Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Büroe vun der ULC si Fuesméindeg zou!
International Neiegkeeten https://moien.lu/non-dating-sites/

https://moien.lu/ang-dating-daan-lokal-ng-quiapo/

Dir huet e Mëssel mat engem Geschäft, Sträit mat enger

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun
International Neiegkeeten https://moien.lu/non-dating-sites/

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun

No der Circulaire déi d‘COPAS (Federatioun vun de Prestataire fir

Egypten: d‘Vente vun de giele Gilete gëtt vun der Police kontrolléiert
International Neiegkeeten https://moien.lu/non-dating-sites/

Egypten: d‘Vente vun de giele Gilete gëtt vun der Police kontrolléiert

En Dënschdeg hunn eis Geschäftsleit vu Kairo op eng droleg

Optakt vun der COP25 zu Madrid

UN-Generalsekretär Antonio Guterres fuerdert onmëssverständlech op konsequent ze handelen

Optakt vun der COP25 zu Madrid

Nach iert et zu Madrid mat der UN-Klimakonferenz COP25 konnt lassgoen, huet sech den Antonio Guterres un déi gréisst Ëmweltverschmotzer adresséiert, an och den un der Konferenz deelhuelende Länner onmëssverständlech erkläert, datt et elo zu konsequentem Handele muss kommen.

Véier Joer nom Ofschloss vum Paräisser Ofkommes hätt et wuel Fortschrëtter am Kampf géint d‘Äerderwiermung ginn, mee et misst e sech der Evidenz stellen, datt déi gréisste Verpeschter eendeiteg ze wéineg Ustrengungen ënnerhuelen, esou den UN-Generalsekretär. Gemengt sinn an éischter Linn China an d‘USA, mee och Indien an Europa halen sech net un hir Verflichtungen.

Et wier allerdéngs net méiglech, ouni dës Länner an d‘EU d‘Ziler vum Paräisser Ofkommes ze erreechen. Esou huet den Antonio Guterres en Appell un déi un der Konferenz bedeelegt Länner geriicht, a vun dëse méi Éiergäiz an Féierungsstäerkt gefuerdert. Ouni eng Verschäerfung vun de Klimaziler – an dat bis Enn 2020 – an engagéiert Handelen, géif een den Ausstouss net reduzéieren.

Klimaaktiviste maachen Drock

Fuerderungen déi vun den Ëmweltorganisatiounen an de Klimaaktivisten opgeholl a gedeelt ginn. Si verfollege mat héchster Opmierksamkeet d‘Konferenz zu Madrid an hu sech virgeholl zolidd Drock op d‘Diplomaten auszeüben. Wann den Drock elo fir déi wou sech souwisou engagéiere begréissenswäert ass, esou bleift ze bedenken, datt déi Erwaardungen net liicht ze erfëlle sinn.

COP25Natierlech wäert zu Madrid, wéi bei alle virege Konferenzen nees villes Versprach ginn an dat meescht dierft och eescht gemengt sinn. Elo ass et awer genee esou wichteg ze bedenken, datt d‘Beschlëss vun der Klimakonferenz eng „gewëssen Zäit“ brauchen, bis se vun den nationale Politiken ëmgesat kënne ginn. Dobäi missten d‘Emissiounen all Joer ëm 7,6% zréckgefuer ginn.

Kann Europa sech ervirdoen?

Mat der EU-Initiativ „grénge Pakt“ sollt et méiglech aner Länner zur Reduktioun vun den Zäregas-Emissiounen ze motivéieren, mengt den UN-Generalsekretär. „Ech sinn iwwerzeegt, datt Europa an enger Positioun ass, mat China, Indien, Russland an den USA ze verhandelen“, esou den Antonio Guterres deen nach emol drop verweist, datt Klimaschutz eng kollektiv Ugeleeënheet ass.

COP25

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet sécherlech déi richteg Wierder benotzt, et gëtt awer erhieflech Zweiwel, datt déi un déi se geriicht waren, och nogelauschtert hunn. © UNFCCC

Dat huet déi nei EU-Kommissiounspresidentin ermontert vu verstäerkten Ustrengungen am Kampf géint d‘Äerderwiermung ze schwätzen. D‘Ursula von der Leyen huet zu Madrid festgestallt, datt wann d‘EU bis 2050 wëll Klimaneutral ginn, een elo direkt déi entspriechend Moossname muss ergräifen a virun allem och konsequent soll ëmsetzen. „CO² muss eppes kaschten“, esou d‘Ausso.

En entspriechend Ëmweltgesetz soll schonn am Mäerz virgestallt ginn. Domatter soll den Handel mat „Verschmotzungsrechter“ op all d‘Secteure vun der Wirtschaft ausgebreet ginn. Bis ewell sinn et nëmmen déi energiehongereg Industrien an den Energiesecteur selwer, déi dovunner betraff sinn.

E „green deal“ soll d‘Grondlag sinn

Laut dem Ursula von der Leyen soll an 10 Deeg déi nei EU-Kommissioun hire „green Deal“ – also eigentlech nëmmen eng „verännert“ Wuesstemsstrategie – op den Dësch leeën. Mat dësem „Plang“ sollen d‘Emissioune reduzéiert, Aarbechtsplaze geschafen an d‘Liewensqualitéit erhéicht ginn. Dat verlaangt massiv Investitiounen. Genannt gouf eng Billioun iwwert déi nächst 10 Joer…

Elo kléngt dat no vill Geld an et ass och zimlech sécher datt déi „Kleng“ de Gros dovunner wäerte mussen opwannen, mee mir sollten eis esou lues bewosst ginn, datt näischt maachen, eis vill méi deier ze stoe kënnt. An et ass de Spuenesche Ministerpresident Pedro Sanchez, deen et op de Punkt bréngt: „Nëmmen e Grapp voll Fanatiker verwiert sech de Beweiser fir de Klimawandel“.

Ouni mam Fanger op bestëmmte Persounen oder Länner ze weise stellt hie kloer: „Alternativ Fakte musse mat Dote bekämpft ginn. Et gëtt keng Mauer, déi iergend ee Land schütze kann, egal wéi mächteg et och ass“, esou de Pedro Sanchez, dee Europa oprifft de Leadership bei den Ustrengunge géint de Klimawandel ze iwwerhuelen. Klengt cool, mee wéini gesäit een d‘Ëmsetzung a Spuenien?

US-Dissidente beruffen sech op d‘Wëssenschaft

Obwuel den Donald Trump sech offiziell a formell aus dem Paräisser Ofkommes verdréckt huet, ass eng US-Delegatioun zu Madrid. Et handelt sech dobäi ëm d‘Demokraten, an d‘Delegatioun gëtt vun der Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi ugefouert. Si huet op dem Pedro Sanchez seng „Interventioun“ reagéiert, a ermahnt sech un d‘Erkenntnisser vun der Wëssenschaft ze halen.

COP25„Dräi Wierder beschreiwe wei mir dat uginn: Wëssenschaft, Wëssenschaft a Wëssenschaft. A vläicht véier: nach emol Wëssenschaft“, esou d‘Approche vun den US-Demokraten, déi awer och nëmmen esouwäit matgoe kënne wéi et déi national Politik zouléisst. D‘Nancy Pelosi ënnersträicht déi moralesch Verantwortung déi hir Partei géintiwwer den zukünftege Generatiounen huet.

Vum Donald Trump ass jo och gewosst, datt hie d‘Fuerschungsresultater vun der Wëssenschaft net fir glafwierdeg hält. Woubäi een sech natierlech net engersäits fir d‘Ausbeutung vun de fossillen Energien asetzen, amerikanesch Wirtschaftsinteresse verdeedegen a gläichzäiteg d‘Mënschheet virum verdierwe schütze kann. Hien ass schliisslech dem Kapital géinteniwwer verantwortlech.

Wann d‘Mënschheet sech nei orientéiert

Verweise mir dann nach am Kontext vun der Klimakonferenz op eng Rei Warnungen, déi vu villen ONGen ëmmer nees ausgeschwat ginn. Si weisen drop hin, datt d‘Mënschen net méi nëmmen aus wirtschaftlechen oder konfliktuelle Grënn hir Heemechte verloossen. Duerch klimabedéngt Katastrophe wäert et zu weidere Migratiounswelle kommen, déi och mat Waffen net opzehale sinn.

Un der COP25 huelen eng 29.000 Mënschen aus 200 Länner deel. Déi war wéinst den Onrouen am Chile am leschten Ament verluecht ginn. Déi Delegéiert hu sech zum Zil gesat, bis 13. Dezember déi am Paräisser Ofkommes opgestallte Regelen endgülteg festzeleeën. D‘Betounung läit hei op „hu sech d‘Zil gesat“ well esou wierklech gleeft kee méi drun, datt ausser Blabla och Dote follegen…

Zanter dem Kyoto Protokoll (1998) an bis iwwert dat ominéist Paräisser Ofkommes, huet et keng UN-Klimakonferenz ginn, bei där net substantiell Verbesserunge versprach goufen. Vu groussen Investitioune bis hinn zu Verännerungen am Ëmgang mat Ressource, näischt ass ausgelooss ginn. Leider ass de Fortschrëtt esou minimal, datt et vill Optimismus brauch nach Hoffnung ze hunn…

mat indymedia/mad

Foto: D‘UN-Klimakonferenz COP25 huet zu Madrid hir Dieren opgemaach. Et gëtt sech, wéi déi zwee Joerzéngte virdrun, nees „beméit“ et besser ze maachen, also zumindest gëtt versprach datt ënner Ëmstänn alles besser gëtt. Et wier un der Zäit ze handelen, esou de Motto vun dësem Event. © UNFCCC

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, Antonio Guterres, COP25, IPCC, Klimawandel, Madrid, UN-Klimakonferenz, UNFCCC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel