Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

BENU – Een nohaltegt Eko-Duerf
https://moien.lu/most-used-dating-site-in-america/ Neiegkeeten

https://moien.lu/china-online-dating-industry/

Mat BENU äntwert Esch-Uelzecht ob de Problem vun der Nohaltegkeet.

https://moien.lu/matty-j-and-laura-dating/
https://moien.lu/most-used-dating-site-in-america/ Neiegkeeten

Postscheckzwang fir Staatsbeamten opgehuewen

Wéi d‘Ministère vun der Fonction Publique an der Finanz bekannt

Geféierlech oder just duerchgeknallt?
https://moien.lu/most-used-dating-site-in-america/ Neiegkeeten

Geféierlech oder just duerchgeknallt?

Wéi den Donald Trump Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt,

Coronavirus: Dem Bolsonaro seng Verschwierungstheorien

De Faschist un der Spëtzt vu Brasilien hält dat ganzt Gedeessems wéinst enger Gripp fir Hysterie

Coronavirus: Dem Bolsonaro seng Verschwierungstheorien

Et Politiker, déi kënnen net no demokratesche Richtlinnen hiert d‘Mandat zougesprach kritt, falls awer dach, muss een Demokratie nei definéieren. Jiddefalls ass „Idiot“keng Qualifikatioun déi fir d‘Amt vum President, wann ee sech säi Kandidat eraussicht. D‘Brasilianer awer hu gemengt „en Idiot“ passt perfekt. Seng ganz Feelentscheedungen an de leschte Krisen hunn de Beweis erbruecht.

Mam Coronavirus Covid19, sollt ee vläicht endlech ufänken ze verstoen, datt Presidente wéi de Jair Bolsonaro oder den Donald Trump – wann engem scho soss alles egal ass – zur Gefor fir hir Bierger ginn. Aner Staats- a Regierungscheffen op der Welt wennen sech un hir Landsleit a verlaange vun dësen sech u Reegelen a kierperlech Distanz ze halen. Wie ka sollt jo bekanntlech doheem bleiwen.

Fir den Diktaturnostalgiker a fréieren Offizéier bei de Falschiermjeeër, bleift senger Bildung a senger Gesënnung trei, a strooft all déi aner Ligen. De Coronavirus wier eng kleng Erkältung, dat hätt e geschwënn am Grëff an hie versprécht: „Geschwënn hu mir gewonnen“, an de President huet op der Tëlee de Brasilianer erkläert (ähnlech wéi dat den Trump och gemaach huet) alles ass gutt.

„Onst Liewe muss weidergoen, d‘Aarbechtsplaze mussen erhale bleiwen, d‘Akommes vun de Famillje sollt sécher bleiwen. Dofir sollte mir nees zur Normalitéit iwwergoen“, seet de President vu Brasilien, an ignoréiert, wéi scho bei de Bränn am Reebësch, Fakten an d‘Wëssenschaftler. Dat alles wier weider näischt wéi Hysterie a Verschwierung, esou de Jair Bolsonaro. Ass et net…

Et reegt sech Widderstand

Hien huet sech op der Tëlee dann och net genéiert, déi Gouverneuren a Buergermeeschter, déi sech ugemoosst hunn „Moossnamen ze ergräifen“ zolidd op de Leescht ze huelen. Een dorënner den Joao Doria, Regierungschef vu Sao Paolo, hat beispillsweis fir säi Bundesstaat Ausgangsspäre verhaangen a vun den Entreprise verlaangt op Homeoffice ëmzestellen. Eigentlech genau richteg.

Beim Jair Bolsonaro héiert et sech eppes anescht un: „E puer wéineg Lokalautoritéite sollen endlech mat hirer Strategie vum verbrannte Buedem ophalen: de Verbuet vum ëffentlechen Noverkéier, dem schléisse vu Geschäfter an der Fuerderung vum Confinement“. Seng Siicht op d‘Saache wier differenzéiert, heescht et an hannert deem Ganze géifen d‘Medie stiechen. Et gëtt ee Schëllegen?

A wëll déi ganz Pandemie-Hysterie drop ausgeluecht ass Industrie a Wirtschaft ze zerstéieren, wäert et a Brasilien och net zu landeswäite Restriktioune kommen. De Faschist behaapt sech drop, datt et duer geet u Gott an d‘Fuerscher a Brasilien ze gleewen. Dat ass interessant, wann ee weess, dat a ville Länner de Gottesdéngscht aus de bekannte Grënn am virtuelle Raum ofgehale gëtt.

Net verwonnerlech, datt de Joao Doria, deen elo och net gewëllt ass sech fir domm verkafen ze loossen, dogéint hält. Hie sot: „Ech maachen dat wat de President maache misst, mee dee mécht näischt. A wann hien dann awer eppes mécht, mécht en et falsch“. An esou ass dann elo den Disput ëffentlech. A Faschisten, wann hinnen d‘Argumenter ausginn, riichte Feindbiller op.

Iwwerfuerdert Gesondheetswiesen

De Jair Bolsonaro – dee selbstverständlech weess wéi eescht d‘Lag ass – hält dergéint a raumt esou och an engems all Zweiwel aus dem Wee, wiem seng Interessen hie verdeedegt. Et si ganz sécher net déi vum brasilianesche Vollek. Hie behaapt, datt de Joao Doria aus Muechtgäilheet dausenden Aarbechtsplaze wéilt zerstéieren, politescht Kapital aus „Angscht a Panik“ schloe wëll.

Jo gutt, ënnert der Leedung vum Jair Bolsonaro, sollt een dann dierfen dovunner ausgoen, datt et nees d‘Wëssenschaft ass, déi dat lescht Wuert wäert behalen. Fachleit a Brasilien hunn erkläert, datt de brasilianesche Gesondheetssystem scho mat den üblechen Ausbréch vun Tropekrankheeten (wéi Dengue) vëlleg iwwerlaascht ass, an et an de Favelae kee Confinement ka ginn. Klengt net gutt…

Mëttlerweil huet de Covid19 och d‘Amazonasgebitt erreecht, wou déi indigen Vëlker – déi de Jair Bolsonaro gäre lass wier – a gréisster Gefor sinn. Dës Vëlker, déi wéineg Kontakt zur sougenannter Aussewelt hunn, kënne vun esou enger Pandemie regelrecht ausgeläscht ginn. Schonn eng einfach Gripp iwwerdréit sech immens séier, esou datt se oft all gläichzäiteg Krank sinn.

Dat kann derzou féieren dat se net méi amstand sinn sech ze ernieren, wéi den Den Dokter Lucas Albertoni, deen am Optrag vum Gesondheetsministère déi Indigen betreit huet. Dat war iert deen „Neien“ d‘Mëttel gekierzt huet. Elo fänkt awer d‘Vollek un sech vum Faschist of- an den Dokteren, wéi Gesondheetsexperten zouzewennen. Si sinn net mat dëser Haltung averstanen a „soen“ dat och.

mat indymedia/ccs

Foto: Wann dee Mann, deem seng éischt Suerg et misst sinn, säi Vollek ze schützen, verseet, dann huet dat zuweile Konsequenzen. Am Kontext vun der Pandemie mam Covid19, ass et einfach onverantwortlech „business ass usual“ ze propagéieren. Esou jiddefalls dreet Brasilien méi wéi nëmmen eng sanitär Kris. © KonA.br/G1

Ähnlech Sujeten Brasilien, Coronavirus, Covid19, Faschist, Jair Bolsonaro
Nächsten Artikel Virrechten Artikel