Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereedegung am Justizministère
International Neiegkeeten

Vereedegung am Justizministère

Am Kader vun enger Zeremonie um Justizministère huet d’Justizministesch Sam

Protest géint Big Brother-Gesetzesprojet
International Neiegkeeten

Protest géint Big Brother-Gesetzesprojet

Um hallwer zwou de Mëtteg hat den OGB-L, seng Militanten

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd
International Neiegkeeten

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt

Éischte Coronavirus-Doudegen an Italien

Beim Affer handelt et sech ëm en 78 järegen Italiener deen zu Padua (Norditalien) rezent positiv getest gi war

Éischte Coronavirus-Doudegen an Italien

D‘Leit stierwen net nëmmen an Asien un dësem Coronavirus (Covid19) och an Europa ass dësen neie Virus déidlech. De Mann vu Padua war virun zéng Deeg aus engem anere Grond am Spidol behandelt ginn. D‘Autoritéiten hate virdrun zwee Infektiounsfäll an der Regioun Venetien gemellt, an der Lombardei sinn et 15 Mënschen déi infizéiert sinn.

Am Spidol vun der Klengstad Codogno hu sech och fënnef Employéeën infizéiert. Si hätten sech ugestach, wéi de Virus nach net als Erkrankung entdeckt war. De Virus ass vun engem 38 järegen Italiener onwëssentlech ageschleeft ginn. Dëse Patient läit zanter gëschter op der Intensivstatioun, säin Zoustand wier bedreelech, esou déi zoustänneg Autoritéiten.

Beim 38 järege war de Virus um Donneschdeg nogewise ginn. De Mann dee schonn um Mëttwoch opgeholl gouf, hat keng ersiichtlech Verbindung zu China a war net direkt op de Covid19 getest ginn. Dat ass eréischt gemaach ginn, nodeems sech säin Zoustand verschlechtert huet. Seng Fra huet erkläert, datt si sech kierzlech mat engem Frënd getraff hätten deen a China war.

CoronavirusOb dëse Mann d‘Koppel infizéiert huet ass nach net gewosst. Hien ass schon am Januar zréckkomm an de Virus konnt och net bei him festgestallt ginn. Hien hat och zu kengem Ament iergendwellech Symptomer. No dësem positiven Test, sinn honnerte Leit – vum Fleegepersonal am Spidol, iwwert Frënn a Bekannten – getest ginn, an d‘Resultat ass eendeiteg.

Nieft dem Mann senger Fra an engem Bekannten, si fënnef Infirmieren an Dokteren, dräi weider Patienten an dräi eeler Männer (Cliente vum Café dee vum Papp vum 38 järege bedriwwe gëtt) positiv op de Covid19 getest ginn. An der Folleg sinn 250 Leit a Quarantaine gesat ginn. Esou soll eng Verbreedung an der Regioun verhënnert ginn.

A Quarantaine sinn esou 70 Salariéeën aus dem Spidol an 160 Aarbechtskollege vum 38 järegen. Zu Codogno an zwee weideren Dierfer (Castiglione d‘Adda a Casalpusterlengo) sinn dausende Leit opgefuerdert gi méiglechst doheem ze bleiwen. De Buergermeeschter vu Codogno huet Uerder ginn d‘Schoulen, Bistroen an ëffentlech Ariichtungen ze schléissen.

CoronavirusDen 38 järege gëtt isoléiert behandelt. Och zu Mailand gëtt mindestens eng Persoun am Spidol behandelt. Den italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte huet zu Bréissel informéiert, datt eng Veruerdnung erlooss ginn ass, mat där „Kontaktpersounen“ dierfen isoléiert ginn. Hien huet awer och virun Alarmismus gewarnt a verséchert datt een alles am Grëff huet.

Pandemie: ëmmer méi Fäll an net genuch Geld!

D‘Coronavirus-Epidemie schéngt trotz den Erwaardunge vun enger Rei Experten, säin Héichpunkt elo awer nach net erreecht ze hunn. Ëmmer méi Infektiounen a China, mee elo och a Südkorea an aneren asiatesche Länner. Europa a Nordamerika sinn och betraff, esouguer an Nordafrika huet et schon mindestens ee bestätegte Fall…

Am Kader vun enger Sëtzung vum Polit-Büro, huet de chinesesche President Xi Jinping notéiert, datt den Héichpunkt vun der Pandemie nach net erreecht wier an d‘Lag a der Provënz Hubei, wou d‘Infektioun ausgebrach war (Wuhan), bleift „komplizéiert“. Hei läit den aktuelle Bilan bei ronn 2.200 Doudegen an iwwer 75.000 Infektiounsfäll.

Coronavirus

Eppes fir d‘Frënn vu Verschwierungstheorien an dem „Ech hunn iech et jo schonn ëmmer gesot!“.

A Südkorea – dem Land mat de meeschten Infektiounen ausserhalb vu China – gouf de Virus bis elo bei 204 Persounen nogewisen. Besonnesch betraff sinn d‘Membere vun enger Sekt. 120 Unhänger vun der „Shincheonji Church of Jesus“ sinn erkrankt, nodeems eng infizéiert Persoun weider zu de Gottesdéngschter an d‘Kierch/Tempel komm war.

Zu Busan, wou sech aktuell op d‘Ausdroe vun der Weltmeeschterschaft am Tennis virbereet gëtt, goufen elo och éischt Infektioune gemellt. Spekulatiounen iwwert eng méiglech Annulatioun vun der Weltmeeschterschaft maachen d‘Ronn a wann zu Stonn, de Weltverband nach keng offiziell Stellungnam ofginn huet, et ass net dovunner auszegoen, datt si dru festhalen.

Am Iran ginn déi Verantwortlech am Gesondheetsministère dovunner aus, datt de Covid19 an alle gréissere Stied ze fannen ass. De WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus huet gewarnt: „Wann déi international Communautéit elo net haart géint de Virus virgeet, sti mir geschwënn virun engem seriéise Problem“. An dat ass ganz eescht gemengt.

CoronavirusEt ass erwisenermoosse vill méi bëlleg Preventioun ze bedreiwen, wéi sech mat enger globaler Pandemie erëmzeschloen. Mee d‘Geld muss vun de Membere kommen an déi schéngen – wéi dat ëmmer de Fall ass – der Usiicht ze sinn, datt alles nach net schlëmm genuch ass, a souwisou anerer de Problem ze léisen hunn. Huet eppes Solidaritéit ze dinn…

Laut WHO géifen awer elo direkt 625 Milliounen Euro gebraucht, fir Länner mat engem marode Gesondheetssystem esou auszestafféieren, datt si dem Covid19 eppes entgéintzestellen hunn. Déi wou datt leeschte kéinten, mussen awer emol préiwen, op sech dat nationalpolitesch fir si als Virdeelhaft presentéiert… et wëll ee jo zeréckgewielt ginn.

mat indymedia/rom/tpe/sel/gva/ber

Illustratioun: © CGTN

Ähnlech Sujeten China, Coronavirus, Covid19, Italien, Longekrankheet, Pandemie, SARS-CoV2, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel