Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Haart gejaut, schlecht iwwerluecht
International Neiegkeeten

Haart gejaut, schlecht iwwerluecht

Am Juni hat den US-President Donald Trump ugekënnegt, aus dem

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet
International Neiegkeeten

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet

Et war spéit gi gëschter um Krautmaart a schold dorunner

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“
International Neiegkeeten

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“

Um Campus vun der „University of North Carolina“ sinn zwou

Coronavirus bréngt Australien Massenaarbechtslosegkeet a Rezessioun

Coronavirus bréngt Australien Massenaarbechtslosegkeet a Rezessioun

D‘Land dat op eiser Säit och emol Scherzhaft „Down Under“ war nach bis viru wéinege Wochen dat wat een ee Wirtschaftswonnerland. Wéineg Chômage, ee Wuesstem ëm 3% pro Joer… an du koum de Coronavirus Covid19.

Et gëtt mëttlerweil Biller an Australien, déi grad de Jonken Australier befriemlech Virkommen. Virun den Diere vun den Aarbechtsämter dinn sech honnerte Meter laang Schlaangen op, kaum ee Gesiicht an deem net Angscht, Onsécherheet oder Verzweiwlung ze erkenne wier. Déi meescht déi hei an der Rei stinn, hunn an hirem ganze Liewen nach keng Sozialhëllef bezunn…

Coronavirus

Obwuel Australien offiziell net am „Lockdown“ ass, sollt ee sech besser net ouni gudde Grond dobaussen ophalen, d‘Strofe wann se fale sinn drastesch. De Scott Morrison, Premierminister a Member vun der radikal-kathoulescher Päischt-Beweegung hat schonn am Kontext vun de Buschbränn zolidd Kritik missen an elo, mat der Pandemie, déi d‘Wirtschaft zum erleeë bréngt, bréicht et ee Leader kee Freak deen un déi gëttlech Apokalyps gleeft.

An de leschten zwou Wochen hu wäit iwwert eng Millioun Australier hir Aarbecht verluer, Enn nächster Woch wäerten duebel esouvill Leit getraff hunn. De Chômagetaux war an Australien „virun der Kris“ eisem änlech. Mat ëm déi 5%, déi saisonsbedingt liicht variéiert hunn, hunn d‘Australier ëmmer gäre vu „Vollbeschäftegung“ geschwat, elo gëtt et Massenaarbechtslosegkeet.

Si hate vum éiwege Wuesstem gedreemt

Wann d‘Gréisstenuerdnungen och net déi selwecht sinn wéi hei zu Lëtzebuerg, esou ass awer op där anerer Säit vun der Weltkugel vum éiwege Wirtschaftswuesstem gedreemt ginn. Australien kritt eng Rezessioun déi 25 Joer wirtschaftlech Erfolleger, einfach vum Dësch wësche wäert. Iwwer zwee Joerzéngten ewech huet d‘Welt voller Näid op hire BIP gekuckt dee, vu Joer zu Joer gewuess ass.

CoronavirusAn den 90er Jore vum leschte Joerdausend waren déi gëllen Zäiten ugebrach, nodeems endlech mat hëllef vun enger Rei Reformen déi laang unhalend Rezessioun agedämmt konnt ginn, an wéi 2000 zu Sydney déi olympesch Spiller ausgedroe goufen, hat d‘Wirtschaft sech erkritt. No der sportlecher Euphorie koum de Boom mat de Rohstoffer. D‘Chinese konnte guer net genuch Kuel a Äerz aus Australien bezéien an och um Uran ware vill Länner an der Welt staark interesséiert.

CoronavirusEsou hunn d‘Australier den „Nine-Eleven“, d‘SARS-Epidemie, jo eigentlech nach net emol déi 2008 ausgebrache Wirtschaftskris ekonomesch ze spiere kritt. Wärend déi aner Industrielänner hire Leit een Austeritéitsplang nom anere virgeluecht hunn, konnten d‘Australier exportéieren, hiren Tourismus opwäerten, an dank der Migratioun gouf et en Immobilie-Boom. Et war schéin…

E bréckelegt Fundament

Woubäi et net fir jidderee schéi war, well och wann et esou eppes wéi Vollbeschäftegung ginn huet. D‘Australier sinn net manner giereg wéi onsereen an si hunn hiren neoliberale „gelieft“. Esou ass d‘Schéier tëscht Räich an Aarm, ähnlech wéi bei eis konsequent ausenaner gaangen, a wien un de Rand vun der Gesellschaft gedrängt gouf, wousst datt et dat seng Endbestëmmung géif ginn.

Sech folgend konservativ Regierungen an déi hinne gefällege Medien, hu Chômeure denigréiert, se ëffentlech als „Mënschen zweeter Klass“ virgefouert, déi kee Respekt zerguttst hätten. Fir déi wou d‘Wirtschaft kontrolléiert hunn, war et ee Schlaraffeland. Dank gudder Bezéiunge kruten och do d‘Konzerner Steiererliichterungen, sinn dem Sozialsystem Milliarden duerch d‘Lappe gaangen. An d‘Léin sinn zwar och eppes geklommen, mee d‘Steierlaascht gouf vum Mëttelstand gedroen.

CoronavirusGläichzäiteg huet de Staat seng Leeschtungen op den absolute Minimum erofgeschrauft a si hunn, iwwerall wou et hinne méiglech war, de Verursaacherprinzip agesat. De Gesondheetssystem, d‘Bildung an d‘Ëmwelt sinn d‘Affer vun enger „Spuerpolitik“ ginn, well déi successiv Regierungen de Leit d‘Angscht virun héije Staatsausgaben, gekonnt an inzisiv an de Käpp implementéiert hat.

D‘Folge vun enger fataler Politik

Wéi domm a geféierlech d‘Gier vun ee puer wéinege fir eng Gesellschaft ka sinn, gëtt elo dank der Kris mam Covid19 jidderengem ersiichtlech. Déi räich si jo schliisslech net drop beduecht eng Vollekswirtschaft ze erhalen, hinne geet et drëms dëser grad esouvill zougestoe wéi néideg ass, datt de soziale Fridde gewäert bleift. Mee ouni ëffentleche Secteur meeschtert een keng Krisen…

CoronavirusÄhnlech wéi hir „Famill“ aus der Zentral vum „Empire“, hu si alles verkomme gelooss, dat engem am Fall vun enger Gesondheet- oder Wirtschaftskris vun Néiten ass. Déi wou 25 Joer laang 2 mol kasséiert hunn – eemol mat Business an eemol mat de Steierkaddoen – denken net emol am drun fräiwëlleg elo hire Beitrag ze leeschten. Och dat ass bei eis net wierklech anescht. A wie mengt datt de Maart dëse „Problem“ ka léisen, ass entschidden ze domm fir dës Welt.

CoronavirusËm esou méi erstaunlech, datt dee vu Gott auserwielte Premierminister, Ufank der Woch d‘Kéier kritt huet. Vläicht huet hien och just Angscht, datt de Péitruss him den Zougank zum Paradäis verwiert. Hien huet elo dee gréissten Hëllefspak deen d‘Land jee kannt huet zesummegeschoustert. D‘Zomm entsprécht 50% vun de jäerleche Staatsausgaben, rett awer net d‘Hallschent vun den Jobs.

mat indymedia/syd/mel/wll

Ähnlech Sujeten Australien, Coronavirus, Covid19, Päischt-Beweegung, Rezessioun, Scott Morrison, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel