Search

You may also like

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat
International Neiegkeeten

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat

Fir de russesche Chefdiplomat Sergey Lavrov ass d‘Verëffentlechung vum Gespréich

Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
International Neiegkeeten

Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?

Ronn 500 Männer a Fraen haten dësem Rendez-vous zougesprach, bei

exit RACISM: Eng rassismuskritesch Rees fir ze lauschteren
International Neiegkeeten

exit RACISM: Eng rassismuskritesch Rees fir ze lauschteren

Nodeems 2017 dem Tupoka Ogette säi Buch exit RACISM: rassismuskritisch denken

Coronavirus 2019-nCov a Frankräich confirméiert

Coronavirus 2019-nCov a Frankräich confirméiert

Et war ze erwaarden, nodeems bekannt gemaach gouf, datt sech den neiaartege Coronavirus, deen zu Wuhan ausgebrach ass, séier géif verbreeden, och Europa vun der Infektioun impaktéiert géif. Elo goufen déi éischt dräi Fäll am Frankräich gemellt. Eng Persoun ass zu Bordeaux am Spidol an zwou weider Persoune sinn zu Paräis hospitaliséiert ginn.

Nodeems déi franséisch Gesondheetsministesch Agnès Buzyn en Dënschdeg nach zouversiichtlech war, datt kaum Gefor bestoe géif, si bei eisen Noperen déi éischt dräi Infektiounsfäll gemellt ginn. Géintiwwer de Medien, huet d‘Agnès Buzyn erkläert, datt d‘Autoritéiten alles géifen ënnerhuele fir ze verhënneren, datt sech de Virus weider verbreet, mee mat weideren Infektioune wier ze rechnen.

Gewosst ass, datt de Patient vu Bordeaux vun enger Rees aus China – bei där hien och zu Wuhan passéiert ass – zréckkomm ass. Och béid zu Paräis hospitaliséiert Persoune sinn aus China komm. „Mir sinn drun, de Wee vun dëse ‚positive‘ Patienten ze verfollegen an nozevollzéien, fir mat all deene Mënsche Kontakt opzehuelen, déi mat hinnen a Beréierung komm sinn“, esou d‘Ministesch.

Si huet och annoncéiert, datt nom aktuelle Wëssensstand, d‘Inkubatiounszäit tëscht 2 an 12 Deeg läit. Interessant: Laut de Ministesch konnten déi éischt Fäll an Europa séier festgestallt ginn, well déi zoustänneg Servicer ganz séier ee Virentest entwéckelt hunn an een esou an der Lag de Virus zäitno ze identifizéieren. Déi franséisch Gesondheetsministesch geet vun enger Epidemie aus.

Rotschléi sinn ëmmer da gutt wa sech dru gehale gëtt

Fir eng weider Verbreedung vum Coronavirus méiglechst ze verhënneren, huet d‘Agnès Buzyn eng Rei Recommandatiounen ausgeschwat: Mënschen, déi mat infizéierte Persounen a Kontakt komm sinn musse regelméisseg hir Temperatur préiwen, bei Symptomer den Noutruff kontaktéieren an virun allem doheem bleiwen, fir all weidere Kontakt ze vermeiden.

„Fir d‘Voyageuren déi aus China zréckkommen ass et wichteg opmierksam ze sinn. Och geréngst Unzeeche vun Otemnout oder Féiwer soll een net op déi liicht Schëller huelen. Et ass net fir an d‘Urgencen ze goen, mee et soll een d‘Ambulanz ruffen. Déi kommen een da sichen“, esou de Message vum Agnès Buzyn, déi selwer Doktesch ass. Op d‘Leit dës Message verstanen hunn?

An den USA ass nom éischte Fall – de gouf zu Seattle gemellt – e weideren Infektiounsfall notéiert ginn. Dës Kéier bei enge Persoun déi aus Wuhan zu Chicago ukomm ass. Den Zenter fir d‘Kontroll an d‘Präventioun vu Krankheeten (CDC) huet d‘Informatioun bestätegt a léisst weider wëssen, datt zur Stonn 62 Verdachtsfäll an 22 US-Bundesstaaten iwwerpréift ginn.

Weltgesondheetsorganisatioun alarméiert awer net beonrouegt

Vu Genève, dem Sëtz vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) heescht et, datt ee wuel mat enger Hausse vun den Infektiounen a China ausgeet, et awer nach vill ze fréi wier, fir eng „gesondheetlech Noutlag vun internationalem Ausmooss“ auszeruffen. Domadder sinn elo déi lokal Autoritéite gefuerdert, fir déi Preventivmoossnamen ze ergräifen déi si fir ugemooss halen.

A China sinn laut den offizielle Meldungen, 41 Mënschen dësem neiaartege Coronavirus (2019-nCov) erleeën a mindestens 1.300 sollen infizéiert sinn. Datt sinn der 30% méi wéi nach e Freideg gemellt goufen. An der Provënz Hubei ass ënnert den Affer en Dokter ze bekloen. D‘Regierung huet drastesch Restriktiounen agefouert an déi meescht Feieren zu Neijoerschdag goufen ofgesot.

Lëtzebuerg ass keng Insel an och bei eis gëtt d‘Entwécklung opmierksam verfollegt. D‘Direktioun vun der Santé ass entspriechend alarméiert an huet eng Rei Consignen ausginn. Well de Fluchhafen eis Dier zur Welt ass, an op aneren EU-Fluchhäfen e Monitoring scho stattfënnt, wollte mir vu Lux-Airport wësse wéi eng Mesure si ergraff hunn. Do ass awer keen an de Lag eng Äntwert ze ginn.

mat indymedia/par/gva/chi/tpe

Illustratioun: Gundula Vogel / Pixabay

Related topics 2019-nCoV, China, Coronavirus, Infektiounskrankheet, Wuhan
Next post Previous post