Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Riseg Pëtrolsquell am Iran entdeckt
Neiegkeeten

Riseg Pëtrolsquell am Iran entdeckt

Eng Pëtrolsquell mat engem Potenzial vu geschätzt 53 Milliarde Barrel,

Jemen: Kampf ëm Hodeida
Neiegkeeten

Jemen: Kampf ëm Hodeida

E Freideg waren d‘Kämpf an der Hafestad Hodeida (Weste vum

D’Kreativindustrie ass zwar kleng, awer ze ënnerstëtzen
Neiegkeeten

D’Kreativindustrie ass zwar kleng, awer ze ënnerstëtzen

Moler, Schrëftsteller, Architekten a Museker – wat hunn si all

Corona: Ausgrenzung an Aggressivitéit? (Lieserbréif)

Corona: Ausgrenzung an Aggressivitéit? (Lieserbréif)

De 19. Mäerz sinn ech aus Thailand erëm komm. Hat nach Chance, de leschte Fliger iwwer Wien, dat war Zoufall, eben esou gebucht. Een Dag méi spéit géif kee reguläre Fliger méi vu Bangkok aus op Wien fléien, hu mir gesot krut. Ech war scho staark an der Ongewëssheet, ob mir iwwerhaapt nach kéinten Heem kommen. Hu mech bei der Ambassade zu Bangkok ëmfrot (e frëndlecht Gespréich, huet awer wéineg gehollef. Ausser der Nummer vun der Austrian Airline an Thailand sinn ech do net vill gewuer ginn. A bei Austrian war et “All eis Linne si besat” …), de Reesbüro an d’Luxair kontaktéiert, a sinn esouguer en Dag virdrun op de Fluchhafe gaange fir ze froen, ob de Fliger op Wien garantéiert wier well och do nees keen iwwer Telefon eppes soe konnt.

D’Hotline vum Ministère ugeruff: Am Ausland geet déi net, huet mer dono och e Mann aus dem Ministère selwer gesot. Ech hat eben dohin ugeruff. Et konnt mir awer weider näischt gesot ginn. Eng Remark doriwwer, dass och Leit am Ausland Froen hätten, an onsécher wieren, a wat d’Erreechbarkeet vun der Hotline ugeet, hunn ech einfach mol misste lassginn. Dunn eng Mail un de Gesondheetsministère an un d’Madamm Minister geschriwwen. Äntwert koum schnell, just zimlech bedierfteg, ongeféier esou: “Kuckt, dass Dir esou schnell wéi méiglech heem kommt”.

Ech war an Thailand praktesch déi 3 Woche vu mengem Openthalt um Land, am Duerf, bei de Baueren, an do war keen esou e Stress a keng esou eng Panik wéi hei. Jiddefalls hunn ech um Land an och déi 2 leschten Deeg zu Bangkok en éischter normaalt Liewe gefouert. An engem grousse Buttekskomplex zu Bangkok gouf de Leit Temperatur fir era gemooss, mä da si mir do an e Restaurant gaangen, an och nach an aner Butteker an deem Komplex. Mir hate Masken op, an Desinfektiounsmëttel benotzt, an d’Personal och.

Sécher, do hunn d’Leit och Angscht. Wien huet déi net? Mä muss ech mech hei domm umaache loosse, well dat ass déi Erfarung wou ech elo schonn e puer mol an där kuerzer Zäit gemaach hu wou ech nees heiheem sinn. D’Liewe geet weider. Ech passen op déi aner op an ech passen och op mech op. Méi kann ech net maachen, a wann “eng duerchsickert”, ech et kréien resp. eventuell ech dann och en aneren infizéiere sollt, dann ass et eben esou. Wat kann ech dann drun änneren?

ECH SI NET AM PRISONG. An ech si grouss an al genuch fir selwer responsabel ze handelen, an ech denken, dass ech dat esouwäit och maachen, a mech dofir awer och elo net ganz limitéieren, a just doheem setze bleiwen, an e Menü per Telefon komme loossen. Ech muss och mol bis an e Buttek eppes kafe goen, an do gëtt een dann domm bekuckt well een eng Mask ophuet, vun deene Leit, déi selwer keng Mask ophunn, an déi mengen ech wier dofir eng Gefor fir si oder well si vläicht wëssen, dass ech kierzlech aus Thailand erëm komm sinn. Dobäi misst ech hei bestëmmt méi fäerten, dass aner Leit mech kéinten ustieche, well et schéngt sech hei jo méi rasant ze entwéckele wéi an Thailand!

Déi Aggressivitéit an Ausgrenzung, wou de Moment ënnert de Leit present ass, dat geet mir op de Nerv. Elo sinn ech nach guer net laang hei am Land, an ech hunn awer scho ferm gemierkt wat hei leeft. An dat wäert leider eréischt den Ufank sinn? Wann dat do esou weider geet, da froen ech mech, wat méi schlëmm ass, déi Aggressivitéit an dat Behuele vu gewësse Leit, oder de Virus? Nee Merci, ech hu kee Bock op total Panik, an op Ausgrenzung, an op déi Frechheet wou ech vu verschiddene Leit gewise kréien. An ech si net deen eenzegen, deen dat seet.

Vun deem Behuele vu gewësse Leit hu mir och schonn Bekannter erzielt. An an den soziale Netzwierker vernennt anscheinend een deen aneren, an et ginn etlech respektlos, rassistesch, idiotesch Aussoen a Scholdzouweisungen gemaach. Wat soll dat? Si mir nach ziviliséiert? Leeft et gläich op total Anarchie eraus? Also, dir léif Leit, et ass sécher schlëmm, mä wann dir vu “Solidaritéit an Hëllefsbereetschaft” asw. wëllt schwätzen, dann haalt Iech och drun, a weist den anere Leit net wéi domm an arrogant an egoistesch dir sidd! Merci.

Wann dat hei esou weidergeet, da bedaueren ech, dass ech heihi komm sinn. Ech wier da léiwer an Thailand bliwwen, well hei froen ech mech, ob d’Gefor fir mech net méi grouss soll sinn, an dat Verhale vu verschiddene Leit einfach respektlos an och inakzeptabel ass. A wann ech gesinn, wéi domm an aggressiv verschidde Leit hei sinn, a wéi eng Panik herrscht, da kréien ech just nëmmen d’Flemm. Haut hunn ech héieren, dass d’Gewalt doheem géif zouhuelen. (A net nëmmen doheem, hei schloe sech jo Leit de Kapp a fir e Rullo Pabeier) Ech duecht éischter, d’Leit wiere méi verstänneg, a géife sech elo vläicht méi mat der Léift beschäftegen… Mä dat schéngt leider nëmmen e Wonschdenken ze sinn?

A nee, ech hu kee Féiwer, an och keng aner Symptomer, ech gi mat enger Mask an e Buttek, an hunn och nach Desinfektiounsmëttel matbruecht (wat jo hei leider ganz rar Artikele sinn), an ech wëll einfach nëmmen, trotz deene schwéieren Ëmstänn, en eenegermoosse normaalt Liewe féieren, ouni domm ugemaach, an ausgegrenzt ze ginn, an dass Leit jäizen, ech soll Ofstand halen, obwuel ech bestëmmt 4 Meter vun hinnen ewech sinn. Ech ka net dofir, dass et esou ass!

E Bierger dee sech Froe stellt

Ähnlech Sujeten Ausgrenzung, Coronakris, Coronavirus, Covid-19, Fliger, Fluchgesellschaft, Gewalt, Idiotie, Lieserbréif, Panik, Prisong, Quarantaine, Reesen, Respekt, Thailand, Toilettepabeier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel