Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

FLMP: Keng Wanderunge bis den 13. September 2020
International Neiegkeeten

FLMP: Keng Wanderunge bis den 13. September 2020

De Lëtzebuerger Wanderverband FLMP deelt mat, datt bis den 13.

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht
International Neiegkeeten

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht

Nodeems de Virus vun der afrikanescher Schwéngspäscht (PPA) un fënnef

Réckruffaktioun fir de „Kong Strong Sugar Free Energy Drink XXL“
International Neiegkeeten

Réckruffaktioun fir de „Kong Strong Sugar Free Energy Drink XXL“

Déi fir Liewensmëttelsécherheet zoustänneg Administratioun huet matgedeelt, datt si vu

Coronavirus: USA testen éischten Impfstoff géint de Covid19

Zu Seattle huet d‘Jennifer Haller (43) als éischt Fräiwëlleg Persoun, e méiglechen Impfstoff géint de SARS-CoV2 gesprëtzt kritt. Den Test ass wuel ëmstridden, mee d‘Zäit drängt…

Coronavirus: USA testen éischten Impfstoff géint de Covid19

D‘Jennifer Haller ass eng vun de Fräiwëllege Persounen an den USA, déi ee méiglechen Impfstoff géint de Covid19 (SARS-CoV2 ass déi medezinesch Taxatioun) test. Den Impfstoff ass vun der Biotech-Entreprise Moderna, zesumme mat de Fuerscher vum nationale Gesondheetsdéngscht, mat vill Zäitdrock entwéckelt ginn. Dës Tester ginn zur Stonn zu Seattle am „Kaiser Permanente Washington Research Institute“ u 45 Leit duerchgefouert. Et ass dat awer eréischt den Unfank.

Den Immunolog Anthony Fauci, vum nationalen Institut fir Allergien an Infektiounskrankheeten (NIH) huet zu der Method e puer Erklärunge ginn. Getest gi 45 Persounen am Alter tëscht 18 a 55 Joer. Dës Testpersoune kréien zwou Dose vun engem hallwe Milligramm gesprëtzt. Da mussen dës Mënschen iwwer 12 Méint observéiert ginn. Dat ass esouwuel sécherheetsrelevant, wéi noutwenneg fir ze klären, ob déi Wierkung, déi sech d‘Wëssenschaftler erhoffen, och esou confirméiert.

Esou dréngend och reagéiert muss ginn, dës Tester sinn ëmstridden. E neien Impfstoff ze fannen, dat ass am Regelfall een immens komplext Verfaren, dat zudeem a bestëmmte Phase verleeft. Zäit, déi eis d‘Verbreedung vun dësem neiaartege Coronavirus net gëtt. Eigentlech mussen dann hei och déi zoustänneg national Verwaltungen, hir Zoustëmmung fir den Test um Mënsch ginn, firwat et am Virfeld muss als „sécher“ bewäert ginn, an d‘Effete vum Impfstoff musse bei Mais nogewise sinn.

Impfstoff

Et muss ee sécher, wéi hei d‘Jennifer Haller aus Seattle, zimmlech Daper sinn, fir sech als Fräiwëllegen der Fuerschung als Testpersoun, fir en Impfstoff géint een, jo awer a gewësser Mooss déidleche Virus, zur Verfügung ze stellen. Zesumme mat 44 anere „Kandidaten“ gi si och fir eis zu Lëtzebuerg en onberechenbare Risiko an. Hoffe mir also, datt hire Courage vill Liewe rette kann. © Kaiser Permanente Washington Research Institute/Ted Warren/AP

Am presente Fall ginn dës Reegelen ausser Kraaft gesat. Anescht wéi soss üblech, setzen déi meescht Entreprise bei der Entwécklung vun Impfstoffer géint de Covid19, net op ofgeschwächte lieweg Viren oder Deeler vum Erreeger. Déi un der Entwécklung bedeelegt Doktesch Kizzmekia Cobett huet erkläert: „Den Impfstoff besteet aus Deeler vum genetesche Material vum Virus. Dee soll elo d‘Kierperzelle selwer zur Produktioun vun Antikierper ureegen“. Trotz allem brauch et elo Gedold.

An 12 bis 18 Méint wësse mir Bescheed

Déi éischt Testpersoun kritt, fir d‘zur Verfügung stellen, eng Entschiedegung vun 1.100 US-Dollar. Eng Zomm déi genannt ka ginn, och wëll et weist, datt d‘Jennifer Haller dat net aus finanzieller Gier eraus mécht. Si huet de Kollege vum Times Magazine, nodeems si d‘Sprëtz verofreecht krut gesot: „Ech sinn immens opgereegt, mee et war ganz einfach, ähnlech wéi bei menger Impfung géint d‘Gripp virun e puer Méint. (…) Mir geet et gutt, ech si gesond, hoffentlech klappt alles“.

ImpfstoffWann dat erwisenermoosse ganz hoffnungsvoll Nouvelle sinn – och wann een natierlech am Netz ausräichend Verschwierungstheorien oder soss Dommheeten derzou fanne wäert – esou muss ee sech bewosst sinn, datt dësen Impfstoff, wann en dann als Solches sollt bestätegt kënne ginn, net virun 12 bis 18 Méint allgemeng an den Asaz geet. Et loossen sech net all Prozeduren „ofkierzen“. Zudeem gëtt och an aner Länner weider ganz intensiv un enger „Léisung“ geschafft…

mat indymedia/sea

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Impfstoff, Jennifer Haller, Kaiser Permanente Washington Research Institute, NIH, SARS-CoV2, Seattle
Nächsten Artikel Virrechten Artikel