E flotte Schoulkomplex erhéicht d‘Freed um léieren
Um Mëttwoch ass an der Strooss Charles IV zu Lëtzebuerg
Um Mëttwoch ass an der Strooss Charles IV zu Lëtzebuerg
Vill Leit sinn iwwerzeegt, datt eng Aarbechtsplaz bei enger vun
Mä natierlech ass och beim Lëtzebuerger Roude Kräiz d’Sécherheet garantéiert, wat ganz detailléiert op hirem Internetsite erkläert. Et ass esou sécher ewéi am Spidol. A manner sécher ewéi am Supermarché! D’Liewen ass souwisou en eenzege Risiko.
Net bei d’Rout Kräiz ze goen, ass menger Meenung no eng Ausried – d’Spender gi jo och akafen, schaffen oder den Tank fëllen. Schued, ech hu geduecht, et géing méi solidaresch am Land zougoen …
Natierlech ginn et Ausnamen. Och hei heescht et déi vulnerabel Leit ze schützen, a bei positivem Kontakt mat Coronapatiente 28 Deeg laang waarden. Amplaz bei de McDonalds oder an de Globus ze fueren – setzt Iech dach einfach an den Auto a loosst Iech e bësse Blutt ofhuelen. Et ass fir e gudden Zweck. Do muss ech einfach un de gesonde Mënscheverstand appelléieren.
© Rout Kräiz Lëtzebuerg / Facebook
Natierlech hunn ech beim Roude Kräiz nogefrot, ewéi d’Situatioun den Ament ass, an ech muss zouginn, datt ech e bëssen ze pessimistesch war. Et gesäit nämlech guer net esou schlecht aus. Den Här Vincent Ruck (Chargé de communication) huet mir e puer wëssenswäert Informatioune ginn.
D’Aktivitéiten an de Klinicken si manner ginn, awer net ganz agestallt. Dat heescht, datt de Stock vu Bluttprodukter (Bluttkierperche, Plättercher a Plasma) méi geréng ka sinn ewéi normalerweis. Et ass trotzdeem noutwenneg weiderhin ze spenden, fir datt de Gesondheetssystem déi Krank a Blesséiert weider behandele kann.
© Rout Kräiz Lëtzebuerg / Facebook
D’Reaktiounen op de Spendenopruff den 19te Mäerz waren aussergewéinlech. Spender, déi schonn ugemellt waren, hunn sech direkt gemellt fir ze hëllefen. Ausserdeem goufen et vill nei Umeldungen: An dräi Wochen huet d’Rout Kräiz esou vill Neier registréiert ewéi soss an engem normale Joer.
Wärend menge Recherchen ass mir zu Wuert komm, datt eng Persoun fir seng Bluttspend eréischt am August e Rendezvous géing kréien. De Grond heivir: Fir d’éischt muss een e Koup Froe beäntwerten, natierlech a Begleedung vum engem Medeziner. Dobäi ass den Interview méi laang an detailléiert, ewéi fir d’Leit déi scho gespent hunn.
© Rout Kräiz Lëtzebuerg / Facebook
Den Datum fir en éischte Rendezvous ass wéinst zwee Grënn esou wäit ewech:
Duerch de Confinement si mir geüübt Gedold hunn. Ech recommandéieren: Wann Dir Blutt spende kënnt, maacht et!
Weider Informatiounen zum Blutt spenden, wéi och Äntwerten op déi meescht gestallte Froe fannt Dir ënnert dondusang.lu.