Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten Akt XI: Samschdes giel Gileten… Sonndes rout Schaler
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XI: Samschdes giel Gileten… Sonndes rout Schaler

Et ware mat 69.000 Manifestanten op dësem 11. Dag vum

178 Km/h am Stafelter-Tunnel
Neiegkeeten

178 Km/h am Stafelter-Tunnel

Fir de jonke Chauffeur am „Stage“ huet en der Nuecht

Ee Bléck hannert d’Kulissen: Besonnesche Besuch bei Jos & Jean-Marie
Neiegkeeten

Ee Bléck hannert d’Kulissen: Besonnesche Besuch bei Jos & Jean-Marie

Ee gudde Croissant gefälleg, oder dach léiwer eng frësch Schockelasrull?

De Coronavirus an d’Gesondheetsmedezin – Wann Angscht dominéiert

De Coronavirus an d’Gesondheetsmedezin – Wann Angscht dominéiert

Et soll e bei den Dokter goen. Ma et soll een och doheem bleiwen. Fir de Coronavirus anzedämme goufe vill Cabinete bis op Weideres zougemaach, Rendez-vouse goufen ofgesot- et ginn awer Teleconsultatiounen ugebueden. D’Urgencë sinn nach ëmmer op.

Op Facebook kurséiert elo en Opruff vum Cyril Thix, deen zesumme mat aneren Doktere feststellt, dass manner Leit an d’Spidol kommen. Dëst kann sech fatal op d’Gesondheet auswierken, e klengen Hireschlag kann zu engem grousse Problem ginn. Oder e Kriibs gëtt ze spéit entdeckt, d’Heelungschance verschlechteren sech.

Hie präziséiert, dass zu all Zäitpunkt eis Sécherheet am Virdergrond steet! Dofir, wann et muss sinn, gitt bei den Dokter, et kann Äert Liewe retten.

D’Angscht dominéiert ze vill – wien soll da schonn e klengen Häerzinfarkt gemaach hunn? An huet et just fir eng Panikattack gehalen? An dëser Kris ginn et Kollateralschied, ma elo sinn ech virwëtzeg. Wéi gesäit esou eng Statistik wuel aus? Wien ass dem COVID zum Affer gefall, obwuel en net infizéiert war a sech un d’Reegele gehalen huet? Wou fänkt eng Urgence un?

Dann hu mir och de Problem mat den Zänndokteren – déi schaffen just wann en Noutfall besteet. Ausserdeem ass et een Dokter, deen d’Santé fir eis erausgesicht huet. Dat gefält mir net. Wat ass mat Angschtpatienten? Wéi gëtt en Noutfall definéiert? Wann e wéi huet? Net méi schlofe kann?

Jiddweree vun eis huet en anert Gefill vu Péng. Et kann een uerg Zännproblemer entwéckelen – an dat ouni et ze spieren. Bis op eemol eng Entzündung de Kierper schachmatt leet. D’Problemer hunn ënnerschiddlechst Gesiichter – wien decidéiert wat onnëtz ass a wat net?

Huele mir als Beispill e fäerteregt Kand, et mécht de Mond just bei senger Doktesch op. D’Zänn mussen all puer Woche kontrolléiert ginn, well se een Defekt hunn a séier futti ginn. Gutt se ginn dacks gewäsch, mä och hei feelt de Kontakt fir d’Angscht z’iwwerwannen.

Et ass jo nëmmen een ästhetesche Problem. Wierklech? Do sinn ech mir net sécher. D’Fro ass, léisst dat Kand sech nom Confinement einfach gewäerden? Oder mussen d’Elteren bei Null ufänken? An dat alles, op wiem seng Käschten?

Opmaacherbild: © Clay Banks / Unsplash

Ähnlech Sujeten Angscht, Angschtpatienten, Coronavirus, Covid-19, Dr. Cyril Thix, Dr. Emile Bock, Gesondheet, Hôpitaux Robert Schuman, Noutfall, Teleconsultatioun, Urgence, Zänndokter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel