Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wie fir d‘éischt schéisst stierft als zweet
International Neiegkeeten

Wie fir d‘éischt schéisst stierft als zweet

A Libyen huet de Generol Chalifa Haftar seng Truppen an

De Roy Moore scheitert a gëtt engem nei Hoffnung
International Neiegkeeten

De Roy Moore scheitert a gëtt engem nei Hoffnung

D’Angscht, datt d’Joer 2017 grad esou schlëmm géif ginn wéi

De Lëtzebuerger Adventszirkus ass nees do!
International Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Adventszirkus ass nees do!

Et ass déi 13. Editioun vum Lëtzebuerger Adventszirkus, an d‘Artisten

Coronavirus: De BoJo vertraut der Vernonft

Groussbritannien léisst de Schoulbetrib weider Lafen, d‘Pub s mussen net zoumaachen

Coronavirus: De BoJo vertraut der Vernonft

Et ass laang gewaart ginn, mee och op der Insel déi aner säit dem Äermelkanal, ginn elo endlech méi konkret Moossnamen am Kampf géint de Coronavirus Covid19 ergraff. Woubäi London net, wéi soss op der Welt, op Sanktioune mee op d‘Asiicht vun der Bevëlkerung setzt. D‘Bistroen oder d‘Restauranten, mee och Theater, keen ass opgefuerdert ginn zouzemaachen. Dat ass dat eent…

…dat anert ass, datt d‘Regierung d‘Vollek awer opgeruff, dës Etablissementer ze meiden. Soss sinn d‘Moossnamen déi gängeg: wie ka soll doheem bleiwen, och den Homeoffice soll verstäerkt genotzt ginn an am Fall wou ee sech begéint sollt een eng „sozial Distanz“ vu sechs Fouss agehale ginn. Eeler Mënsche solle ganz am Haus bleiwen, d‘Krapperten dogéint weider an d‘Schoul goen.

CoronavirusDomadder huet de Boris Johnson eng 180° Kéier hikritt, wat wuel och domadder ze dinn huet, datt d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an ongezielten Experten, d‘Virgoensweis vun der Regierung schaarf kritiséiert hat. Bis Méindegnomëttes waren d‘Britten déi eenzeg, déi sech nach onageschränkt „beweege“ konnten. An dat net well d‘Insel net vun der Pandemie betraff wier.

Dat huet et fréier och scho ginn

Nee de Boris Johnson huet sech u „Bewäertes“ gehalen a fräi nom Motto „Keep calm and carry on“ – e Slogan aus dem zweete Weltkrich – agéiert, an dat net ouni Grond. D‘Iddi hannert der Strategie vun der Regierung: den Opbau vun der sougenannter Häerdenimmunitéit. Eppes méi vereinfacht ausgedréckt, jonk an/oder gesond Mënsche sollen sech Infizéieren an iwwert dëse Wee immun ginn.

Hei ass een eeschthaft dovunner ausgaangen, datt esou zweedrëttel vun der Bevëlkerung immun ginn an déi opgebauten Immunitéit der Allgemengheet hëllefe soll, d‘Verbreedung vum Virus ze erschwéieren, wann dësen am Hiecht nach emol sollt optrieden. Esou virzegoen an net am Sënn vun der WHO, an och 245 Wëssenschaftler haten sech iwwert de Weekend schrëftlech beschwéiert.

CoronavirusReklamatiounen déi Wierken, d‘Regierung huet elo, wéi dat an de meeschte Länner de Fall ass, och Mesuren ugekënnegt. Dat awer net ouni erkläert ze hunn, datt et bei der Regierungsstrategie drëms gaangen ass, dat nationaalt Gesondheetssystem (NHS) net ze iwwerfuerderen. An dat ass eigentlech genee dat, wat de Britten am meeschte Suerge mécht. Well d‘NHS ass selwer richteg schlecht drun.

Wou sinn d‘Milliounen?

Erënnere mir eis kuerz dorunner, datt an der Brexit-Campagne sengerzäit Busser duerch London schwadronéiert sinn, op deenen ze liese war „350 Millioun englesch Pond bezuele mir all Woch un d‘EU“. Déi wollten d‘Brexiter an dat marod Gesondheetssystem stiechen. Blöd un dësem Saz: et war gelunn an eng déifgräifend Reform vun der NHS, wéi och méi Mëttel, sinn net gefloss.

Esou ass d‘NHS scho mat der ganz normaler Gripp, déi all Wanter optaucht, iwwerfuerdert. D‘NHS ass chronesch ënnerfinanzéiert an et komme manner Dokteren op dausend Leit, wéi dat beispillsweis an Italien oder bei eiser Noperen de Fall ass (an déi sinn och net super). Wann also den „Outbreak“ net zäitlech gestreckt gëtt, kann de Gesondheetssystem dës Kris net bewältegen.

CoronavirusSchonn elo – an et ass den Ufank – sinn d‘Spidäler alarméiert. Et gëtt erwisenermoossen net genuch Beotmungsapparater, net genuch Reanimatiounsbetter an dat medezinescht Personal stéisst och schonn un d‘Grenze vun dem wat mënschlech ze leeschten ass. An dat wousst de Boris Johnson och wéi hie gesot huet, dat vill Leit Frënn oder Familljemembere „virun der Zäit“ verléiere wäerten.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Coronavirus, Covid19, Groussbritannien, Pandemie, Sanitär Kris, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel