Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Een treien Hond, dee säin doudege Meeschter net verloosse wëll
International Neiegkeeten

Een treien Hond, dee säin doudege Meeschter net verloosse wëll

D’Geschicht erennert un déi vum Hatchiko, een Hond, deen och

surprise
Jean Asselborn ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht mat den USA beim Aarbechtsiesse mam Rex Tillerson
International Neiegkeeten

Jean Asselborn ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht mat den USA beim Aarbechtsiesse mam Rex Tillerson

Um Dënschdeg huet eisen Ausseminister Jean Asselborn um Aarbechtsiesse vun

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!
International Neiegkeeten

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!

D’Kino-Landschaft zu Lëtzebuerg lieft erëm sou lues op. Mee wéi

Brasilien: D‘Favelaen am Coronaféiwer

Brasilien: D‘Favelaen am Coronaféiwer

De Coronavirus trëfft déi Gebidder wou et kaum Gesondheetsversuergung huet am stäerksten, an do maachen Aarmequartieren, wéi d‘Favelae vu Rio de Janeiro keng Ausnam. Hei, wou ronn 20% vun den Awunner vun der 8 Millioune-Metropol ënner prekären hygienesche Konditioune liewen an ënnert akutem Waassermangel leiden, huet et de Covid19 einfach. Quarantaine ass hei ausgeschloss.

CoronavirusAn d‘Infektiounskrankheet huet d‘Favelae vu Rio erreecht. Um Weekend gouf eng Persoun positiv getest an den Ament si ronn 50 Bewunner ënner Observatioun. Op hir Testresultater gëtt den Ament wuel nach gewaart, mee säit Sao Paolo wëssen och déi brasilianesch Autoritéiten, datt et fir de Virus kaum besser Konditioune ka ginn. An der Favela verduebelen sech d‘Infektiounszuelen deeglech.

Woubäi, esouvill wéi misst getest ginn, geet guer net. Dat huet natierlech domadder ze dinn, datt och Brasilien net genuch Tester huet, mee sécherlech och domadder, datt Favelaen esou eppes wéi eng Parallelwelt sinn. Dat erkläert och firwat d‘Autoritéiten éischter wéineg maachen, mee et ass ni verkéiert, zumindest géintiwwer der Weltcommunautéit, e gudden Androck ze vermëttelen.

CoronavirusEsou hunn d‘Waasseramt 40 Tankcamionen organiséiert fir Waasser an d‘Favelaen ze bréngen, wat ugesiichts der Bevëlkerungsdicht ee Witz ass, mee méi wier net dran. An de Favelae wunnen d‘Leit of zu hirer 6 bis 8 Persounen an engem Raum, Hygiène ass e Friemwuert, an déi gefuerdert Distanz raimlech net ze bewierkstellegen. D‘Ausbreedung fënnt hei ënnert beschte Viraussetzunge statt.

Medezinesch Hëllef gëtt et… also theoretesch

Preventioun an „Ofstand halen“ kann een hei getrouscht vergiessen. Elo denkt ee sech dann: gutt et ass jo awer Brasilien, een vun de fortschrëttlechste südamerikanesche Länner, dëse Mënsche wäert jo wuel medezinesch Hëllef ugebuede ginn. Theoretesch bestëmmt, an der Praxis sinn dës Mënsche vum brasilianesche Gesondheetssystem ausgeschloss. Wat dat bedeit wëssen d‘Autoritéiten…

CoronavirusA wann et dann heescht, datt de Recht vun der Bevëlkerung et zwar méi einfach hunn wéi déi Aarm aus de Favelaen, esou stinn och d‘Chancen op Hëllef, fir déi „iwwreg“ 6 Milliounen Awunner ganz schlecht. A Brasilien gëtt 3 Beotmungsapparater fir 100.000 Mënschen, an déi, esouvill dierft sécher sinn, gi weder fir Mënschen aus de Favelaen, nach fir den „einfache“ Bierger gebraucht.

De strukturell schwaachen ëffentleche Gesondheetssystem, ass absolut net op de Coronavirus Agestallt. Also organiséieren sech d‘Mënschen esou gutt wéi méiglech. Noperschaftscomitéë gi gegrënnt, fir d‘Awunner vun de Favelaen iwwert de Covid19 ze informéieren, deels gëtt alle Persounen, déi kloer als Auslänner ze erkenne sinn, den Zougang verwiert. Si ginn als Gefor gesinn.

CoronavirusDéi gréisste Gefor awer fir d‘Bewunner vun de Favelae stellt net de Virus u sech, mee ganz kloer de faschistesche President, Jair Bolsonaro, duer. Dee géif sech nawell gäre vun dësem „Buedemsaz“ vun der Gesellschaft trennen. Wa Buergermeeschter oder Gouverneuren Ausgangsspäre verhänken, dann hält hien dergéint. E Fait deen allgemeng wéineg op Zousproch stéisst, och politesch.

Et sinn elo also déi ënnergeuerdent Instanzen, déi zur Stonn mat der sanitärer Kris an der bevirstoender Katastroph beschäftegt sinn. Dat stellt de President an ee schlecht Liicht a beweist datt hien all politesch Initiativ verluer huet. Woubäi et och ka berechent sinn, well dank dëser Pandemie, kéint hien engem groussen deel vun der onbeléifter Populatioun lass ginn…

mat indymedia/ccs

Ähnlech Sujeten Brasilien, Coronavirus, Covid19, Favelaen, Jair Bolsonaro, Rio de Janeiro
Nächsten Artikel Virrechten Artikel