IS-Kämpfer an hiren Heemechte viru Geriicht stellen
Anescht wéi d‘Länner aus Westeuropa, wëllen d‘USA hire Landsleit, déi
Anescht wéi d‘Länner aus Westeuropa, wëllen d‘USA hire Landsleit, déi
Mat der Ofso vun de kulturellen Evenementer am Ufank vun
De pakistanesche Verdeedegungsministère huet viru bekannt ginn, datt d‘Loftwaff zwee
D’Persoun, déi um Coronavirus (Covid19) infizéiert ass, ass iwwert de Loftwee vun Italien iwwert Charleroi op Lëtzebuerg komm a befënnt sech momentan, zesumme mat der Famill, am CHL. Ma, gemellt hat den Erkrankte sech selwer, wat fir d’Paulette Lenert beweist, datt d’Sécherheetsmoossname klappen. De Gesondheetsministère huet d’Bestätegung erhalen, allerdéngs waart een elo nach d’Resultat vun engem zweeten Test am Ausland of, fir zu 100 Prozent sécher ze sinn. Déi endgülteg Confirmatioun kritt ee soumat eréischt muer de Moien.
Et wollt een transparent handelen an d’Ëffentlechkeet schnell informéieren. Wichteg wier et zudeem, weiderhin net a Panik ze verfalen, et wier nämlech ee ganz normalen Zeenario, fir deen een alles ageplangt hätt. Aktuell mécht een de sougenannte Contact-Tracing, fir erauszefannen, mat wiem d’Persoun a Kontakt war, wien doduerch potentiell och um Virus erkrankt ass an isoléiert muss ginn.
Wat sollt een elo beuechten? Majo, et soll ee sech weiderhin normal verhalen, dobäi awer d’Hygiènesreegelen vun enger normaler Gripp befollegen. Heizou gehéiert et sech reegelméisseg d’Hänn ze wäschen, net no baussen ze houschten oder ze néitzen a sech ze mellen, wann een an de leschte 14 Deeg an engem vun de Krisegebidder (China, Hong Kong, Macau, Singapur, Japan, Südkorea, Iran, Lombardei, Venetien, Emilia-Romagna, Piemont) war a Symptomer opweist.
D’Gesondheetsministesch huet och uginn, datt zu Lëtzebuerg keng Evenementer ofgesot ginn. D’Lag gëtt eréischt dann eescht, wa Mënsche sech direkt zu Lëtzebuerg infizéiert hunn. Beim éischte Fall handelt et sech ëm een Import-Fall, wourop d’Spidol preparéiert ass.
Weider Informatiounen an Verhalensreegelen ginn et op sante.lu.
Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu