Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Handelskummer: Mam Luc Frieden an d‘Zukunft?
International Neiegkeeten

Handelskummer: Mam Luc Frieden an d‘Zukunft?

En Dënschdeg huet d‘Handelskummer, déi zum Acteur vun der wirtschaftlecher

En neie Stroossebelag um CR231 (11.-12.07.2020)
International Neiegkeeten

En neie Stroossebelag um CR231 (11.-12.07.2020)

Duerch Aarbechten um CR231 tëscht dem Rondpoint Houwald an der

Éischt Sportverletzunge bei de Motarden
International Neiegkeeten

Éischt Sportverletzunge bei de Motarden

Zanter dem leschten Donneschdeg sinn – nodeems den Transportminister an

Coronavirus: Ëmmer méi Länner schotten sech of

Och den USA schéngen se sech der sanitärer Bedreeung bewosst ze ginn, den Donald Trump huet den Noutstand ausgeruff

Coronavirus: Ëmmer méi Länner schotten sech of

Et ass eng Kris, esouvill ass sécher… et wier allerdéngs net vu Muttwëll wann sech d‘Länner géifen ofschwätzen, hir Aktioune Koordinéieren. An Europa? Ëmmer méi Länner hu sech entscheet hir Grenzen zouzesetzen, fir d‘éischt Tschechien, dunn Dänemark an elo och Polen. Hëlleft dat? Nee.

„An der Nout erkennt ee seng Frënn“ seet de Volleksmond, mee leider ass et an der Unioun net méi wäit hir mat der Frëndschaft. Eigentlech sollten elo all d‘Länner hir Zesummenaarbecht verstäerken amplaz jidderee fir sech ze kucke wat hie fir déi bescht Léisung hält. D‘Grenze bannent der Unioun zou ze maachen ass jiddefalls keng. Et ass eng Kris, déi zu gudder Lescht och en Test fir d‘EU ass.

No den Tschechen an den Dänen hunn dann elo och d‘Polen sech entscheet hir Grenze fir 10 Deeg zouzemaachen. Eng Verlängerung vun 20 Deeg ass schonn ugeduecht ginn. Dës Mesure soll an der Nuecht vum Samschdeg op e Sonndeg ëmgesat ginn. Ab da ginn „ëmfänglech Kontrollen“ un de Grenzen duerchgefouert, esou d‘Annonce vum polneschen Inneminister Mariusz Kaminsky.

Polen dierfen natierlech och weiderhin an hir Heemecht zréck, Et heescht awer bei Grenziwwertrëtt emol fir unzefänken sech 14 Deeg a Quarantaine ze beginn. Ab e Sonndeg ginn International Fluch- an Zuchverbindungen ausgesat. D‘Grenze géifen awer fir de Wuereverkéier opbleiwen. Wéi laang dat gëlle soll? Laut dem Ministerpresident Mateusz Morawiecki: esou laang wéi et noutwenneg ass.

Coronavirus

Laut den offiziellen Zuelen, sollen sech a Polen 60 Leit mam Coronavirus Covid19 infizéiert hunn. Polen ass säit dem politesche Wiessel zu engem radikal reliéise Land ginn an d‘Muecht vun der Kierch ass allgéigewäerteg. Ob et allerdéngs mat biede gedoen ass…

Mee och am Inland gëtt et strikt Beschränkungen. Geschäfter a Supermarchéë solle bis op déi Enseignen déi Liewensmëttel verkafen zou bleiwen. Dat gëllt och fir de gesamten HORESCA-Secteur, woubäi d‘Ausliwwerung vun zoubereeten Iesswueren erlaabt bleift. Evenementer a Veranstaltunge mat méi wéi 50 Persounen si verbueden. Wei ee gesäit, si gräifen haart duerch…

Dozou de Ministerpresident: „Dat si schwiereg Entscheedungen, mee mat dëse kënne mir nach méi haart Zäite verhënneren“. Fir d‘Leit selwer ass et eng komplizéiert an deels onverständlech Decisioun. An enger enk vernetzter Welt, gesinn och d‘Polen wéi een op anerer Plaz mat der Kris ëmgeet. Déi staark divergent Moossname bannent der EU, suergen dann och net fir Zouversiicht.

Och d‘Däne maachen „zou“ an d‘Tscheche ruffen den Noutstand aus

Nach iert Polen seng Decisioun ëffentlech gemaach hat, hunn d‘Dänen ugekënnegt hir Grenzen ab dem Samschdegnomëtten zou ze maachen, an dat bis mindestens Ouschteren. Touristen an soss Auslänner déi keen trëftege Grond hunn sech an Dänemark opzehalen, ginn net méi eragelooss. Fir sécherzestellen, datt dës Moossnam agehale gëtt, ginn d‘Poliziste vun der Arméi ënnerstëtzt.

Déi dänesch Ministerpresidentin, Mette Frederiksen, bestätegt an dësem Kontext, datt besonnesch d‘Grenzen zu Däitschland a Schweden vun dëse Kontrolle betraff sinn, mee natierlech och d‘Garen an d‘Fluchhäfe méi „Opmierksamkeet“ erhalen. Och hei soll de Wuereverkéier net ënnerbrach ginn. An Dänemark gëtt et aktuell ronn 800 Infektiounsfäll. Weider Moossname sinn net ausgeschloss.

CoronavirusEn Donneschdeg haten d‘Tscheche schonn den Noutstand ausgeruff a senge Staatsbierger d‘Ausrees an déi als „Risikogebitt“ erkläerte Länner ënnersot an och Grenzkontrollen annoncéiert. E Freideg dann huet d‘Regierung beschloss d‘Mesuren nach eppes ze verschäerfen. Ab e Méindeg dierfen Auslänner net méi eran, an d‘Tschechen net méi eraus. Op en Zäitraum gouf sech net festgeluecht.

Zu Paräis – wou d‘Moossname scho bal am Stonnentakt verschäerft ginn – huet den Emmanuel Macron Versteesdemech fir déi genannte Mesure gewisen, woubäi hien et géif virzéien, d‘Konzept vun de strenge Grenzkontrollen op d‘Baussegrenze vun der EU ze begrenzen. Am Raum Schengen selwer, wieren d‘Grenzschléissungen net Sënnvoll, géint Kontrollen awer hätt een näischt.

Nom franséische Konzept, dat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen virgeluecht gouf, sollten d‘Kontrollen an d‘Areesbeschränkungen un de Grenze vum Schengenraum verluecht ginn. Dat géif esouwuel d‘Sécherheetskräfte wéi d‘Gesondheetssystemer entlaaschten. Zu Bréissel ass een allerdéngs géint eesäiteg Moossname wéi Areesverbuet an/oder Grenzkontrollen.

Woubäi a „punkto Kontroll“ soll et de Länner méiglech sinn, op de Grenzen e Gesondheetscheck duerchzeféieren. Gestäipt gëtt dem franséische President seng Propose, vun den Inneminister Christophe Castaner (F) an Horst Seehofer (D). Et ass u sech och evident, datt et (och ouni Kris) eng koordinéiert Virgoensweis sollt un den europäesche Baussegrenze ginn…

US-President rifft wéinst dem Coronavirus Covis19 den Noutstand ausféierlech

Dem Donald Trump seng Decisioune schéngen éischter Wahlkampfgesteiert, wéi datt se engem Krise-Muster géife follegen. Dësen, wéi den US-President e bezeechent „China-Virus“ war bis virun enger 14 Deeg ee Problem dee sech am Fréijoer bei steigenden Temperature vum selwe géif reegelen. Schued fir de charismatesche Milliardär a Geschäftsmann: de Maart reegelt dat eloten net.

Gëschter da mussen dem Donald Trump seng Beroder sech duerchgesat hunn. Den Donald Trump huet am Virgäertche vum Wäissen Haus a gewinnt entspaanter Pose erkläert: „Mir mussen d‘Bedreeung duerch de Virus iwwerwannen. Mir sinn an enger neier Phas vun enger Pandemie déi sech laang hale kann“. Eng Erkenntnis déi US-Experte schonn Ufank Februar ausgedréckt haten.

Coronavirus

D‘Influenzerin Sara A. Carter schafft fir dem Donald Trump säin Haussender Fox News. Et ass hire Job dofir ze suergen, datt d‘leit iwwerzeegt sinn, de Chef hätt alles am Grëff.

An datt et dem Milliardär elo geziilt ëm seng Landsleit géif goen, léisst sech leider net bestätegen. Den Noutstand erméiglecht der Regierung méi séier de Bundesstaaten a Gemenge finanziell Hëllef zoukommen ze loossen, déi derzou sollte bäidroen, d‘Verbreedung vun der Infektiounskrankheet ze miniméieren. Zu dësem Zweck solle bis zu 50 Milliarden US-Dollar opgewannt kënne ginn.

Geld dat och aus dem Fonds vun der Katastrophenhëllef geholl gëtt. Den US-President huet seng Bundesstaaten opgefuerdert Zentre fir d‘Opnam an d‘Behandlung vun Infizéierten anzeriichten an elo och Noutfallpläng auszeschaffen. Zudeem gëtt et elo och emol offiziell Zuelen: laut dem Zenter fir Seechekontroll a -Preventioun (CDC) hu sech an den USA ëm déi 1.600 Mënschen infizéiert.

D‘Donkelziffer dierft awer ëm ee villfacht méi héich sinn, an elo wou ee sech sollt kënne gratis teste loossen, kéinten och d‘Zuelen aus Amerika sech an den nächsten op engem méi glafwierdegen Niveau apendelen. Woubäi zur Stonn soll nëmmen den „Test“ gratis sinn. Dat awer ass nach sekundär, dem US-President war et wichteg, sech op d‘Prioritéit, de Wahlkampf, ze konzentréieren.

Coronavirus

… dat eloten ass Interessant, anscheinend hat de weltgréissten Diplomat „Kontakt“ mat engem brasilianesche Regierungsvertrieder, deen Infizéiert war. Mee et sollt een sech elo keng falsch Hoffnunge maachen…

Also huet hien sech nees selwer gelueft a seng rezent Decisiounen nach emol héich gehalen. Hien, deen de Vizepresident Mike Pence zum Koordinator vun der Kris bestallt huet, ass immens frou wéi déi getraffe Moossnamen am Kampf géint dës Pandemie gräifen. Um Donneschdeg gouf de Bierger aus der EU d‘Arees verbueden, an dat fir mindestens 30 Deeg. Dës Mesure ass säit 0 Auer gülteg.

Vergiesse mir net, datt et och fir d‘Wirtschaft ënnerstëtzend Moossname brauch. A scho virum ausruffe vum nationalen Noutstand hat hie dem Patronat an de Wirtschaftsmogule Hëllef versprach. Dat wier iwwert Kreditter oder Steiererliichterung méiglech, esou de Milliardär, dee virdrun der FED nach den Dicks gebéit hat. De Bourssen an den USA geet esou schlecht wéi laang net méi….

mat indymedia

Foto: Reese gëtt komplizéiert, a wéini ee sech esou eng Mask virun d‘Gesiicht peche soll, verstinn och déi meeschte leit net. Et wier awer och schonn emol een Ufank, wann et esou eppes wéi ee fir ganz Europa gültegt Konzept géif ginn. © Debbie Kilroy

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Grenzschléissung, Longeninfektioun, Pandemie, SARS-CoV2, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel