D’EU kënnegt nei Investissementer a Verträg mat Kuba un
Déi europäesch Ausseministesch Frederica Mogherini huet um Donneschdeg matgedeelt, datt
Déi europäesch Ausseministesch Frederica Mogherini huet um Donneschdeg matgedeelt, datt
Et gëtt Wanter an d‘Feierdeeg weisen hir kal Nues, firwat
Am gemeinsame Communiqué vu LCGB an OGBL heescht et, datt
D’Aktivitéite si limitéiert op Disziplinnen, déi net Doheem an/oder dobaussen praktizéiert kënne ginn. Visiteure sinn net erlaabt. D’Trainingen lafen no engem detailléierte Plang of, déi vum LIHPS an den techneschen Direktere vun de Federatiounen ausgeschafft gi sinn. Wichteg ass et, datt déi verschidde Sportler an Trainer sech esou wéineg wéi méiglech iwwert de Wee lafen.
De Charles Grethen beim Training an der Coque © Coque
D’Selectioun vun de concernéiert Sportaarten ass dobäi vum Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL), a Kollaboratioun mam Luxembourg Institute for High Performance in Sports (LIHPS) an op Basis vun der Perspektiv vun enger olympescher Qualifikatioun gemaach ginn. Déi verschidden ugebueden Disziplinne kënnen zu all Ament, jee no Besoin änneren.
D’Aktivitéite vun der Coque gi konform zum groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2020 nees opgeholl. Dobäi mussen déi verschidde Virsiichtsmoossnamen am Kampf géint de Covid-19 respektéiert ginn. Heizou hunn den LIHPS, de COSL, d’SLMS, de Sportsministère an d’Coque ee gemeinsamen Accord ausgeschafft, sou datt d’Lëtzebuerger Elite-Sportler sech a Sécherheet op déi zukünfteg Competitiounen virbereede kënnen, a Form bleiwen an hirer Haaptbeschäftegung nogoen dierfen.
Opmaacherbild: © Coque