Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mat der Oktave kënnt déi schéi Joreszäit an um Knuedler a bei der Gëlle Fra gëtt gefeiert
International Neiegkeeten

Mat der Oktave kënnt déi schéi Joreszäit an um Knuedler a bei der Gëlle Fra gëtt gefeiert

D‘Oktave, déi eigentlech „Muttergottesoktav“ heescht, ass un a fir sech

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur
International Neiegkeeten

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur

Um Donneschdeg huet d‘Staatssekretärin fir Wirtschaft, d’Francine Closener (LSAP), de

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik
International Neiegkeeten

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik

Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, esou zumindest déi héchst

Coronavirus: Den Onsiichtbare Feind

Coronavirus: Den Onsiichtbare Feind

Iwwerall op der Welt versichen d‘Regierunge mat hire Gesondheetsdéngschter d‘Verbreedung vum Coronavirus Covid19 anzedämmen. An Europa hunn d‘Griichen den Ausgang begrenzt, Spuenien verlängert a verschäerft d‘Ausgangsspär an Italien versteet net firwat grad bei hinnen d‘Infektioun esou déidlech verleeft. An ausserhalb der europäescher Unioun gesäit et net besser aus…

Et huet sécherlech gedauert, mee esou lues awer sécher, huet sech bannent der EU d‘Erkenntnis duerchgesat, datt et sech bei der aktueller Pandemie ëm eng Kris vu besonneschem Ausmooss handelt, déi mat onkonventionellen an drastesche Mesure ze bekämpfen ass. Och do – wéi beispillsweis a Groussbritannien oder den USA – hunn déi politesch Leader et endlech bekäppt.

Spuenien geet den italienesche Wee, firwat de Ministerpresident Pedro Sanchez eng Verlängerung vun der landeswäiter Ausgangsspär bis zum 11. Abrëll annoncéiert huet. Zanter dem 14. Mäerz dierfe 46 Millioune Spuenier hir Wunnengen nach just verloosse fir op d‘Schaff, bei den Dokter oder akafen ze goen. Mam Hond spadséiere goen oder d‘Déiere fidderen ass och nach erlaabt.

CoronavirusWien sech allerdéngs net strikt un d‘Recommandatiounen hält a sech den Uweisunge widdersetzt, muss mat héije Geldboussen an esouguer Haft rechnen. Spunien ass no Italien dat an der Unioun am stäerkste vun der Pandemie betraffend Land. Um Samschdeg hat de Pedro Sanchez seng Landsleit op schwéier Zäiten agestëmmt. „Dat schlëmmst kënnt nach“, esou de spuenesche Ministerpresident.

Drastesch Moossnamen och a Griicheland

A Griicheland gëllt zanter de Moien 6 Auer eng Ausgangsspär. Elo kënnen och hei d‘Leit hir Haiser nëmmen nach verloosse fir Dréngendes ze erleedegen, woubäi een hei nëmmen op d‘Schaff dierf, wann sech d‘Aarbecht net vun doheem aus maache léisst. Esou d‘Mesuren déi de Regierungschef Kyriakos Mitsotakis an alle Medien dem Vollek annoncéiert huet. Och hei ass d‘Lag ganz Eescht.

Wien erausgeet muss säin Auswäis oder de Pass op sech matféieren. Sollt géint d‘Unuerdnung verstouss ginn, kascht et déi éischt Kéier 150 Euro. Ugesiichts der dramatescher Situatioun an Italien, huet de Kyriakos Mitsotakis gesot: „Et ass meng Flicht esou eppes net zouzeloossen“. Vill Griichen haten sech an de leschten Deeg an d‘Provënzen oder op d‘Inselen zréckgezunn.

CoronavirusEn haart Duerchgräifen, datt awer och an Zesummenhang ze bréngen ass mam Fait, datt trotz der Opfuerderung doheem ze bleiwen, vill Griichen déi frësch Loft virgezunn hunn. Ze vill Leit, déi sech och nach a gréissere Gruppen opgehalen hunn, ass grad dat wat et zur Stonn ze verhënnere gëllt. D‘Crèchen, Grondschoulen, Lycéeën an Héichschoulen hu schonn hir Dieren zougespaart.

Och den Eenzelhandel, d‘Gastronomie an déi kulturell Sehenswierdegkeeten hunn hir Aktivitéite missen astellen. Ausgeholl sinn de Liewensmëttelhandel, d‘Apdikten an essentiell Geschäfter. Ab haut wäerten och déi allermeeschten Hoteller de Rideau erofloossen. Nëmme wien ee feste Wunnsëtz op enger Insel huet, dierf nach dohinner, all déi aner mussen um Festland bleiwen.

Italien stoppt alles wat net essentiell ass

An Italien léisst sech d‘Lag nach kaum beschreiwen, d‘Zuel vun den deeglechen Affer explodéiert regelrecht. Mat bal 800 Doudege vir eleng de Samschdeg, mee och um Sonndeg, an dem Asaz vun der Arméi fir déi Verstuerwen zur Anäscherung an d‘Crematoire ze bréngen, huet d‘Regierung elo nach emol weider Moossnamen ergraff. An déi huet et esou nach kee Ministerpresident geholl.

De Giuseppe Conte huet mat senger Ekipp beschloss, datt (viraussiichtlech) bis zum 3. Abrëll, all d‘Entreprisen a Fabricke vun der drëttgréisster Vollekswirtschaft an der Eurozon, déi net absolut noutwenneg fir dat alldeeglecht Liewe sinn, hir Aktivitéiten unhale mussen. An Italien stierwen aktuell méi Leit wéi dat beispillsweis a China, wärend dem Peak de Fall gewiescht ass.

Coronavirus

Firwat deem esou ass, datt ass eng Äntwert där d‘Italiener mussen nogoen. Eng méiglech Piste: d‘Zuel vun den Infizéierten ass wiesentlech méi héich wéi ugeholl. Medeziner ginn dovunner aus, datt vill Fäll „liicht“ oder „ouni Symptomer“ verlafen, firwat si méi Tester fuerderen. Déi awer muss ee och emol hunn… Medezinescht Material dat hätt solle geliwwert gi gouf „ofgefaangen“.

Eng méiglech Erklärung firwat Italien esou schwéier getraff ass, läit an der Demographie vum Land, dat eng vun den eelste Bevëlkerungen op der Welt huet. Hei ass zudeem ganz üblech, datt bis zu dräi Generatiounen ënnert deem selwechten Dach liewen, wat eng Iwwerdroung vum Covid19 immens begënschtegt. D‘Grousseltere mat den Enkelkanner, dat ass den Ament eng Gefor…

D‘Autoritéite weisen awer drop hinn, datt a vill Fäll d‘Doudesursaach net ofschléissend gekläert ass an et folglech net méiglech ass mat Sécherheet ze soen, datt all dës Mënschen Um Covid19 verstuerwe sinn. Déi allermeeschten Affer an Italien sinn iwwer 70 Joer al, vill ënnert hinnen hate Virerkrankungen, wéi beispillsweis Kriibs, Diabetis oder Problemer mat de Longen.

London stellt sech op italienesch Verhältnisser an

Et huet nawell eppes gedauert, an de Premier Boris „King of World“ Johnson, dee laang zimmlech onbekëmmert mat dësem Problem ëmgaangen ass, kritt elo zolidd Problemer. Woubäi d‘Problemer hu seng Landsleit… Den nationale Gesondheetsdéngscht (NHS) ass finanziell, materiell an elo och personell esou schlecht opgestallt, datt d‘Britten sech op italienesch Verhältnisser astelle mussen.

Éischt Spidoler si saturéiert, Patiente ginn ofgewisen. D‘Fleegepersonal gräift op Dreckstuten zréck fir sech iergendwéi ze schützen. Schutzkleedung? Déi gëtt et net an ausreechendem Mooss, an aus engem Spidol koum d‘Informatioun: „Mir wësse wat op eis duer kënnt, a mir wëssen datt mir datt mir deem wéineg entgéintzesetzen hunn, wann net entspriechend Mesuren ergraff ginn“.

Laut dem leschte Bilan, sinn zur Stonn 12% vun den Intensiv-Better mat Covid19-Patiente beluecht an dës Zuel wäert exponentiell klammen. Dat bestätegt d‘Cheffin vun der Gesondheetsverwaltung, Jenny Harries, déi och confirméiert, datt d‘Dokteren elo schonn ugewise goufen, d‘Chance vun de Patienten ofzeweien. De sougenannten „Triage“ gëtt och schonn an Italien applizéiert.

CoronavirusDe Boris Johnson huet dann elo och endlech virun enger ongebremster Verbreedung vum Covid19 gewarnt. Hien huet senge Landsleit erkläert, datt déi staatlech NHS iwwerfuerdert ass, sollt et net méiglech sinn d‘Zuel vun den Infektiounsfäll ze „strecken“. Steigen d‘Zuele weider an dësem Ausmooss un, wier de britesche Gesondheetssystem iwwerfuerdert. An et geet eréischt lass…

Offiziell sinn derzäit 5.000 Britten infizéiert, ronn 300 hunn d‘Infektioun net iwwerstanen. Am stäerkste betraff ass London. Elo sinn 1,5 Millioune Bierger mat Virerkrankungen opgeruff, sech doheem fir dräi Méint selwer ze isoléieren. Ob och schonn d‘Arméi an Alarmbereetschaft gesat gouf, fir méiglecherweis de Mangel u Fleegepersonal an de Grëff ze kréien, ass net gewosst.

Zur Lag an Israel a Palestina

De Coronavirus dréit seng Ronnen an esou och an Israel an a Palestina. Och hei gi vu Stonn zu Stonn ëmmer nei Moossnamen annoncéiert. Esou soll d‘al-Aqsa Moschee – no Mekka a Medina dat drëtt hellegst Gebietshaus vun de Moslemen – vun haut un zou gemaach ginn. Et geet an éischter Linn drëms ze verhënneren, datt sech déi Gleeweg ënnertenaner infizéieren.

An esou huet och déi palestinensesch Autonomieverwaltung um Sonndegowend eng Ausgangsspär vun zwou Woche verhaangen. D‘Leit mussen sech un eng verflichtend Quarantaine halen an dierfen hir Haiser net méi verloossen, esou d‘Uerder déi d‘Verwaltung erausginn huet. Ausgeholl sinn d‘Mataarbechter vun de Gesondheetsdéngschter, Liewensmëttelgeschäfter an Apdikten.

D‘Veruerdnung leet zudeem fest, datt et den Awunner vun den Dierfer an de Residenten aus de ville Flüchtlingslager net méi erlaabt an d‘Stadzentren ze pendelen. Zu Ramallah (Westjordanland) gëtt et scho Schlaange virun de Supermarchéeën. Sollt et – wat ze erwaarden ass – zu enger gréisserer Verbreedung kommen, gëtt et „enk“. Si hunn aus bekannte Grënn keng Mëttel deem ze begéinen…

Den US-President huet alles am Grëff

An den USA, wou den Donald Trump bis zu enger Billioun US-Dollar fir „Mesure“ ugekënnegt huet, huet de China-Virus elo och d‘Exekutive erreecht. De Senateur vu Kentucky, Rand Paul (Republikaner) huet matgedeelt, datt hie positiv op de Coronavirus getest ginn ass. Hien hätt awer keng Symptomer, den Test wier eng reng „preventiv“ Moossnam gewiescht, esou d‘Erklärung.

CoronavirusEng ganz Rei vu Senateuren hunn sech, nodeems och am Representantenhaus mindestens zwee Membere „positiv getest goufen“ fräiwëlleg a Quarantaine beginn. Am ganz Land verhänken d‘Bundesstaaten – zwar net koordinéiert – Ausgangsspären. Bis zu 100 Milliounen Amerikaner si vun dëser Moossnam betraff. Eng Landeswäit Ausgangsbeschränkung wëll den President nach net.

Dat gesinn d‘Medeziner an d‘Wëssenschaftler (si si jo laut dem Donald Trump déi bescht op der ganzer Welt) eppes anescht. Déi stelle fest, datt sech aktuell d‘Zuel vun den Infektiounen all Dag verduebelt, woubäi häerzlech wéineg getest gëtt. Besonnesch déi aarm Bevëlkerungsschicht dierft eng héich Donkelziffer un Infektioune beusprochen. An den USA muss elo reagéiert ginn.

mat indymedia

Illustratioun: © John Hopkins Intitute

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Griicheland, Groussbritannien, Israel, Italien, Palestina, Spuenien, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel