Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De François Bausch fält nees aus der Roll
Meenung Neiegkeeten

https://moien.lu/paramedic-dating-patient/

De baupsegen Toun, deen de François Bausch géintiwwer dem Deputéierte

online dating site in switzerland
Meenung Neiegkeeten

Dräi Kaperole vereedegt

En Donneschdeg goufen um Härebierg dräi Beruffszaldoten am Grad vum

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn
Meenung Neiegkeeten

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn

An de leschte Méint vun der Campagne zur Presidentschaft an

Vun engem eemolege Fauxpas zu engem systemateschen Interessekonflikt

Vun engem eemolege Fauxpas zu engem systemateschen Interessekonflikt

Schonn erëm huet d’Corinne Cahen sech an hirer Funktioun als Familljeministerin fir hiren eegene Schongbuttek agesat. Mir stellen eis folgend Froen:

  • Ass et deontologesch vertrietbar dat eng Ministerin hiren offiziellen Email-Account benotzt fir sech fir hiren eegene Schongbuttek anzesetzen?
  • Däerf et iwwerhaapt sinn dat en Ministerin permanent an iwwerall (iwwer sozial Reseauen, iwwer Bréiwer un de Geschäftsverband) Reklamm fir hire Buttek mëscht a sech fir d’finanziell Interesse vun hirem Geschäft asetzt?
  • Hunn mer hei net en flagrante Conflit d’intérêts oder souguer en abus de pouvoir?
  • Wat ass eigentlech der Madamm Cahen hir Roll an dësem Schong-Buttek haut?

E Ministerposten däerf op alle Fall kee Self-service Buttek si fir privat Interessien ze förderen! Mir fuerderen dowéinst Familljeministerin op ze klären anwiefern si nach aktiv an d’Gerance vu hirem Schongbuttek agräift.

An hirem Schreiwes gouf och gesot dat Madamm Cahen 15.000-20.000 a Werbung investéiert huet. An wei enger Funktioun huet si dat gemaach? An ass déi Aktioun op hir Initiative hin zréckzeféieren oder op Propose vun hirem Gerant? Am Kader vu méi Transparenz froe mir eis och wéi vill Geld vum Schongbuttek un Madamm Cahen gefloss ass wärend hirer Zäit als Ministerin. Dëse Fall wéisst op e Néits dat d’Regierung et mat der Transparenz net ganz sou Eescht hellt.

Mir fuerderen dowéinst och d’Regierung op de Code de déontologie schnellstméiglech unzepasse fir dat esou Fäll wéi elo dee vun der Madamm Cahen an der Zukunft en kloren Conflit d’intérêts duerstellen a verbuede gëllen.

Matgedeelt vum CSJ – Déi Jonk an der CSV

D’Meenung vun de Parteien ass hir eegen.

Ähnlech Sujeten Corinne Cahen, CSJ, Familljeministesch, Interessekonflikt, Regierung, Schongeschäft, Transparenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel