Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Eisebunnergewerkschaft hält d‘Fauscht héich
International Neiegkeeten

D‘Eisebunnergewerkschaft hält d‘Fauscht héich

Am Bouneweger Casino, Sëtz vum Landesverband FNCTTFEL, haten sech d‘Salariéeën

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International
International Neiegkeeten

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International

Aus dem Bericht vun Amnesty International (AI), deen haut verëffentlecht

De Rechnungshaff huet sech d‘Pirate gekroopt
International Neiegkeeten

De Rechnungshaff huet sech d‘Pirate gekroopt

Am Bericht vum Rechnungshaff mat Bezuch op d‘Parteiefinanzéierung, géif et

De sanitären Armageddon

De sanitären Armageddon

Weltwäit ass Italien dat Land, datt säit Ausbroch vum Coronavirus Covid19, déi meeschten Affer ze verzeechnen huet, d‘Zuel vun den Neiinfektiounen ass dogéint réckleefeg. A Spuenien dogéint hëlt d‘Zuel vun den neien Infektiounsfäll massiv zou.

De Covid19 huet Europa fest am Grëff, am heftegsten ass d‘Situatioun nach ëmmer an Italien wou et méi wéi 10.000 Mënschen huet, déi un der Infektiounskrankheet verstuerwe sinn. E Samschdeg huet den Zivilschutz 889 Stierffäll gemellt, wat de Bilan op10.023 erhéicht. Italien huet esou déi meeschten Doudeger weltwäit. Mat 5.974 neie Fäll, hat Italien gëschter 92.472 Infektiounsfäll.

Et gesäit awer trotz allem besser aus: d‘Zuel vun den Neiinfektiounen ass weider réckleefeg. Um Samschdeg huet d‘Progressioun bei 6,9% geleeën, wat dee schwächsten Zouwuess ass, zanter d‘Pandemie virun engem Mount an Italien ugefaangen huet. An der Woch huet dësen Taux tëscht +7,4% a +8,3% geleeën. D‘Regierung zu Roum huet d‘Moossnamen och nach emol verschäerft.

CoronavirusDéi Mesure bezéien sech op d‘Arees an Italien: all Mënsch deen an Italien areest, muss ënnert anerem de Grond vu senger Rees ganz genee uginn, esou wéi och d‘Adress vu sengem Openthaltsuert an eng Telefonsnummer. Doriwwer eraus muss een uginn, wéi ee gedenkt seng Destinatioun ze erreechen. Och wie keng Symptomer opweist muss sech, wann een dann ukomm ass, bei de lokale Gesondheetsdéngschter mellen a sech 14 selwer Isoléieren.

Et soll awer scho méiglechst am fréi kontrolléiert ginn, firwat all d‘Fluch- a Schëffsgesellschafte verflicht sinn, scho beim Check-in d‘Kierpertemperatur vun de Passagéier ze préiwen. Ab 37,5° dierfen se kee méi u Bord zouloossen. Vill ze kontrolléiere gëtt et den Ament awer net, déi meescht Fluchverbindungen si gestrach an eng Rei Fluchhäfen hunn hire Betrib vollstänneg agestallt.

Spuenien verzeechent traureg Rekorder

Nieft Italien, ass och Spuenien schwéier vun der Pandemie betraff. An der Nuecht vum Freideg op e Samschdeg huet d‘Land 832 Stierffäll ze verzeechne gehat, esouvill nach ni. D‘Zuel vun den Neiinfektiounen ass vu 64.059 um Freideg op 72.248 ee Samschdeg geklommen. Dat huet derzou gefouert, datt och Madrid, weider drastesch Moossname beschloss an ergraff huet.

CoronavirusDe Ministerpresident Pedro Sanchez huet et elo den Italiener gläich gemaach, an d‘Schléissung vun allen net liewenswichtegen Entreprisen a Betriber ugeuerdent. Dat elo emol fir 14 Deeg. De Chef vum Déngscht fir Gesondheetsnoutfäll, Fernando Simon, huet erkläert, datt et a verschiddene Regiounen den Uschäin huet, wéi wann den Héichpunkt erreecht wier, mee et wier ze fréi fir dat ze confirméieren. Seng gréisste Suerg den Ament ass d‘Zuel vun den Intensivbetter.

Zu Madrid sinn en ongenotzt ëffentlecht Gebai, wéi och virun ee puer Deeg eng Schlittschongpist, zu Läichenhalen ëmstrukturéiert ginn. D‘Ausgangsspär, déi zanter dem 14. Mäerz a Kraaft ass, ass bis op den 12. Abrëll verlängert ginn. Mee och soss an Europa ass d‘Lag Villeruerts ugespaant.

Am Frankräich, wou de Bilan aktuell bei ronn 2.314 Pandemie-Affer läit, si weiderhinn d‘Regioune „Grand Est“, d‘Elsass an de Groussraum Paräis am stäerkste betraff. Hei huet e Samschdeg de Premierminister Edouard Philippe d‘Ausgangsspär och nach emol verlängert, déi gëllt elo bis de 15. Abrëll. De Premierminister huet seng Landsleit verständlech gemaach, datt et domadder net wäert gedoe sinn, d‘Land géif nach um Ufank vun der Infektiounswell stoen.

CoronavirusD‘Portugisen, vu wou et wuel den Ament nach keng alarméierend Zuele gëtt, huet entscheet, datt fir d‘Dauer vun der sanitärer Kris, d‘Migranten als Residenten unerkannt ginn. Déi eenzeg Viraussetzung: et muss wéinstens eng Openthaltsgenehmegung ugefrot, oder eng Demande fir Asyl gemaach gi sinn. Esou soll séchergestallt ginn, datt Migranten Zougang zu Sozialleeschtungen, dem Gesondheetssystem kréien an si sech e Kont op enger Bank ariichten oder eng Wunneng loune kënnen. Dës Moossname gëllen ab ee Méindeg a bis mindestens den 1. Juli. A Portugal sinn 100 Mënschen un der Infektiounskrankheet verstuerwen, 5.170 Infektiounsfäll goufe bestätegt.

Nach ee Land an deem d‘Situatioun bedreelech Zich unhëlt: Groussbritannien. Hei hat de Premier Boris Johnson nach virun enger Woch gemengt, datt dës sanitär Kris sech mat Vernonft léise léist. Elo sinn hien an de Gesondheetsminister Matt Hancock selwer positiv an hu sech a Quarantaine beginn. Vill getest gëtt net, wat d‘Zuel vun de gemellte Fäll (17.000) staark relativiséiert. Dogéint schwätzt och déi héich Zuel vun Doudesaffer, déi d‘dausender gëschter iwwerschratt huet.

Den nationale Gesondheetsdéngscht NHS, deen iwwert déi lescht zwee Joerzéngte schwéier vernoléissegt ginn ass, dat esouwuel finanziell wéi och personell, ass guer net an der Lag sech enger Pandemie vun dësem Ausmooss entgéintzestellen. Schonn déi üblech saisonal Gripp, bréngt d‘NHS all Joer un de Rand vum Kollaps. A Groussbritannien braut sech eng Katastroph zesummen an op Rolls Royce déi bestallte Beotmungsapparater zäiteg hiergestallt kritt, steet an de Stären.

mat indymedia/rom/mad/par/lon

Ähnlech Sujeten Armageddon, Coronavirus, Covid19, Europa, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Portugal, Sanitär Kris, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel