Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Wee sinn déi gréisste Privat-Employeuren zu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten Stories

Wee sinn déi gréisste Privat-Employeuren zu Lëtzebuerg?

Un der Spëtzt steet de Group Post Luxembourg mat ronn

Eng ganz sportlech Leeschtung
International Neiegkeeten Stories

Eng ganz sportlech Leeschtung

Leschte Freideg ass d‘Aktioun „Mam Vëlo op d‘Schaff“ (MVOS) ofgeschloss

Feieren an danzen bis an d’Nuecht eran – Mir ginn an de MELUSINA
International Neiegkeeten Stories

Feieren an danzen bis an d’Nuecht eran – Mir ginn an de MELUSINA

1984 ass de Ronald Reagan US-Präsident ginn, d’Ghostbusters hunn am

Coronavirus: Wéi gesäit et fir Afrika aus? (just esou e Gedanken)

Coronavirus: Wéi gesäit et fir Afrika aus? (just esou e Gedanken)

Och vum sougenannte schwaarze Kontinent, der Schatzkummer vun den industrialiséierte Länner, sinn d‘Noriichten éischter Schlecht. Ëmmer méi Länner mellen Infektiounsfäll, mee et kann ee se net wierklech zielen. Esou eppes wéi ee Gesondheetssystem gëtt et net wierklech, och wann elo Südafrika, Nigeria a de Senegal hei vill Efforte realiséiert hunn. A medezinescht Personal huet et och kaum. An de meeschte Länner besteet de Gesondheetssystem aus den Hëllefsorganisatiounen.

Wärend sech de Coronavirus vu China aus séier iwwert de Globus verdeelt huet, ëmmer méi Natiounen d‘Pandemie wouer geholl an entspriechend Moossnamen ergraff hunn, war Afrika, bis op déi üblech Konfrontatioune mat islamisteschen Terroristen, kee „Coronavirus-Thema“. Dat huet sech elo geännert, nodeems d‘Republik Kongo an de Simbabwe éischt Infektiounsfäll an Affer bekannt ginn hunn. Afrika, d‘Suergekand vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), ass steet mam Réck zur Wand. Vill Länner géife gären dem WHO-Direkter, Tedros Adhanom Ghebreyesus, sengem Rotschlag: „Dat bescht wier sech op dat schlëmmst virzebereeden, a schonn haut domadder unzefänken“ nokommen, mee afrikanesch Politik an déi sëllege Konflikter loossen dat net zou.

CoronavirusD‘John-Hopkins Universitéit an den USA, déi fir zouverlässeg Informatioune renomméiert ass, muss bei enger Analys zu Afrika passen. Fir eng Rei Länner, wéi Ägypten zum Beispill wier dat nach „verhältnesméisseg“. An de meeschte Länner ass et dogéint bal onméiglech un Donnéeën ze kommen, déi e realistescht Bild zouloossen. Gewosst ass awer datt de Covid19 um schwaarze Kontinent ukomm ass an do elo säin Onwiesen dreift. Et heescht wuel och hei, datt Jugendlecher a jénger Leit éischter „liicht“ betraff wieren, mee wierklech wëssen? Wien sech just „schlecht“ fillt rennt an Afrika net bei den nächsten Dokter, dee gëtt et nämlech oft guer net, ausser et huet e Gléck a et gëtt an der Noperschaft e Standuert vun enger westlecher Hëllefsorganisatioun.

Mee dat dierft fir déi wou et méi schlëmm trëfft, also op intensiv Soinen ugewise sinn, e kuerzt Gléck ginn. Wann iwwerhaapt, wäert an deene meeschte Fäll, déi eenzeg Hëllef déi méiglech ass, d‘Stierfbegleedung sinn. Ausgangsspären, Hygiènesmesuren a villes méi, dat eis wuel schwéier fält awer nach erdréiglech ass, dat alles léisst ënnert den allerbeschte Viraussetzungen nëmmen an e puer Metropolen ëmsetzen. An dat huet Konsequenzen: esou mussen déi afrikanesch Länner sech op en enormen Zouwuess vun den Infektiounsfäll an nach méi Affer astellen. Medezinesch huet kee Land dem Covid19 eppes entgéintzestellen. Och dës Kris muss vu bausse bewältegt ginn. An déi vun „Dobaussen“ si grad eppes mat eegene Krise beschäftegt, firwat et nach méi schlecht ausgesäit.

CoronavirusWéi soll Afrika, wann ee bedenkt dat ee sougenannte PCR-Test (domadder gëtt no geneteschem Material vum Virus gesicht) net Kaddo ass, d‘Analys zudeem Zäit an Usproch hëlt an dat pro Test e puer honnert Euro kënnen ausmaachen, eleng Flächendeckend teste kënnen? Dat ass schlicht onméiglech an esou wäerten, wann am Summer d‘Pandemie an Afrika wäert hiren Héichpunkt erreecht huet, nees Biller op der Tëlee ze gesi sinn, wou Mënschen op de Stroosse stierwen, elendeg, ouni iergendeen, deen um leschte Meter d‘Hand hält an Trouscht spent. Dat schlëmmst un dëser Feststellung ass net datt et wäert passéieren, datt schlëmmst ass datt mir eng Matschold hunn.

Zanter iwwert engem Joerhonnert – och wann de Länner esou eppes wéi Onofhängegkeet zougestane ginn ass – beuten d‘Industrielänner si op déi eng oder aner Aart a Weis aus, ouni sech, bis op hir sougenannt „Hëllefsprogrammer“ och nëmmen eng fir Grondsätzleches anzesetzen. Si hunn, statt de Länner ze hëllefen ee richtegt Gesondheetssystem no ze bréngen, sech déi sëllegen Hëllefsorganisatioune verlooss, statt fir richteg Spidoler ze suergen a hinnen Zougang zu de Medikamenter ze erméiglechen. De neokolonialistesche Gedanken ass esouwuel politesch wéi och wirtschaftlech motivéiert. Dat dierft eng Opportunitéit sinn, déi sech d‘Chinesen net wäerten entgoe loossen. Peking wäert zur richteger Zäit agräifen an d‘Kubaner dierften dann och schonn do sinn…

Foto: Zu Accra (Ghana) rëschten si sech fir d‘Mäert ze desinfizéieren an der Hoffnung esou de Virus opzehalen. Mee et ass wuel besser dat ze maache wéi d‘Hänn ganz an de Schouss leeën. © Municipality of Accra (handout)

Ähnlech Sujeten Afrika, Coronavirus, Covid19, Gesondheetssystem, Hëllefsorganisatiounen, Pandemie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel