Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!
Meenung Neiegkeeten

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!

Mir sti kuerz virun den Europawahlen an esou huet elo

Lëtzebuerg eruewert de Weltall
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerg eruewert de Weltall

Mir haten et Mëtt-August grouss ugekënnegt: Lëtzebuerger Schüler sollten engem

Zu Esch Uelzecht gi Beem geplanzt
Meenung Neiegkeeten

Zu Esch Uelzecht gi Beem geplanzt

Naturschutz a Klimaplang geet eis alleguerten un, an am beschten

Coronavirus: Weider total Intransparenz vun der Regierung an der Koppel Lenert-Meisch

49 Kanner, esou eng Etüd déi um Freideg 14. August virgestallt ginn ass, hu sech an der Schoul mam Coronavirus Covid19 ugestach. Déi schlecht Kommunikatioun tëscht Gesondheets- an Educatiounsministère geet virun.

Coronavirus: Weider total Intransparenz vun der Regierung an der Koppel Lenert-Meisch

Nodeems d‘Paulette Lenert (LSAP) an de Claude Meisch (DP) iwwer Communiquéë gestridden haten, wat e „Cluster“ a wat en „Infektiounsherd“ ass, schléit déi gemeinsam Pressekonferenz vu gëschter dem Faass de Buedem aus. Nach den 23. Juli huet dat ganz anescht geklongen, wéi den Educatiounsminister op der Antenn vu RTL behaapt huet, an der Schoul hätt sech kaum ee mam Coronavirus ugestach:

Et gëtt drun erënnert datt, an dat bis op e puer seele Fäll wou den Zweiwel besteet, keng eenzeg Infektioun duerch eng Schoul passéiert ass; op den Dag vun haut, hu mir kee Beweis, datt et zu enger Iwwerdroung vum Covid19 am schoulesche Kontext zu Lëtzebuerg komm ass”. (RTL 23. Juli)

D‘ADR hat ëmmer nees virun engem fréizäitegen Enn vun der „Schoul doheem“ an duerno virum zesummeleeë vun den A- a B-Gruppe gewarnt. Elo weist sech däitlech, datt d‘ADR Recht hat an datt dem Minister Meisch seng Politik onverantwortlech war a bleift!

ADRD‘ADR verlaangt, datt den Educatiounsminister Meisch endlech seng Verantwortung iwwerhëlt an datt d‘Regierung mat den Oflenkungsmanöver ophéiert an net weider versicht d‘Wourecht ze verstoppen. D‘ADR fuerdert, datt d‘Rentrée vum Schouljoer 2020/21 elo op eng seriéis Manéier virbereet geet.

Dozou gehéiert onbedéngt och d‘Méiglechkeet, d‘Klassesäll grëndlech ze lëften, well sech de Virus jo och iwwert Aerosole weider verbreet. Verlaangt gëtt och d‘Upassung vun der Zuel vun de Schüler pro Klass un d‘Gréisst vun de Klassesäll, esou wéi och d‘Anhale vun den Distanzen an de Klassen.

Fir vulnerabel Persounen ze schützen, sollt d‘Méiglechkeet vun der „Schoul doheem“ weidergefouert ginn. D‘ADR erënnert, datt all d‘Decisiounen am Virfeld vun der Schoulorganisatioun musse ganz séier geholl ginn, fir d‘Planungssécherheet vun de Gemengen a fir hir Schoulkommissiounen net mat Aarbecht ze iwwerlaaschten

matgedeelt vun der ADR (Parlamentaresche Grupp), d‘Meenunge vun de Parteie sinn hir eegen

Note: E puer geréngfügeg Korrekturen, wéi och d‘Iwwersetzung vum originelle RTL-Zitat, si vun eiser Mataarbechterin Laure Schlesser virgeholl ginn. Den Original-Text hu mir hei ugespéngelt.

Illustratioun: Et muss keng Schouluniform sinn, mee esou en T-Shirt schéngt zur Rentrée ee passend Kleedungsstéck ze sinn© Belinda Fewings / unsplash

Ähnlech Sujeten adr, Claude Meisch, Coronavirus, Paulette Lenert, Schoulrentree
Nächsten Artikel Virrechten Artikel