pëtrolsproduzenten‘ verhënnert hunn, datt sech d‘Urgence vun der Aktioun an der finaler Erklärung erëmfënnt, esou huet d‘Majoritéit vun de Länner de Ruff vun de Wëssenschaftler héieren“, esou de Alden Meyer, vun der Union of concerned Scientists.

Iwwerhaapt d‘USA. Den Donald Trump huet den Accord gekënnegt, an awer setzen si nach ëmmer mat um Dësch. An do verdeedegen si hir traditionell Positiounen esou gutt, datt et um Enn esou ass, datt déi „final Erklärung“ a groussem Ëmfang eng amerikanesch Handschrëft erhalen huet.

Géintiwwer dësem zukünfteg „eidele Stull“, hunn sech d‘Chinese geduecht, et wier opportun sech hei gutt opzestellen. E Fait deen net onbemierkt bliwwen ass, firwat d‘Catherine McKenna, déi kanadesch Ëmweltministesch, feststellt: „China huet et verstanen, a bedeelegt sech konstruktiv“.

Fir d‘Polen – där hire President d‘Industrie vun der Kuel mat Hänn a Féiss verdeedegt huet – war déi 24. Klimakonferenz „kee Kaddo“. Katowice, eng Stad an där et engem grad am Wanter bewosst geet, wat et heescht op fossil Energien ze setzen, bitt e genee esou trauregt Bild wéi d‘COP24.

„Op et d‘Perversioun ass, dës Konferenz als kommerziell Foire zu Gonschte vum Asaz vun der Kuel ze mëssbrauchen (…) oder de Mangel un Interessi eppes op d‘Been ze stellen. Un déi elote wäert sech keen am Gudden erënneren“, resuméiert et de Mohammed Adow, vu Christian Aid.

Wou ass de Goss, hu mir iwwerhaapt Goss?

Eng vun de gréissere Suerge fir déi „aarm Länner“ ass de Finanzement vun de Klimapolitiken. Hei notamment, wéi ee sech d‘Zesummeféiere vu Fongen, esou wéi vum „Norde“ versprach, virstellt. Déi hu jo héich an helleg versprach 100 Milliarden US-Dollar bis 2020 opzedreiwen.

E puer Länner, dorënner Däitschland, hunn nei Zouwendungen zougesot, notamment fir de „grénge Fong“. Och d‘Weltbank huet eng 200 Milliarden US-Dollar versprach. Dat fir den Zäitraum 2021-2025. Geld datt d‘Weltbank och vum Privatsecteur wëll erhalen. Kloer ass dat awer net…

Am Numm vum „Grupp vun de 77 a China“ – hei sinn eng 130, haaptsächlech Entwécklungslänner vertrueden – déi den Accord prinzipiell ugeholl hunn, huet Egypten bedauert, datt sech hei exklusiv op d‘Reduktioun vun den Emissioune konzentréiert gëtt.

Déi dréngend Besoine vun den Entwécklungslänner, géifen a kenger Hisiicht berécksiichtegt. Dës Länner ginn op e neits a widderholl als „Zweetklass-Länner“ duergestallt. Si sinn allerdéngs déi éischt Länner, déi den Impakt an d‘Konsequenze vum Klimawandel assuméiere mussen.

Interessant och, datt d‘Reegele fir de Mechanissem fir den Echange vun Emissiounsquoten, e Samschdeg d‘Verhandlunge blockéiert hunn. Brasilien huet d‘Kontestatioun ugefouert. Well de Sujet extrem technesch ass, a keen Interessi huet, ass dat ganzt op „méi spéit“ verluecht ginn.

Dat Lescht Wuert soll de Premierminister vun de Fidji-Inselen, Frank Bainimarama, hunn, deen der 23. Klimakonferenz presidéiert hat. „Eis Insel huet manner wéi eng Millioun Awunner, mir hu guer net d‘Mëttel fir wien och ëmmer ze bedreeën, oder zu eppes ze zwéngen“.

mam Catherine Hours an dem Amélie Bottolier-Depois/AFP

Foto: De Michal Kurtyka, President vun der COP24, huet um Enn vun der Konferenz senger Freed fräie laf gelooss. © Janek Skrzynski/AFP

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, COP24, Katowize, Klimawandel, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel