Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mëttelmier: Spuenescht Séinoutrettungsschëff dierf Italien ulafen
Neiegkeeten Stories

Mëttelmier: Spuenescht Séinoutrettungsschëff dierf Italien ulafen

Well de fréieren italieneschen Inneminister a Patron vun der faschistescher

Äddi Jay, du waars net keen!
Neiegkeeten Stories

Äddi Jay, du waars net keen!

Do hätt sech de Kinneksbond kee besseren Numm fir dës

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 10. November
Neiegkeeten Stories

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 10. November

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

Corona, meng Depressioun an ech

Corona, meng Depressioun an ech

D’Welt steet stëll – an ech sprangen am Dräieck. Wien mäi Buch “Lieweg” kennt, weess dass meng Protagonistin Laura mat Depressiounen ze kämpfen huet. Gutt, et ass e fiktive Roman, mä mir hu vill Ähnlechkeeten. Och ech hu gutt a schlecht Deeg. Ech ginn zou dass ech ufanks de Geck mam Coronavirus gemaach hunn, e war wäit ewech. Mir haten eis eege Problemer. Mä bemol ware mir Lëtzebuerger och betraff, et ass séier gaangen.

D’Noriichten hunn en décke Knuet a mengem Mo hannerlooss. Et war, et ass seriö. Mir musse sécherheetshallwer doheem bleiwen, d’Butteker sinn zou. Just dat allernéidegst ass erlaabt. Well ech mir d’Isolatioun dacks selwer eraussichen, duecht ech, ech hätt keng gréiss Problemer mat der Verännerung, ma ech hu mech geiert. Et ass en anert Gefill wann et op Uerder vun der Regierung passéiert.

Mir fält d’Decken op de Kapp, ech denke vill no. D’Wunneng gëtt all Dag méi kleng. USA, Italien, Frankräich, Spuenien an Däitschland huet et ferme erwëscht, ech hoffen all Dag op dat Bescht. Bei deene fuerchtbaren Noriichte komme mir meng Depressioune kleng vir. Bedeitungslos. Ech schumme mech. A sinn hëlleflos. Ech suerge mech vill – net nëmmen iwwert de Krankheetsverlaf op der Welt, mä och ëm d’Mënschen. Wat ass wa mir net zesummenhalen? Wann d’Situatioun just dat Schlechtst an de Leit ervirbréngt? Brécht dann alles auserneen?

A wat hunn ech fonnt? Solidaritéit, Léift a Matgefill. Toleranz. Mir halen zesummen, kämpfen géint de Virus. De perséinlechen Egoismus ass manner ginn. Muncher schaffen un der Front, anerer vun doheem aus. All eenzelen zielt. Ech fannen dass d’sozial Distanz eis méi no bruecht huet – komescherweis. Mir ginn méi douce mateneen ëm, passen openeen op. Et ass tréischtlech, ech sinn net méi eleng.

Ass et ok, wann ech mech iwwert mäi Gléck freeën? Laachen a schéi Momenter erliewen? Jo – ass et! Mir hunn genuch z’iessen, de Frigo ass voll, mir hunn en Dach iwwert dem Kapp, keen Krich, Netflix a Bicher. Mir liewen am Géigesaz zu anere Länner am Iwwerfloss.

Corona huet eis Léiergeld ginn!

Mir mussen net nëmmen besser op eis, mä och op onse Planéit oppassen. Wéi wär et wa mir wärend onse Spadséiergäng opraume géingen? D’Welt Stéck fir Stéck propper maachen? E Virbild sinn? Wann net fir eis, da fir eis Kanner an zukünfteg Generatiounen. Mir musse méi dacks u schéine, faarwege Blumme richen, an d’Stäre kucken. D’Vergaangenheet gesinn an d’Géigewaart bewosst erliewen. De Moment genéissen a positiv denken. Et ass en Neiufank fir eis all, eist klengt Land ass staark!

Ech wëll net politesch ginn, mä ech denken, dass mer zefridde mat eiser Regierung kënne sinn. Si ënnerstëtzt a fänkt eis op. Ech hunn Hoffnung – dass mir d’Kris iwwerstoe wäerten an eis dono an d’Ae kënne kucke mam Wëssen, dass mir dat Bescht draus gemaach hunn. Hoffentlech behale mir dës positiv Liewensastellung bäi, se bewierkt Guddes. Et ass e bëssen ewéi mat de Gebridder Kain an Abel aus der Bibel – mir kréie siwemol zeréck, wat mir ginn hunn. Schlechtes ewéi och Guddes.

Bei eis gëtt net um 8 Auer owes geklappt fir Merci ze soen. Ech ka mir gutt virstellen, dass dat net jidderengem gefält. Dofir wëll ech dës Zeilen notze fir mech z’entschëllegen. Mir hunn den Aarbechter a Medezinner, déi sech elo den Aasch fir eis oprappen ze wéineg Respekt gewisen. Se als selbstverständlech ugesinn, ma vu mir wäert Dir an Zukunft déi néideg Unerkennung kréien. Mir decidéieren a wéi enger Gesellschaft mir liewe wëllen!

Ech sinn am gaangen d’Kéier ze kréien, an de sozialen Netzwierker sinn ech méi aktiv an ech hu wëlles méi op meng Matmënschen anzegoe wa mir erëm aus dem Haus däerfen. Ech wëll meng positiv Astellung net méi opginn. A besser liewen. Verantwortung iwwerhuelen.

All Dag genéissen – elo hunn ech verstanen, dass et och de leschte kéint sinn. Ech hunn Pläng an Dreem. An ech si prett se ëmzesetzen. Ech freeë mech drop, mir ass bewosst dass sou munches eng Erausfuerderung wäert sinn, ma dat ass et derwäert.

Ech wënschen eisem Land nach etlech negativ Tester an de Betraffene Courage. An ech hoffen, dass mir eis nei gewonne Wäerter an der Fräiheet net vergiesse wäerten. Bleift gesond!

Kuerz gesot

Vill Leit, déi mat Depressioune geplot sinn, wäerten net esou empfannen – jidderee geet anescht mat dëser Katastroph ëm. Ech hu Chance. Wann et Iech net gutt geet, frot no Hëllef.

Vun elo un kann een och op der Corona Hotline (8002-8080) psychologesch Ënnerstëtzung kréien, tëscht 7 an 19 Auer si Spezialiste fir een do!

Dës Telefonsnummere sinn och nëtzlech:

Femmes en détresse: 40 73 35

Elterentelefon: 2664 0555

Kannerjugendtelefon: 116 111

Illustratioun: © Tammay Gann / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Depressiounen, Gléck, Hoffnung, Léift, Zesummenhalt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel