Search

You may also like

Et gëtt ze vill Krisen an der Kris
International Neiegkeeten

Et gëtt ze vill Krisen an der Kris

Zanter dem Etat de Kris versicht d‘Redaktioun sech en Iwwerbléck

CGDIS: de Wäert vun de Fräiwëllegen net ënnerschätzen
International Neiegkeeten

CGDIS: de Wäert vun de Fräiwëllegen net ënnerschätzen

Mat der Reform vun de Rettungsdéngschter an der Schafung vum

Europa wëll mam Iran Tauschhandel dreiwen, Washington flippt aus
International Neiegkeeten

Europa wëll mam Iran Tauschhandel dreiwen, Washington flippt aus

D‘USA hunn en Dënschdeg fierchterlech op den europäesche Projet reagéiert,

Coronavirus: Bréissel op der Sich no „eenheetlecher“ Léisung

Coronavirus: Bréissel op der Sich no „eenheetlecher“ Léisung

Nodeems wéinst der Verbreedung vum Coronavirus Covid19 eng Partie Länner hir Grenzen zou gemaach a Areesverbueter verhaangen hunn, stellt sech d‘Fro wéi en Impakt esou „eesäiteg“ Moossnamen op de Bannemaart an de Wuereverkéier huet. Op der EU-Kommissioun gëtt elo no enger „eenheetlecher“ Léisung gesicht.

Eng vun de grousse Geforen déi d‘Pandemie mat sech bréngt ass Massepanik. D‘Leit hunn Angscht muer näischt méi kafen ze kënnen, datt et net méi genuch vun allem géif ginn. Fir deem ze begéinen huet sech d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen mat hirem Krisenteam a wichtege Memberstaate beroden, wéi ee Liwwerproblemer an d‘Gefor vun eidele Rayone kann ofwennen.

Via Twitter huet d‘EU-Kommissiounspresidentin erkläert, datt déi grouss Erausfuerderung doranner besteet, de Wuerentransport oprecht ze erhalen a gläichzäiteg d‘Mënsche geschützt sinn. Si hat dann och schonn e Freideg wësse gelooss, datt Grenzschléissungen net dee richtege Wee wier. Hei wier ee besser berode gewiescht, sech op de Gesondheetscheck ze begrenzen. Dat ass net opgaangen…

CoronavirusEt sollt een dann och net aus den Ae verléieren, datt am Schengenraum eigentlech d‘Grenze sollten op sinn, an nëmmen an Ausnamefäll zoulässeg sinn. Mee d‘Unioun besteet scho längst nëmmen nach aus politesche Parollen, agéiert gëtt strikt op nationalem Niveau an och do geet et villen eenzeg ëm den eegene Virdeel. An esou maachen d‘Länner, eent nom aneren, hir Grenzen zou.

Keen eenheetlecht Muster ze erkennen

Hir Grenzen zougemaach hunn: Dänemark, Éisträich, Litauen, Polen, Slowakei an Tschechien; mee och eis däitsch Nopere kontrolléiere verstäerkt. Hei besonnesch d‘Grenz zu Frankräich… Esou huet all Land seng eege Reegelen an déi sinn oft net ugemooss. Esou gëtt deels d‘Arees nëmmen no Nationalitéit erlaabt, onofhängeg vun enger Infektioun mam Coronavirus. Dat ass net Ziilféierend.

Besser ass et wann een, wéi de franséische President Emmanuel Macron, déi streng Kontrollen an Areesbestëmmungen un de Grenze vum Schengenraum verdeedegt. D‘Zirkulatioun vu Persounen déi aus Regioune mat héijem Infektiounsrisiko komme muss begrenzt ginn, dat och bannent der europäescher Unioun. Wichteg ass et elo den Drock vun de Gesondheetssystemer ze huelen.

CoronavirusGanz wichteg ass et zudeem elo drop uecht ze dinn, datt en europäesche Bannemaart net iwwer Mooss gestéiert gëtt. Zur Stonn brauch een do keng Angscht ze hunn, datt déi Saache vum Alldag engem sollten ausgoen. Dänemark a Polen loosse jo och weiderhi wichteg Gidder, wéi beispillsweis Liewensmëttel, hir Grenze passéieren. Den Ament ass haaptsächlech de Persouneverkéier betraff.

Dat awer muss net esou bleiwen, rational Reaktiounen si leider och bei politeschen Decideuren net de Standard, firwat et wichteg ass d‘EU-Kommissioun ze stäipen. Déi schafft zur Stonn un enger Propose fir eenheetlech a sënnvoll Mesuren un den europäesche Bannegrenzen, an dem erhale vum fräie Wuereverkéier. De gréisste Problem dee bleift: Europa ass keng Solidargemeinschaft!

mat indymedia/bru

Foto: Angscht an/oder Dommheet féieren zu drolege Biller, sollten eis awer och eng Warnung sinn: esou Mënsche ginn net méi rational vir a kënne selwer séier zu enger Gefor ginn. © Jecke Stenze (via Twitter)

Related topics Coronavirus, Covid19, Epidemie, EU-Kommissiounspresidentin, Grenzschléissung, Longeninfektioun, Pandemie, SARS-CoV2, Ursula von der Leyen, WHO
Next post Previous post