Search

You may also like

Fir eng Verfassungsreform ouni de Bierger
Meenung Neiegkeeten

Fir eng Verfassungsreform ouni de Bierger

Gëschter huet nees déi parlamentaresch Kommissioun vun den Institutiounen an

Friddens- a Solidaritéitsplattform: Klimaschutz braucht Ofrëschtung!
Meenung Neiegkeeten

Friddens- a Solidaritéitsplattform: Klimaschutz braucht Ofrëschtung!

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg rifft de 27. September um 15:00

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann

Se gehéiert zu eisem Alldag. Et dierf een se bei

Corona-Moossnamen: Jo zu méi Virsiicht am ëffentleche Raum, Nee zum Agrëff an d‘Privatsphär

Corona-Moossnamen: Jo zu méi Virsiicht am ëffentleche Raum, Nee zum Agrëff an d‘Privatsphär

D‘ADR deelt d‘Suerge vun der Regierung ëm déi weider héich Zuelen am Ëmfeld vum COVID an ass besonnesch der Meenung, datt alles muss gemaach ginn, fir eng Iwwerlaaschtung vun de Spideeler ze verhënneren. D‘ADR trëtt dowéinst konsequent fir d‘Stäerkung vum Gesondheetssecteur an. Mir hu viru kuerzem deng deementspriechend Gesetzespropositioun gemaach.

D‘ADR erënnert drun, datt den éischte Confinement de ausschliisslechen Zweck hat d‘Spideeler virun enger Iwwerlaaschtung ze schützen. Aacht Méint méi spéit ass d‘Situatioun nees änlech, esou datt d‘Fro erlaabt ass, wat d‘Regierung gemaach huet, fir d‘Spideeler besser virzebereeden an d‘Personal ze entlaaschten.

D‘ADR constatéiert, datt d‘Altersmoyenne vun der Persounen, déi um oder mam Coronavirus verstuerwe sinn, iwwert déi lescht Woche bei 83,7 Joer läit. Dowéinst ass et wichteg, cibléiert Moossnamen ze huelen, déi eis eeler Matbierger, déi am meeschte menacéiert sinn, schützen. D‘ADR privilegiéiert dowéinst prioritär eng Strategie fir de Schutz den eelere Leit géintiwwer aneren, méi allgemenge Moossnamen. All Moossnamen an dës Richtung mussen awer den eelere leit e mënschewierdegt Liewen erlaben an net zu enger Isolatioun vun der Famill an de Frënn féieren, wéi dat am éischte Confinement de Fall war.

D‘ADR ass op aller Fall dergéint, Betriber vum Horesca-Secteur zouzemaachen. Am Fall, wou d‘Regierung trotzdeem dës Decisioun géing huelen, hale mir drop, datt déi betraffe Betriber dofir vollstänneg kompenséiert ginn. Weder Faillitten nach méi Aarbechtslosegkeet däerfen d‘Konsequenz vun esou Moossname sinn, an de partielle Chômage muss anstandslos weidergefouert ginn!

D‘ADR fuerdert, d‘Ausgläichszuelung bei Kuerzaarbecht am private Secteur op 100% vum gehalt festzeleeën, amplaz 80% wéi elo. Dat wär eng sozial gerecht Moossnam, déi d‘Kafkraaft géing stäerken.

Bei de Preventiounsmoossnamen insistéiert d‘ADR op déi am Prinzip limitéiert Zoustännegkeet vum Staat op den ëffentleche Raum. Agrëffer an déi perséinlech Fräiheeten, besonnesch och an d‘Liewe vun de Leit doheem, si fir d‘ADR an dëser Sitautioun net ze vertrieden. D‘ADR widderhëlt dowéinst hir Oppositioun géint eng Ausgangsspär an och géint all Reegel, déi de Leit virschreift, wéi si sech an hirem private Doheem ze verhalen hunn. Et muss der perséinlecher Aschätzung an der Eegeverantwortung vun de Bierger iwwerlooss bleiwen, wéi vill Leit si bei sech doheem wëllen empfänken.

En Agrëff vum Staat an d‘Liewe vun de Leit ass anormal. De Bierger soll sech senge Rechter a Fräiheete bewosst bleiwen. D‘ADR warnt virun der gesellschaftlecher Entwécklung, datt staatlech Agrëffer an d‘Privatliewe kéinten als eng Normalitéit ugesi ginn. Fir d‘ADR däerfen déi perséinlech Fräiheeten an d‘Recht, normal ze liewen, keng affer vun dëser sanitärer Kris ginn.

Matgedeelt vun der ADR – D‘Meenung vun de Partien ass hir eegen

Illustratioun: © Gayatri Malhotra / unsplash

Related topics adr, Covid19-Moossnamen, Fräiheeten, Grondrechter, Privatsphär
Next post Previous post