Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Sechs Awards fir de Forrest Gump!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Sechs Awards fir de Forrest Gump!

Laf Forrest, Laf! – Allerdéngs soll en net virun de

De Weltflüchtlingsdag, erkläert
International Neiegkeeten

De Weltflüchtlingsdag, erkläert

Flüchtlingswell ass haut manner an der Press wéi virdrun. Mee

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker
International Neiegkeeten

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker

De Joreskongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker zum Thema

COP25: UN-Weltklimakonferenz geet an d‘Verlängerung

Zentralen Dissens bei de Verhandlunge vun den 196 Staaten an der EU ass net bäizeleeën

COP25: UN-Weltklimakonferenz geet an d‘Verlängerung

Eigentlech sollt bei der UN-Weltklimakonferenz (COP25) de Paräisser Accord vun 2015 ëmgesat ginn, also zumindest war et déi ugekënnegt Absicht. Et geet eigentlech drëms, d‘Äerderwiermung op ënner 2°C ze halen. Dat wat awer u Moossnamen zougesot gouf geet bei wäitem net duer.

A well se sech léiwer streiden a perséinlech Interessen duerchboxe wëllen (wann se net wéi den US-President einfach aus dem Accord erausklammen) ass et Freideg net méiglech gewiescht eppes wéi eng Ofschlosserklärung zesummegeschoustert ze kréien. Also gëtt den Ament nach „diskutéiert“.

UN-Weltklimakonferenz

Climate activist Greta Thunberg photographed on the shore in Lisbon, Portugal December 4, 2019Photograph by Evgenia Arbugaeva for TIME

Et huet zuelräich Appeller an och zolitte Protest ginn, Ëmweltschützer a Staaten hu gefuerdert, datt et endlech zu Dote kënnt, mee op deem Ouer sinn der vill daf. Net verwonnerlech, wann déi eenzeg „Erwuessen“ – gemengt ass d‘Beweegung Fridays for Future – dëse Klimasommet ofgeschriwwen hunn, nach iert et zum Ofschloss komm ass.

Déi schwedesch Klimaaktivistin Greta Thunberg (vun der Time als Perséinlechkeet vum Joer ernannt), huet an dësem Kontext gesot: „Politesch Entscheedungsträger versichen nach ëmmer virun der Verantwortung fortzelafen. Mir mussen dofir suergen datt si dat net maache kënnen“.

UN-WeltklimakonferenzAn d‘Knetzel, dat deem dommste Milliardär aller Zäiten, als Perséinlechkeet vum Joer de Rang ofgelaf huet – wat dësen zu engem Statement via Twitter animéiert huet, dee senger Perséinlechkeet esou richteg gerecht gëtt, huet d‘Welt derzou opgeruff 2020 zum „Joer vum Handelen ze maachen“.

Schwiereg, wann et wéi et e Vertrieder vu Costa Rica „verroden“ huet, d‘USA, Brasilien an Australien solle sinn, déi d‘Verhandlungen ausbremsen. An dësem Zesummenhang ass och Saudiarabien genannt ginn. Greenpeace ass entsat, wat d‘Beschlëss betrëfft déi an der Nuecht ausgeschafft goufen. Et riicht no „Desaster“

Woubäi, wann ee sech der Saach mat eppes Gedold zouwennt, vu virera Kloer huet misse sinn, datt déi Länner a Staaten, déi d‘Kraaft an d‘Moyenen hätten, déi am Paräisser Accord festgehale Mesure ëmzesetzen, weder e politescht a schonn emol guer kee wirtschaftlecht Interessi dorunner hunn.

mat indymedia/mad/nyc/bru

Foto: Et heescht et géif de Leit op d‘Nerve goen an esouguer den US-President ass sech net ze schued alles drun ze setzen, fir eng 16 järeg Teenagerin ze ridiculiséieren. Zum Gléck mat wéineg Erfolleg, och wann déi sozial Netzwierker en anert Bild zeechnen. Dobäi mécht déi jonk Schwedin genee dat, wat déi „Erwuessen“ vun der Jugend erwaarden, sech fir seng Zukunft asetzen. © Greta Thunberg (official)

Ähnlech Sujeten COP25, Fridays for Future, Greta Thunberg, Madrid, UN-Weltklimakonferenz, UNFCCC, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel