Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rumänien: Referendum géint d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnes gescheitert
International Neiegkeeten

Rumänien: Referendum géint d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnes gescheitert

De Weekend hunn d‘Rumänen sech geweigert, de Verbuet vum gläichgeschlechtleche

Safe to Serve: En neit Qualitéitszeeche fir Restauranten a Caféen
International Neiegkeeten

Safe to Serve: En neit Qualitéitszeeche fir Restauranten a Caféen

Wärend gëschter an der Stad Lëtzebuerg d’Terrassen nees opgemaach gi

Iwwerschwemmungsgefor zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Iwwerschwemmungsgefor zu Lëtzebuerg

No de schrecklechen Onwieder vun 2018, bei deene vill Leit

Coronavirus: „Et ass Zäit fir Fakten net fir Angscht“

WHO rifft internationale Gesondheetsnoutstand aus, mee et gëtt kee Grond zur Panik

Coronavirus: „Et ass Zäit fir Fakten net fir Angscht“

Ugesiichts der Verbreedung vum Coronavirus „2019-nCov“ huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) eng gesondheetlech Noutlag vun internationaler Dimensioun agestuuft. Domadder si konkret Recommandatiounen un déi iwwer 190 Memberlänner verbonnen. Weltwäit sinn 8.100 Mënsche betraff, déi grouss Majoritéit dovunner a China.

Beim der Pressekonferenz wou d‘Decisioun public gemaach an erkläert gouf, huet den Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus fir unzefänken, de chineseschen Autoritéite fir hire virbildlechen Ëmgang mam Virus Merci gesot a betount, datt dës Moossnam net als Mësstraue géintiwwer China ze verstoen ass. Nach ass d‘Zuel vun den Infektioune baussent China geréng, mee et stellt sech elo och d‘Fro, wei Länner mat engem schwaachem Gesondheetssystem domadder ëmgoe mussen.

Bis ewell hat d‘WHO drop verzicht den Ausbroch als internationale Gesondheetsnoutstand ze deklaréieren. „Mir sëtzen all am selwechte Boot“, esou de WHO-Direkter, deen nach feststellt, datt een de Virus nëmmen zesummen ophale kann. „Et ass Zäit fir Fakten, net fir Angscht!“, esou den Tedros Adhanom Ghebreyesus gëschter zu Genève. D‘Empfeelung vun der WHO ass däitlech: déi Länner mat manner entwéckelte Gesondheetssystemer solle vun der Communautéit gestëtzt ginn.

CoronavirusD‘Recherche fir Medikamenter/Impfstoffer soll beschleunegt ginn, d‘Wëssen an d‘Donnéeë solle gedeelt, Rumeure misst mat Fakte begéint ginn. Handels- oder Reesbeschränkunge gi säitens der WHO awer keng ausgeschwat. Wichteg ass, datt d‘Memberlänner hir Moossname koordinéieren: „Wann all Land seng eege Moossnamen ergräift, kann dat d‘Rezept fir en Desaster sinn, och wirtschaftlech“, erkläert den Coordinateur Michael Ryan. Verflichtend sinn d‘Empfeelungen net.

Informatioun statt Polemik

D‘Zuel vun den Infektiounen duerch dësen neiaartege Coronavirus huet déi weltwäit Fäll vun der SARS-Pandemie vu viru 17 Joer iwwertraff. Mat 317 neie Fäll, déi d‘Autoritéiten an der Provënz Hubei um Donneschdeg gemellt hunn, ass d‘Zuel vun de Mënschen déi vum Coronavirus befall sinn op iwwer 8.100 geklommen. Zur Erënnerung: Beim „Schwéieren akuten Ootmungssyndrom“ (SARS) waren 2002/3 laut WHO 8.096 Mënschen infizéiert, 774 dovunner sinn dësem erleeën.

CoronavirusVirun zwou Woche waren et nach 40 Persounen, déi vum 2019-nCov betraff waren. Mëttlerweil sinn a ronn 20 Länner iwwer 100 Fäll diagnostizéiert ginn, dorënner eis direkt Noperen Däitschland a Frankräich. Nieft den asiatesche Länner: Japan, Thailand, Südkorea, Philippinnen a Malaysia, sinn och Infektiounen an den USA, Indien a Finnland gemellt ginn. An de meeschte Fäll handelt sech ëm Touristen aus China, mee et kënnt och schon zu Infektioune baussent China.

Et sollt een dann och nach wëssen, datt d‘Méiglechkeet en internationale Gesondheetsnoutstand auszeruffen eréischt zanter 2005 besteet. Virun dësem neiaartege Virus huet et fënnef Fäll ginn, déi dës Mesure ausgeléist hunn: 2009/11 (H1N1 Schwéngsgripp), 2014/16 an 2018/20 (Ebola-Féiwer), 2014/20 (Polio – Kinderlähmung), 2016/20 (Zika-Virus) an elo 2019/20 (Coronavirus 2019-nCov).

Och Lëtzebuerg bereet sech zanter elo enger Woch op eng méiglech Infektioun vir. All verdächtege Fall, esou d‘Direktioun vun der Santé, muss gemellt ginn. Wéi wäit den nationale Laboratoire mat der Entwécklung vun „Tester“ ass, ass net gewosst. Säit enger Woch waarde mir op eng Äntwert vu Lux-Airport, vun deene mir wësse wollten, ob si Moossname wéi beispillsweis e Monitoring, um Fluchhafe virgesinn hunn. Och telefonesch ass keen ze erreechen, wat éischter beonrouegend ass.

mat indymedia/gva

Foto: Bei der Pressekonferenz huet de WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus, viru Panik a falschen Informatioune gewarnt. © WHO

Ähnlech Sujeten 2019-nCoV, Coronavirus, Gesondheetsnoutstand, Tedros Adhanom Ghebreyesus, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel