Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den LCGB hätt gäre vum Finanzminister e puer Erklärungen
https://moien.lu/dating-someone-with-glasses/

Den LCGB hätt gäre vum Finanzminister e puer Erklärungen

An dësem Fréijoer, ginn eng gréisser Unzuel vu bestuete Steierzueler

canada online dating free
https://moien.lu/dating-someone-with-glasses/

us dating sites free

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um

250 Milliounen Euro Steiervirdeel, einfach esou…
https://moien.lu/dating-someone-with-glasses/

250 Milliounen Euro Steiervirdeel, einfach esou…

Et gëtt där Deeg, do kanns de der just nach

CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft

CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft
© Shari Pleimelding/moien.lu

Gëschter hunn am fréien Nomëtteg nees zuelräich Gemengen d’Charta zur Zesummenaarbecht fir de CoPil Natura 2000 „Mamer-Äischdall-Gréngewald“ ënnerschriwwen. No enger éischter Ried beim Syndicat des Eaux du Sud (SES) zu Käerch, sou wéi enger klenger Erfrëschung bei dëse waarmen Temperaturen ass weider an den Härebësch gaangen.

„Mir sinn am gaangen eisen eegenen Aascht ofzeschneiden“, sou d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, déi sech dëse wichtegen Dag net entgoe loosse wollt. Mir mussen eis Natur erhalen an eng Approche an d’Zukunft maachen, sou datt d’Ministesch sech immens houfreg weist, datt elo schonn déi 5 vun 8 Chartaen ënnerschriwwe ginn ass. Am Juni waren et den Atert-Warkdall an de Mëllerdall, déi sech dësem Projet fir den Naturschutz ugeschloss hunn.

Mat hirer besonnescher Biodiversitéit, déi vu Bëscher, Grotten an zuelräiche Waasserleef gepräägt ass, gehéiert dës Regioun zum natierlechen, historeschen a kulturelle Patrimoine.

CoPil

© Shari Pleimelding/moien.lu

Ziler vum CoPil

Mam Comité de Pilotage Natura 2000 soll d’Naturschutzgesetz vum 18. Juli 2018 konkret ëmgesat ginn. Virgesi sinn 8 Copilen a ganz Lëtzebuerg. Natura 2000 ass dobäi ee gemeinsame Reseau un Naturschutzzonen, déi op Grond vun der Direktiv „Habitats“ am Joer 1992 entstanen ass. Heibäi ginn och d’Zonë mat abezunn, déi duerch d’Direktiv „Oiseaux“ entstane sinn, sou datt d’Iwwerliewe vun den diversen Aarten a Liewensraim laangzäiteg geséchert gëtt.

Zu Lëtzebuerg mëscht de CoPil momentan 27,13 % vun der Fläch aus an erstreckt sech op 70.171 Hektar. Am Reseau Natura 2000 sinn 48 Zonen „Habitats“ an 18 Zonen „Oiseaux“ abegraff.

D’Kompositioun vum CoPil „Mamer-Äischdall-Gréngewald“

Zesummegesat gëtt de Comité an dëser Géigend vu Representante vun de Ministèren, de regionale Verwaltungsservicer (Nature et Forêts, Waasser, Landwirtschaft), sou wéi de 15 betraffe Gemengen. Dozou gehéieren Habscht, Helperknapp, Kielen, Käerch, Koplescht, Lëntgen, Luerenzweiler, Lëtzebuerg, Mamer, Miersch, Nidderaanwen, Stengefort, Steesel, Stroossen a Walfer.

Dobäi kommen nach 2 interkommunal Syndikater fir d’Natur: SICONA-Zentrum a SICONA-Osten. Och Landwirten a landwirtschaftlech Conseillere vun der Landwirtschaftskummer, Gruppe vun de Fierschter, den FSC Luxembourg – Fir ee nohaltege Bësch, regional Sektioune vun natur&ëmwelt, de Mouvement Écologique, sou wéi de regionalen Office de Tourisme gi mat abezunn. Mat sengen zuelräich Quellen an den Zonë vum Natura 2000 gehéiert natierlech och de Syndicat des Eaux du Sud (SES) dobäi.

CoPil

© Shari Pleimelding/moien.lu

Beim CoPil „Mamer-Äischdall-Gréngewald“ ass d’Presidentin d’Carole Sinner, Bësch-Ingenieur am Sëtz vun der Direktioun vun der Administratioun vun der Natur an de Bëscher.

D’Ziler sinn et elo fir

  • Informatiounen un d’Haaptacteure ginn a si sensibiliséieren
  • D’Planung, d’Koordinatioun an d’Ëmsetzung vun de Gestiounspläng vun Natura 2000 an der Direktiv vum Waasser ze garantéieren
  • De lokalen Acteuren hir Responsabilitéiten ze weisen an hir Aktioune mat deene vun den Administratiounen ze koordinéieren
  • D’Promotioun vun der Produktioun, déi den Ziler a Gestiounspläng gerecht ginn, ënnerstëtzen
  • Eng Vereinfachung vun der Ëmsetzung vun de Kontrakter ze erzilen
  • D’Formulatioun vu Recommandatioune fir de Ministère, op Basis vu regionalen Erfarungen, opzestellen
CoPil

© Shari Pleimelding/moien.lu

Mat Häerz bei der Saach

Am Härebësch ass den zuelräiche Gäscht méi zu de Gréngflächen, de Liewensraim a senge Bewunner gezielt ginn. Esou hunn d’Carole Sinner an de Fierschter erkläert, datt d’Bëscher, d’Hielen, d’Flëss an d’Grotten een eenzegaartegt Bild ofginn. Hei fillen sech de Biber, d’Wëllkaz, d’Mauereidechs, d’Fliedermaus a Co hei besonnesch wuel. Mee och déi gefliggelt Kollegen, wéi den Äisfull, de Milan oder och de Schwaarzstorch sinn oft an der Géigend ze fannen.

An esou wëll ee sech duerch dëse CoPil fir d’Natur an d’Déieren an der Regioun asetzen, beispillsweis géint déi invasiv Aarten ukämpfen, d’Liichtverschmotzung reduzéieren an Erhuelungszonen, sou wéi och natierlech Reservater schafen.

Wie sech iwwregens iwwert den Numm wonnert, den Härebësch war – wéi den Numm et scho seet – fréier ëmmer de Bësch vun den Hären, bis e schliisslech bei enger Stee am Joer 1935 opgedeelt ginn ass. De Fierschter, dee scho säit 40 Joer a genau dësem Mier u Beem a Planzen aktiv ass, freet sech iwwert d’Bëschbild, wat dauernd ännert a soumat zum dynamesche Liewensraum gëtt.

Nom Ënnerschreiwe vun der Charta vun den zuelräichen Acteuren ass et am Steebroch uewen um Härebësch nach eng kleng Stäerkung ginn, ier et nees zeréck an de Büro gaangen ass.

Ähnlech Sujeten Äschdall, Carole Dieschbourg, Carole Sinner, CoPil, Gréngewald, Mamer, Natur, Natura 2000, SES, SICONA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel