Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et geet dach! Mikroplastik-Verbuet schonn a fënnef Länner
Money Neiegkeeten

https://moien.lu/hook-up-jumper-cables-wrong/

Jo et kann een déi Diskussiounen iwwert de Plastik bal

jen selter dating knicks
Money Neiegkeeten

Libr’art: Kënschtler sinn ass net ëmmer einfach, ausstellen awer och net

Ausstellungen an Muséeën ze besichen ass wäertvoll vir eis Kultur

geek
Handy ouni Batterie entwéckelt
Money Neiegkeeten

Handy ouni Batterie entwéckelt

Amerikanesch Wëssenschaftler hunn en Handy entwéckelt, dee ganz ouni Batterie

money

Dem Finanzminister säi Covid19-Stabilitéitspak

D‘Regierung huet ee Mëttwoch ronn 9 Milliarden Euro budgetiséiert fir eis Ekonomie ze stäipen

Dem Finanzminister säi Covid19-Stabilitéitspak

De Premierminister gëtt es sech net midd ze betounen, datt der Regierung hir éischte Prioritéit doranner besteet Liewen ze retten, ouni dobäi aus den Aen ze verléieren, datt dës duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitär Kris, eis virun ni do gewieschte wirtschaftlech Problemer stellt. An dobäi steet Lëtzebuerg gutt do: eng performant Ekonomie a gesond Finanzen.

Hie follegt – an dat ass a ganz ville Länner net esou ersiichtlech – awer enger klorer Linn a stellt fest, datt dës Kris kascht wat se ebe kaschte wäert. Wann et, well ee Mënscheliewe rett, net méi sollt méiglech verschidde Punkten aus dem Koalitiounsprogramm ze realiséieren, da wier de Premier och bereet déi politesch Verantwortung dofir ze iwwerhuelen. Esouwäit muss et net kommen…

Fir den Ament gëtt et bis op Detailer och wéineg, wat zu Kritik um Ëmgang mat dëser sanitärer Kris Ulass bitt, an dat ass net selbstverständlech. D‘Land ass faktesch gutt opgestallt an déi zoustänneg Acteure sti bereet. Wann d‘Populatioun matspillt an sech un d‘Reegelen hält (bleift Doheem) an et net zu engem massiven Ausbroch vun der Krankheet kënnt, sollte mir dës Pandemie iwwerstoen.

Et geet awer net ëm de Mënsch eleng

Wann een elo dovunner ausgoen dierf, datt d‘Vollek am Kader vun de Méiglechkeete gutt geschützt ass, esou gëllt et awer och sech op d‘Zäit no der Krise virzebereeden. Dat heescht datt d‘Regierung och d‘Aufgab huet, esouvill Entreprise wéi méiglech um Liewen ze erhalen. Net all Betrib wäert d‘Kris iwwerwonne kréien, och net mat de 9 Milliarden Euro déi de Finanzminister agesat huet.

Et ass awer essentiell esou vill Entreprise wéi iergendwéi méiglech ze retten, wa mir d‘Rezessioun net wëllen ëmgoen an direkt an d‘Depressioun geroden. A mat den Decisiounen déi d‘Regierung beschloss huet, sollt dat méiglech sinn. Déi budgetär Restriktioune goufe jo elo och zu Bréissel vun der EU-Kommissioun gelackert, firwat de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) berouegt klengt.

Hien huet erkläert datt sech d‘EU-Kommissioun bis ewell ganz flexibel an disponibel verhalen huet an och de Stabilitéitspakt eng Paus verschriwwe kritt huet. D‘Länner dierfe Geld an d‘Hand huele fir hir Wirtschaft ze stäipen. De Finanzminister betount och, datt eist Land all Koordinatiounseffort op europäeschem Niveau ënnerstëtzt. Dat ass wichteg, wa mir och no der Kris nach EU wëlle sinn.

E Minister-Trio an déi Erausfuerderungen

Elo kann de Finanzminister, déi der Pandemie unhänglech Wirtschaftskris, net eleng begéinen. Hien huet sech an dësem Punkt mam Mëttelstand- an Tourismusminister Lex Delles (DP) an dem Wirtschaftsminister Franz Fayot „accordéiert“, fir dech den dräi gréissten Erausfuerderunge fir d‘Wirtschaft entgéintzestellen. Dat wäert wuel net alles perfekt sinn, mee et gëtt net vill Optiounen.

Vu wat schwätze mir eigentlech? Ma laut dem Finanzminister geet et elo emol drëms: 1) déi kuerzfristeg Liquiditéit vun den Entreprise sécheren; 2) d‘Tresorerie stäerken; an 3) de Finanzement vun den Entreprise erméiglechen. An et heescht, datt een dëse Pak ficeléiert huet, nodeems een déi concernéiert Acteure consultéiert huet. De Stabilitéitspak ass also ee privat-ëffentlecht Partenariat.

D‘Mesuren, esou de Finanzminister sinn dann net eleng geduecht fir de Betriber ze hëllefen, mee och d‘Salariat soll heivunner profitéieren. Déi elo agesate 9 Milliarden (also eigentlech sinn et 8,8 Milliarden Euro) entsprieche 14% vum nationale BIP. Dat bedeit awer, datt en Emprunt muss gemaach ginn, firwat elo ee Gesetz an der Chamber virgeluecht gëtt, fir 3 Milliarden ze léinen.

Wat sinn déi wichtegst Moossnamen?

Nieft dem Asaz vum partielle Chômage (1 Milliard Euro fir zwee Méint) sinn do nach déi direkt Hëllefe fir déi kleng a mëttelstänneg Betriber (déi mussen zréckbezuelt ginn). Vu Bréissel ass hei eng Enveloppe vun 300 Millioune guttgeheescht ginn. D‘Hëllef ass allerdéngs op 500.000 Euro plafonnéiert ginn. Et ginn dann awer nach e puer Schrauwen un deene konnt gedréit ginn.

De Paiement vun de Cotisatiounen an den direkte Steieren, fir déi zwee éischt Trimester vun 2020 kënne reportéiert ginn, de Remboursement vun der TVA ass och beschloss ginn. Dat awer stellt natierlech och d‘Staatskeess ënner Drock. Hei geet de Pierre Gramegna dovunner aus, datt an des Keesen – alleguerten zesummegeholl – zäitweileg 4,55 Milliarden Euro feele wäerten.

Erfreelech dann och, datt d‘Regierung sech mat der Bankevereenegung ABBL konnt arrangéieren, an déi gewëllt si Verantwortung ze iwwerhuelen. Esou sollen de Remboursement vun alle Kreditter fir d‘Dauer vu sechs Méint „agefruer“ ginn. Et sollen och „Restrukturatioune“ vu Kreditter méiglech sinn. Op dëse Geste géinteniwwer den Entreprisen och vir d‘Bierger gëllt? Éischter net…

Déi fir de Finanzminister wichtegst Mesure betrëfft d‘Bankgarantien (2,5 Milliarden Euro) déi de Staat gewäert huet. Hei gëtt de Risk zu 85% vum Staat an zu 15% vun de Banke gedroen. D‘SNCI huet hirersäits zousätzlech Garantien an Héicht vu 600 Milliounen zougesot. Dat ass nei, wëll dës Institutioun huet zanter et se gëtt, nach ni Entreprisen a Schwieregkeete gehollef…

Illustratioun: © Maryna Yazbeck / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Ekonomie, Fränz Fayot, Les Delles, Pierre Gramegnsa, Stabilitéitspak
Nächsten Artikel Virrechten Artikel