Search

You may also like

Et herrscht politesch Onsécherheet no de Walen an Italien
International Neiegkeeten

Et herrscht politesch Onsécherheet no de Walen an Italien

Déi riets Koalitioun huet an Italien no de Walen d‘Nues

What the Fakt – Dem Picasso säi „Guernica“ iwwerlieft een Attentat
International Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Picasso säi „Guernica“ iwwerlieft een Attentat

Bei engem Akt vu Vandalismus ass dem Pablo Picasso säi

Nationalarchiv: den Depot um Helleggeescht-Plateau ënner Waasser
International Neiegkeeten

Nationalarchiv: den Depot um Helleggeescht-Plateau ënner Waasser

Dobausse brécht d‘Wieder all Temperaturrekorder an et herrscht Dréchent. Do

Coronavirus: Zuel vun den Affer hëlt weider zou

An Tëschenzäit sinn a China iwwer 700 Mënschen um „2019-nCov“ verstuerwen

Coronavirus: Zuel vun den Affer hëlt weider zou

An de leschte 24 Stonnen si 86 Persounen un de Folge vun der Infektioun duerch den neiaartege Coronavirus gestuerwen, esou d‘Matdeelung vun der chinesescher Gesondheetskommissioun um Samschdegmueren. Mat Ausnam vu fënnef Fäll stamen d‘Affer all aus der Provënz Hubei, wou d‘Longekrankheet ausgebrach ass. Domadder sinn a China bis ewell 724 Mënsche gestuerwen…

Mee och d‘Zuel vun den Infektioune klëmmt rasant. Eleng fir ee Freideg, sinn 3.399 nei Fäll vun den Autoritéite gemellt ginn. Domadder sinn elo a China méi wéi 34.500 Mënsche vum 2019-nCov infizéiert. De Virus deen am Dezember zu Wuhan (Provënz Hubei) opgetaucht ass, gëtt vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) mat grousser Opmierksamkeet verfollegt.

Coronavirus

Weltwäit sinn an engen 30 Länner Infektioune gemellt ginn an vill Natioune versichen elo hir Bierger aus China zréckzehuelen. Wien d‘Chance huet evakuéiert ze ginn, muss sech allerdéngs op eng Quarantaine vu 14 Deeg astellen. Domadder soll eng Ausbreedung verhënnert an eng séier Behandlung vu méiglechen Infektioune séchergestallt ginn. Eng seriéis Bedreeung besteet net.

Kontradiktiounen an Ermëttlungen nom Dout vun engem chineseschen Dokter

Nom Dout vum Dokter Li Wenliang, deem Medeziner deen zäiteg virum Ausbroch vun dësem neiaartege Virus gewarnt hat, huet d‘Zentralregierung Ermëttler op Wuhan entsandt. Den Dokter war sengerzäit vun der Police gewarnt ginn, an huet näischt méi zur Krankheet dierfe soen. Elo ass bekannt datt hie selwer infizéiert war an esou och un dëser Longekrankheet verstuerwen ass.

CoronavirusZu Peking ass de President Xi Jinping awer weiderhin zouversiichtlech. De Kampf géint de Virus wier elo a senger entscheedender Phas, dat ganzt Land ass mobiliséiert an et goufen drastesch Moossnamen ergraff fir d‘Epidemie anzedämmen. Dat schéngt sech mat den Aussoe vun der WHO ze decken, déi ausser vun de besonnesch staark betraffene Gebidder, d‘Lag als stabil astuuft.

Experte ginn zudeem dovunner aus, datt Mëtt nächster Woch den Zenith vun der Epidemie kéint erreecht sinn. Zu Lëtzebuerg huet bis ewell nach kee Fall ginn. Vun der Direktioun vun der Santé sinn dann och keng weider Moossnamen, wéi déi bereets ugekënnegt virgesinn. Et besteet deemno kee Grond zur Panik, woubäi et natierlech raisonnabel ass, och weiderhin op sech uecht ze doen.

mat indymedia/tpe/gva

Foto: D‘Zuel vun deen Infektiounen hëlt an der chinesescher Provënz Hubei weider zou. Den Dokter dee virun der Pandemie gewarnt huet, ass en der tëscht selwer dem Virus erleeën. Well dësen opgefuerdert gouf säi Mondwierk an der Gitt ze halen, gëtt et eppes Onmutt an de sozialen Netzwierker – och wann dës Posts „séier“ geläscht ginn. © Xinhua

Related topics 2019-nCoV, China, Coronavirus, Epidemie, Longeninfektioun, Wuhan
Next post Previous post