45. US-President hält Ried zur Lag vun der Natioun
Et ass ewell fir d‘Zweet an dësem nach jonke Joer
Et ass ewell fir d‘Zweet an dësem nach jonke Joer
Vum Bitcoin gëtt an der Làscht vill geschwat. China huet
Als grousst Treffen a Plattform fir jonk KënschtlerInnen dréit déi
Elo kéinten divers Evenementer verluecht, oder och ganz ofgesot ginn. D’Openeentreffe vu Mënschemasse verstäerkt de Risiko zur schneller a groussflächeger Iwwerdroung vum neie Coronavirus, wouduerch d’Recommandatioun vun der Santé zum gesondheetleche Schutz vun der Bevëlkerung bäidroe soll. Et geet allerdéngs net nëmmen dorëm, déi potentiell Transmissioun vun der Longekrankheet ze reduzéieren, mee och weiderhin de sougenannte Contact-Tracing garantéieren ze kënnen.
Ofgesot sinn zu Lëtzebuerg ënnert anerem de Relais pour la Vie, déi 25. Editioun vum Postlaf oder och d’Escher Kavalkade. De Spring-Break gouf an de Juli 2020 verluecht. D’Aktivitéite vun de Schoule, Geschäfter, Entreprisen, Supermarchéen, Restauranten, Caféen an dem ëffentlechen Transport sinn net concernéiert.
Nodeems e Sonndeg de 5. Fall vun enger infizéierter Persoun, déi vun hirer Rees aus dem Elsass erëm komm ass, bestätegt ginn ass, koum gëschter een éischte Fall vun enger Infektioun vun engem Grenzgänger, mat Wunnsëtz a Frankräich, dobäi. Ugestach huet hie sech a Frankräich, wou hien och zur aktueller Stonn behandelt gëtt.
Am Kader vum Weltnierendag um 12. Mäerz 2020 war zu Lëtzebuerg ee Sensibiliséierungsdag an divers Konferenze geplangt. D’Spidol Robert Schuman um Kierchbierg huet elo, duerch d’Evolutioun vum Coronavirus, d’Manifestatioun ofgesot, fir esou all Risiko vun der Kontaminatioun ze vermeiden. Fir de Moment gesäit et awer esou aus, wéi wann den Aktiounsdag mat sengen Aktivitéiten um Donneschdeg am Centre Hospitalier du Nord (CHdN) bäibehale gëtt. Geplangt sinn Fréierkennungstester zu Nierekrankheeten, wéi och een Informatiouns- a Sensibiliséierungsstand.
Zur selwechter Geleeënheet mobiliséiert sech de Centre Hospitalier Émile-Mayrisch (CHEM) zu Esch-Uelzecht an informéiert vun 8:00 bis 16:30 Auer an der Entrée iwwert déi verschidden Nierenerkrankungen an Risikofacteuren. Zudeem proposéiere si ee gratis Screening mat Kontroll vum Bluttdrock, dem Bluttzocker, engem Urintest an enger medezinescher Anamnes.
Opmaacherbild: © Kaleb Nimz/Unsplash