Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schlass Drachenburg – eng heemelesch Residenz mat magescher Ambiance
Stories

Schlass Drachenburg – eng heemelesch Residenz mat magescher Ambiance

Et ass d’Schlass Neuschwanstein beim Rhein: Drachenburg ass eng Mëschung

What the Fakt – 20 Joer Columbine-Massaker zu Colorado!
Stories

What the Fakt – 20 Joer Columbine-Massaker zu Colorado!

Am Bluttrausch hu si 13 Schüler an ee Prof erschoss,

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?
Stories

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?

Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill. Do kann

CoPil-Mëllerdall: Staark Acteure fir méi Liewensqualitéit

CoPil-Mëllerdall: Staark Acteure fir méi Liewensqualitéit

D‘Natura-2000 Zone vum „Pilotage-Comité Natura 2000 Mëllerdall“ kënnen sech op eng ganz aussergewéinlech Biodiversitéit beruffen. Déi charakteriséiert sech duerch d‘Bëscher, Fielsser, Grotten, Quellen an e sëlleche Baachen. Och net ze ënnerschätzen, den natierlechen, historeschen a kulturelle Patrimoine. Dat alles ze erhalen, ass eng Erausfuerderung un all déi regional Acteuren.

An dësem Kontext ass et dem Ëmweltministère seng Missioun, méiglechst all d‘Acteuren, op Associatioun oder staatlech Institutioun, mee och d‘Entreprisen an d‘Bierger, an déi nohalteg Gestioun an d‘Entwécklung vun alle dëse multifunktionelle Raim anzebannen. Dat ass dann och déi eigentlech Aufgab vun de Pilotage-Comitéen Natura 2000 (CoPil) déi eist Land opweise kann.

Elo ass datt alles net einfach esou vum Himmel gefall. Zanter Jore gi vill Ustrengungen ënnerholl, fir regional Plattformen ze schafen, déi derzou bäidroe sollen, datt déi berechtegt ekologesch, sozial, wirtschaftlech, regional a kulturell Besoine berécksiichtegt a méiglechst harmoniséiert kënne ginn. Zudeem ass et Bestanddeel vum neien Naturschutzgesetz (18. Juli 2018).

Déi muss een ënnert een Hutt kréien…

Alles an allem si laut Gesetz 8 Pilotage-Comitée virgesinn. No dem CoPil „Al Minett-Standuerter“, „Éislek“ an „Atert-Warkdall“ ass esou de 6. Juni d‘Charta zur Zesummenaarbecht fir de CoPil „Mëllerdall“ ënnerschriwwe ginn. An dofir gouf sech eng vun de besonnesch schéine Plazen aus der Regioun ausgesicht: d‘Kallektuffquell am Marscherwald. An hei geet et masseg „Acteuren“.

CoPil

Keen Invité hätt sech dës Ënnerschrëftszeremonie am Marscherwald entgoe gelooss. A wéi ee weess, et gëtt kee „schlecht Wieder“ nëmmen déi falsch Kleedung. © Martine de Lagardère/moien.lu

De CoPil Mëllerdall setzt sech zesummen aus de Vertrieder vun de verschiddenen implizéierte Ministèren, de regionale Servicer an natierlech den Administratiounen: Waasserwirtschaftsamt, Natur & Bëscher (ANF), Landwirtschaftsamt an der Stroossebauverwaltung (Ponts & Chaussées), wéi de Representanten aus den 12 betraffene Gemengen(¹) an dem Naturpark Mëllerdall.

Mat am Boot sëtzen och Vertrieder vun der Landwirtschaftskummer, der „CONVIS“, dem Verband vun der Forstwirtschaft, der Federatioun vun de Jeeër an de Fëscher, esou wéi och Leit aus dem „Kompensatiounsfong“. Agebonne sinn och déi regional Antenne vun „Natur & Ëmwelt“, dem MECO, den regionale LEADER-Büro, esou wéi och d‘Schutzgemeinschaft „Kleng Schwäiz“.

CoPil Mëllerdall: wat sinn d‘Missiounen?

Fir de Pilotage-Comité gëtt et fir unzefänken 6 grondsätzlech Missiounen: 1) d‘Informatioun an d‘Sensibiliséierung vun den ënnerschiddlechen Acteuren, esou d‘Gemengen, d‘Baueren an déi grouss Ëffentlechkeet am Zesummenhang mat den Objektiver an den Erausfuerderungen. 2) d‘Planung, d‘Koordinatioun an de Suivi vun den Natura 2000 Pläng der Waasser Direktive.

3) D‘Responsabiliséierung vun de lokalen Acteuren an d‘Koordinatioun vun hiren Aktioune mat deene vun dem Administratiounen. 4) D‘Fërderung vun de Produktiounsfilièren déi d‘Gestiounspläng ënnerstëtzen. 5) D‘Erliichterung vu vertragleche Moossnamen. 6) D‘Formuléierung vu Recommandatiounen un d‘Ministesch opgrond vu regionalen Erfarungen.

CoPil

Den Thierry Kozlik, deen um Ministère den Dossier Natura 2000 fest am Grëff huet, konnt mat villen Detailer an Informatiounen, déi Delegéiert an d‘Signataire beandrocken. © Martine de Lagardère/moien.lu

An dësem Kontext ass et och net vu Muttwëll dem CoPil, nieft dem Direkter a President, och e sougenannten „Animateur-Gestionaire“ zur Säit ze stellen. De Rôle vun der Persoun ass et als Intermediaire den Uspriechpartner fir all Acteur ze sinn, a sech ëm de Suivi vun de Moossnamen déi geplangt goufen ze këmmeren. Si soll och iwwert déi finanziell Hëllefen informéieren…

Iwwert den Ëmfang…

Dem CoPil Mëllerdall säin Aktiounsradius zitt sech iwwert 4 Natura 2000 Zonen: Dall vun der schwaarzer Iernz, Dall vun der wäisser Iernz, Dall vun der Ënnersauer an den Hierber-Bësch. Dat ass ëmmerhin eng Fläch vun 11.335 Hektar. E puer „detailléiert“ Beräicher sollen dobäi eppes méi besonnesch berécksiichtegt ginn, esou och d‘Ourdall, vun Ouren bis Wallenduerfer-Bréck.

CoPil

Et waren der vill, mee déi allermeeschte konnte mir nach op der Foto ënnerdaach bréngen. Elo ass et un hinnen hirer Ënnerschrëft op der Charta Dote follegen ze loossen.© Martine de Lagardère/moien.lu

Eng 60% vun der Fläch si Bëscher déi zu zweedrëttel dem Staat gehéieren. Si sinn d‘Heemecht vun der „Waldbuche“ (Asperulo-Fagetum). D‘Fielsser, d‘Grotten, d‘Quellen an déi vill Baachen, mee och d‘Bongerten an d‘Dréchewise gehéieren zu de Schutz-Prioritéiten. Bei den Déieren ass et eng Flantermaus, déi als „Grousst Mausouer“ (Myotis Myotis) bekannt ass a geschützt muss ginn.

Dat gëllt och fir den nërdleche Kammmolch (Triturus Cristatus), e Schwanzlurch deem et bei eis gutt gefält. Mee och de grousse Feierfalter (Lycaena Dispar), ee ganz besonnesche Pimpampel an och d‘Wëllkaz, muss grad ewéi eng ganz Rëtsch u Vullenaarte virum mënschlechen Ongemaach geschützt ginn. Gestioun vun de „Visiteuren“, Liichtverschmotzung a villes méi ass geplangt.

… a wou een de Goss hierhëlt

Wa mir dat richteg verstanen hunn, ginn déi sëlleche Moossnamen aus zwee Fonge finanzéiert an dat bis zu 100%. Fir d‘Renaturéierung vun de Baache gëtt et de Waassergestiounsfong a fir de Rescht den Ëmweltfong. D‘Subside fir d‘Verbesserung vun der Gestioun vun den Ökosystemer „Bësch“ sollen dann och ëm 10% ugehuewe ginn. An eng ganz Rei weider Hëllefen si virgesinn.

CoPil

Si huet sech engagéiert a verléiert zu kengem Ament hir Ziler aus den Aen. Gemengt ass eis Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng), déi grouss Stécker op déi nei Synergien hält, an d‘Pilotage-Comitéë mat all hiren Acteuren zu méi Ëmwelt- an Aarteschutz motivéiert. © Martine de Lagardère/moien.lu

D‘Ëmweltministesch, Carole Dieschbourg, huet bei der Zeremonie nach emol drop higewisen, datt et wichteg déi strategesch Ëmsetzung vum Projet mat méiglechst vill Kommunikatioun ze begleeden. Et geet hei schliisslech ëm eng konzertéiert Aktioun un där sech de Bierger bedeelege soll. De Schutz vun der Natur a senger Aartevillfalt ass nëmme méiglech wa mir all matmaachen.

Esou sollt een eppes houfreg op déi äerdeg Ministesch sinn, där et gelongen ass eng Dynamik an dat ganz eranzebréngen, déi esouvill ënnerschiddlech Acteure mat vill Begeeschterung ugeholl hunn an matdroen. Déi hei geschafe Synergien erméigleche Projeten un déi ee sech nach bis viru Jore kaum getraut hätt erunzegoen. Wien sech engagéiert, deem gëtt gehollef. Och dat ass Naturschutz…

Foto: D‘Kallektuffquell am Geopark Mëllerdall ass eng vun de Pärelen an der Regioun. © Martine de Lagardère/moien.lu

¹ Ärenzdall, Bech, Beefort, Bäerdref, Konsdref, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Iechternach, Reisduerf, Rouspert-Mompech, Waldbëlleg.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, CoPil Mëllerdall, Marscherwald, Natura 2000, Naturpark Mëllerdall
Nächsten Artikel Virrechten Artikel