Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Nie méi“ – Als Erënnerungen un den Holocaust
a christian perspective on dating stages of dating me

afraid of dating sites

„Um 27. Januar 1945 sinn d’Diere vun der Häll opgemaach

https://moien.lu/willow-pape-dating/
a christian perspective on dating stages of dating me

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!

Am Mee an Dezember 2018 hunn 2 Entrevuë mat der

Bensin aus Kaffi? Majo sécher!
a christian perspective on dating stages of dating me

Bensin aus Kaffi? Majo sécher!

Ëmmer erëm si mir konfrontéiert mat steigende Präisser, virun allem

Coronavirus: G7-Ausseministersommet am virtuelle Raum

Ausseminister vun de 7 gréissten Industrienatiounen net Amstand eng gemeinsam Linn ze fannen

Coronavirus: G7-Ausseministersommet am virtuelle Raum

Eigentlech hat sech den US-President drop gefreet, matten am US-Wahlkampf de G7-Sommet zu Camp David veranstalten ze dierfen. D‘USA hunn dëst Joer d‘Presidence vun dësem elitäre Veräin an den Donald Trump hätt dës Bühn gäre genotzt, fir senge Landsleit ze beweisen, wéi hien déi amerikanesch Interessen an der Welt vertrëtt. De Coronavirus Covid19 huet dat elo verhënnert…

Gëschter da waren et emol fir unzefänken d‘Ausseminister déi sech am virtuelle Raum getraff hunn, an eigentlech hätt e wëllen unhuelen, datt sech déi sech op gemeinsam Leitlinnen am Kampf géint d‘Pandemie sollte verstännege kënnen. Mee déi Hoffnunge goufe séier zerschloen an villes huet sech laang ëm dem Donald Trump seng Bezeechnunge „China-Virus“ oder „Wuhan-Virus“ gedréit.

CoronavirusAn de Virgespréicher hunn d‘USA drop bestanen, datt an enger méiglecher Ofschlosserklärung, déi chinesesch Originne vum Coronavirus misste betount ginn. Scho bei dëser Fuerderung fält et engem liicht sech virzestellen, datt déi aner sechs ganz frou waren, net den Deplacement op Pittsburgh op sech geholl ze hunn, wou sech d‘Ausseminister vun de G7-Länner eigentlech hätten treffe sollen.

Amerikaner kënnen net ouni Feindbild liewen

Et sinn Zäiten, an deenen et ubruecht wier wa Politiker, a besonnesch déi wou an der Verantwortung stinn, sech mënschlech Zich géifen zouleeën. Statt den Dissens ze fërderen, globalen Zesummenhalt demonstréieren, dat wier grouss Politik gewiescht… Mee mam Mike Pompeo, dee virun ee puer Deeg den Afghanen d‘Hëllef ëm 1 Milliard US-Dollar fir 2020 gekierzt huet, ass dat onméiglech.

Hie werft, de Chinese vir, d‘Informatiounen zum Coronavirus zréckgehalen ze hunn a bewosst den Ursprong vun der Pandemie vertuscht ze hunn. „Si waren dat éischt Land, dat vun de Risike fir déi ganz Welt wousst an si hunn absichtlech d‘Iwwermëttlung vun dësen Informatioune verzögert“, esou d‘Behaaptung vum US-Ausseminister, dee mat dësem Statement zwee kloer Ziler verfollegt.

CoronavirusZum enge well et den Ament China, Kuba an esouguer Russland, sech asetzen an Weltwäit (och eis) déi Hëllef leeschte wou grad gebraucht gëtt. Gutt dat och si „Interessen“ hunn ass gewosst, mee do ze behaapte Peking hätt d‘Pandemie bewosst erbäigefouert… D‘USA a China hunn den Ament net wierklech dat wat een e frëndschaftlecht Verhältnis huet, dofir gëtt et massiv Scholdzouweisungen.

De Chinese virzewerfen, si géife keng Wëssenschaftler an Experten aus den USA an d‘Land loosse fir sech e Bild ze maachen, nodeems Washington chinesesche Medien de Stecker gezunn huet, ass u sech de Beweis, datt de Mike Pompeo d‘Konfrontatioun sicht fir den US-Bierger ee Schëllegen ze presentéieren. Datt China behaapt d‘USA hätten de Virus ageschleeft, hëlleft natierlech och net.

Alles nëmmen Zäitverschwendung…

An fir seng Homologen huet den US-Ausseminister och eng Rei Reproche parat gehalen. Markant d‘Feststellung, datt déi „aner sechs“ bei hire Berodunge vun der Desinformatiounscampagne solle gewosst hunn. De Mike Pompeo huet stänneg vum Wuhan-Virus geschwat – en Termini dee säi Chef net méi benotze wëll – a wollt dës Bezeechnung zwéngend an der Ofschlosserklärung hunn.

Déi gëtt et natierlech esou net, keen eenegermoosse gescheite Politiker konnt sech dëser Fuerderung uschléissen. Et ass schliisslech net den Ament fir Sträit, mee fir Zesummenhalt. Datt de „big Mike“ datt wëll verhënneren, huet esouwuel mat nationalen Interessen ze dinn, wéi eben och dat am November d‘Amerikaner sech mussen entscheeden, ob si dem „Krichspresident“ en 2. Mandat ginn.

CoronavirusWar dëse virtuelle Sommet elo nëmmen Zäitverschwendung, vu datt sech nees op näischt konnt verstännegt ginn? Net fir den US-Ausseminister. Dee huet keck behaapt datt dës Berodung ganz erfollegräich war, a seng Kollegen aus Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Japan a Kanada d‘Usiichte vun der US-Regierung verstoe géifen. Dat ass glat gelunn, mee esou leeft et…

Gutt dann awer datt Däitschland a Groussbritannien nach e Pabeier virleeë konnten, an deem sech drop gëeenegt ginn ass datt een iergendwann eng misst doriwwer Beroden, op eng international Zesummenaarbecht bei der Fuerschung, Entwécklung a Bereetstellung vun Impfstoffer net awer Sënnvoll wier. Den Heiko Maas (D) huet sech zudeem fir ee Fréiwarnsystem staark gemaach.

mat indymedia/was

Foto: „Mat der ni do gewieschten Erausfuerderung an der Konfrontatioun mam Wuhan-Virus, ass eng Zesummenaarbecht mat eise Partner méi wichteg wéi jee. Onse virtuelle Sommet war produktiv an ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt mir dës Kris zesummen op en Enn brénge, an weiderhin eis Wäerter – Fräiheet a gutt Gouvernance – promouvéiere kënnen“, esou den US-Ausseminister Mike Pompeo. © State Department (handout)

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, G7-Ausseminister, Mike Pompeo, Wuhan-Virus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel