Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm
International Neiegkeeten

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm

De Start vun der neier Nationalbibliothéik (BnL) hätt net kënne

Eis Schueberfouer – Vun der Wuerzel bis zur Fruucht
International Neiegkeeten

Eis Schueberfouer – Vun der Wuerzel bis zur Fruucht

Haut den Owend ass et nees esou wäit: Mat der

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff
International Neiegkeeten

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff

D‘Eisebunn an de Nohaltegkeetsministère hunn um Méindeg, mat grousse wieder

Coronavirus: EU a Groussbritannien beroden iwwert Schutzmoossnamen

D‘Briten hunn d‘Mesure verschäerft an d‘EU huet fir en Donneschdeg eng Drénglechkeetssëtzung vun de Gesondheetsminister aberuff – Et besteet awer och weiderhi kee Grond zur Panik

Coronavirus: EU a Groussbritannien beroden iwwert Schutzmoossnamen

An der Provënz Hubei si bannent 24 Stonnen 107 Mënschen dem neiaartege Coronavirus erleeën, wat elo d‘Zuel vun den Doudegen an Zentralchina op 1.016 bruecht huet. Landeswäit gouf et am gläichen Zäitraum 2.478 nei Infektiounsfäll an och de President Xi Jinping hëlt dat ganz eescht…

Esou och d‘Briten, wou d‘Regierung elo de Virus 2019-nCov als „eeschthaft an onmëttelbar Gefor fir déi ëffentlech Gesondheet“ erkläert huet. Mat dësem Schratt ass et elo méiglech, Mënschen déi sech infizéiert hunn, och géint hire Wëllen a Quarantaine ze setzen oder ze isoléieren. Zudeem géif d‘Moossnam derzou bäidroen, datt d‘Salariéeën aus dem Gesondheetssecteur d‘Bierger am Land besser schütze kënnen. Hei gouf et och 4 nei Fäll, wat d‘Zuel vun den Infizéierten op 8 erhéicht.

CoronavirusGroussbritannien, dat zanter kuerzem seng „Fräiheet“ zréckeruewert huet, ass eng Dréischeif fir den Tourismus aus Asien, firwat dës Moossname Sënnvoll erschéngen. Ob dat d‘Entscheedung vum EU-Kommissär fir Krisemanagement, Janez Lernarcic, beaflosst huet fir dësen Donneschdeg eng Drénglechkeetssëtzung vun de 27 europäesche Gesondheetsminister anzeberuffen? Méiglech ass et.

Bei dëser Sëtzung sollen dann och zousätzlech Schutzmoossname berode ginn. Méiglecherweis gëtt ee sech esouguer eens, an et kënnt zu eenheetleche Kontrolle bei der Arees. Iwwert eng séier Entwécklung vun engem Impfstoff wäert ee sech wuel och mussen ënnerhalen. En anere Problem – deen awer der Globaliséierung an der Profitmaximéierung geschëlt ass – bezitt sech op méiglech Enkpäss bei de Medikamenter, wat op d‘Produktiounsënnerbriechung a China zréckzeféieren ass.

CoronavirusUn dëser Sëtzung wäert och e Vertrieder vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) bedeelegt ginn. Mat Bléck op déi bis ewell international bestätegt Infektiounsfäll, huet de WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus erkläert, datt dat méiglecherweis nëmmen d‘Spëtzt vum Äisbierg ass an d‘Zuelen tatsächlech op eng gréisser Verbreedung deite loossen. Dat ass éischter beonrouegend.

Vu China aus, huet sech de Coronavirus bis ewell a ronn 30 Länner ausgebreet, an hei sinn 320 Mënsche mam 2019-nCov infizéiert. Am Frankräich sinn et 11, an Däitschland 14 nogewisen Infektiounen. U Bord vun der „Diamond Princess“ déi zu Yokohama virun der japanescher Küst ugehale ginn ass, goufen elo 60 nei Infektiounsfäll festgestallt. 70 Fäll hat et hei scho ginn a fir déi 3.700 Mënschen um Croisièresschëff ass d‘Quarantaine elo och op den 19. Februar verlängert ginn.

CoronavirusBleift nach drop hinzeweisen, datt déi weltgréisste Foire vun der Telekommunikatioun: „Mobile World Congress“ (MWC) déi vum 24. bis 27. Februar zu Barcelona vum Veranstalter GSMA organiséiert gëtt, dreet zum Flopp ze ginn. Amazon a Sony hunn ofgesot, Ericsson, LG an NVIDIA haten sech schon ofgemellt an et gëtt nach vill „Wackelkandidaten“. Wéi gesot keng Panik…

mat indymedia/bru/gva/bcn

Ähnlech Sujeten 2019-nCoV, China, Coronavirus, Drénglechkeetssëtzung, EU, Gesondheetsminister, Groussbritannien, WHO, Wuhan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel