Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Stad Lëtzebuerg ass en touristesche Bijou
south africa gay online dating

D‘Stad Lëtzebuerg ass en touristesche Bijou

Wann et och sécherlech seng Aufgab ass, de Gäscht déi

https://moien.lu/matchmaking-overwatch/
south africa gay online dating

Keng Neiwahle virum Brexit

Um leschte Sëtzungsdag virun der Zwangspaus wollt de Boris Johnson

Irak: Kampf ëm Tal-Afar, Héichbuerg vum IS bei Mossul
south africa gay online dating

Irak: Kampf ëm Tal-Afar, Héichbuerg vum IS bei Mossul

Den Haider al-Abadi, irakesche Premierminister, huet an der Nuecht vun

Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus

Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus

Wärend der Coronakris kommen engem jo essentiell Froen zu de verschiddensten Aktivitéiten. Ma esou ass et och a Saache Juegd. Heizou huet de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung fir Kloerheet gesuergt.

D’Praktizéiere vun der Juegd bleift weiderhin erlaabt. D’Konditioun ass allerdéngs, datt et beim Exercice keng Gruppéierunge vu méi Persoune gëtt an den néidegen Sécherheetsofstand vun 2 Meter tëscht all Persoun agehale gëtt.

Wat d’Schied duerch Wëllt ugeet, esou bezitt ee sech op den Artikel 49 vum Gesetz vum 25. Mee 2011 zur Juegd (Le collège des syndics doit en vue d’un arrangement à l’amiable convoquer le déclarant, le locataire de chasse et l’opposant à comparaître en personne ou par mandataire sur les lieux du dommage. Le représentant de l’État est convoqué chaque fois que le fonds spécial est mis à contribution. La visite des lieux doit avoir lieu endéans un délai de quinze jours à partir de la déclaration du dommage.)

Wéi ee gesäit, musse concernéiert Persounen keng Visitt am Grupp maachen. Zënter dem Ufank vun der Coronakris huet d’Natur- a Bëschverwaltung ANF folgend Moossnamen opgestallt:

Wie vu Schied duerch Wëllt betraff ass, dee soll eleng an, wa méiglech, nach um selwechten Dag d’Plaz besichen. Ass en schrëftlech oder verbal Deklaratioun beim Sekretaire-Tresorier agaangen – esou ass et am Artikel 48 virgesinn – kann eng individuell Visitt organiséiert ginn, fir esou eng éischt Aschätzung zu de Schied ze maachen, wéi et och am Artikel 50 zum relative Juegdgesetz virgesinn ass.

Iwwert Telefon oder eng Applikatioun ka schliisslech diskutéiert ginn, fir een Arrangement ze fannen. Duerch dës Aart a Weis kënnen déi meescht Dossiere gereegelt ginn. Sollt ënnerhalb vun engem Mount nodeems d’Deklaratioun vun der benodeelegter Persoun gemaach ginn ass keng Léisung fonnt sinn, geet den Dossier un de Friddensriichter. Hien decidéiert dann déi verschidde Prozeduren mat eventuelle weidere Visitten um Terrain.

Opmaacherfoto: © Sebastian Pociecha / Unsplash

Ähnlech Sujeten ANF, Artikel, Coronakris, Coronavirus, Déieren, Ëmweltministère, Juegd, Natur- a Bëschverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel