Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“
International Neiegkeeten

63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“

Déi 63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der

US-President kritt vu Geriicht den Ëmgang mat Twitter erkläert
International Neiegkeeten

US-President kritt vu Geriicht den Ëmgang mat Twitter erkläert

New Yorker Geriicht verbitt dem US-President, seng Kritiker op Twitter

Eist Mokelchen ass e Béier mat richteg Charakter
International Neiegkeeten

Eist Mokelchen ass e Béier mat richteg Charakter

Et gëtt och ënnert de seele gudde Béierzorten, deen een

COP25: UN-Weltklimakonferenz um Holzwee

COP25: UN-Weltklimakonferenz um Holzwee

Vill vun den 196 Länner hu sech géint Kompromësser gestallt, d‘Texter si verwässert an dat eenzegt wat sécher gewosst ass: et ass zu Madrid méi ëm déi national Politiken an dat eegent Wuelbefanne gaangen, wéi drëms Weeër ze sichen, de Klimawandel an der Grëff ze kréien, fir dat och déi nächst Generatiounen nach e „Liewen“ hunn.

An esou huet am Entworf fir d‘Ofschlosserklärung, d‘Opfuerderung am Joer 2020 d‘Ziler fir den CO²-Ausstouss nach weider ze reduzéiere keng Plaz fonnt. Fir all déi Länner wou elo scho mat de Folge vum Klimawandel ze kämpfen hunn, war dëse Passus awer wichteg. Woubäi, eigentlech hätt et d‘Ofschlosserklärung schonn um Freideg solle ginn. Mee wahrscheinlech kënnen se net anescht.

WeltklimakonferenzZwou Wochen hunn sech d‘Vetrieder vun 196 Länner, Acteure vun der Zivilgesellschaft an och eng Rei Wëssenschaftler mat der Ëmsetzung vum Paräisser Klima Accord beschäftegt. Sënn an Zweck: d‘Äerderwiermung op däitlech ënner 2°C ze halen. Dat wat et u „Fortschrëtter“ gëtt an dat wat ee gewëllt ass ze maachen, geet erwisenermoossen net duer. Et schéngt allerdéngs och keen ze wëllen.

Wa keen nolauschtert

De Sproch vum Leader vun der Schwäizer Delegatioun, Franz Perrez: „Et ass besser wa mir dëst Joer keng Eenegung beim CO²-Handel hikréien, wéi datt mir ee schlechten Accord maachen. (…) Wa mir e Beschloss faassen dee voller ‚Lastikparagraphen‘ ass, gi mir déi ni méi lass“. Sollt engem ze denke ginn. Brasilien, Saudiarabien an d‘USA waren onzefridden… dat hat awer aner Grënn.

WeltklimakonferenzD‘Cheffin vun der Weltklimakonferenz, déi chilenesch Ëmweltministesch Carolina Schmidt, war beméit d‘Natiounen zu enger konstruktiver Verhandlung ze beweegen. „Mir sinn an der Verlängerung. Mir mussen der Welt weisen datt mir liwweren, datt Multilateralismus funktionéiert“, esou d‘Carolina Schmidt, déi wéineg Gehéier fonnt huet. Mee esou leeft dat leider ëmmer of.

Wann se awer net wëllen

Dobäi geet et bei der COP25 zu Madrid eigentlech och drëms, de Programm oder Regelwierk fir den internationale Klimaschutz ze finaliséieren. 2018 konnt sech net op Reegele gëeenegt ginn, déi et de Staaten erméiglecht mat Klimaschutz-Gutschrëften ze handelen. Sinn dës Reegelen net zolidd ficeléiert, sinn se éischter kontraproduktiv. Dofir soll dann dëse „Volet“ nach emol Verluecht ginn.

WeltklimakonferenzE weidere Sträitpunkt: d‘Fuerderung vun den äermere Länner, vun den Industrienatioune beim bestriewe Moossnamen ze ergräifen an och ëmzesetzen, finanziell gehollef ze kréien. An éischter Linn ass et zu Madrid ëm d‘Behiewe vun de Schied, déi duerch Naturkatastrophen entstinn, gaangen. Hei hunn d‘USA, mee och Australien, Kanada an d‘EU keng Bereetschaft gewisen.

De Schoss net héieren

Ëmweltschützer, Klimaaktivisten a vill Acteure vun der Zivilgesellschaft sinn „enttäuscht“. Déi sëlleche Regierungen déi zu Madrid waren, hunn et op en Neits versaut an et wier ersiichtlech, datt et d‘Mënsche selwer sinn, déi sech elo mussen erhiewen, den Drock op déi wirtschaftsofhängeg Politiker mussen erhéijen. Alles wat hei zu Madrid op den Dësch geluecht gouf ass inakzeptabel.

Weltklimakonferenz

Dobäi gëtt et awer och immens vill Mënschen op der Welt, déi net an der Politik sinn oder aus reng finanziellen Interessen agéieren, an awer de Klimawandel fir dat natierlechst vun der Welt halen. Et wier ganz normal, Wieder hätt et schliisslech schonn ëmmer ginn. Et wier kee vu Mënschenhand gemaachte Klimawandel. Ugeholl, dat stëmmt, da brauch ee jo eigentlech guer näischt maachen?

mat indymedia/mad

Foto: Entsetze vun der Zivilgesellschaft iwwer den Ausverkaf vum Klimaschutz duerch katastrophal schwaach Beschlossvirlagen © Martin Kaiser, Direkter Greenpeace Däitschland

Ähnlech Sujeten COP25, Fridays for Future, Greta Thunberg, Madrid, UN-Weltklimakonferenz, UNFCCC, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel