„Paleo“ vum Nathalie Meier-Hottua
Saisonal, gesond, fit: De Paleo- Guide fir all déi, déi
Saisonal, gesond, fit: De Paleo- Guide fir all déi, déi
D‘USA a Groussbritannien musse „wierklech“ méi no unenaner réckele fir
No enger ganze Rëtsch u Videokonferenzen tëscht dem Aarbechtsminister Dan
A ville Länner op der ganzer Welt sinn, wéinst de sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, Ausgangsspäre verhaange ginn, esou dann och an Indien. Wien dergéint verstéisst, muss dann och zuweile mat enger gehéiereger Geldstrof rechnen… woubäi et Alternative gëtt.
Et herrschen ongewinnt Zäiten, firwat d‘Regierungen a ville Länner de Leit verbueden hunn sech am Fräien an a Gruppen opzehalen. Esou och an Indien, wou d‘Police sech beméit dësen Uerder dann och anhalen ze doen. An der nordindescher Stad Rishikesh, ee Mekka fir Yoga-Fetischisten, hunn en Rei Touristen, dann och net schlecht gestaunt, wéi si vun der Police „opgehale“ goufen.
Si hunn net de Portmonni missen zécken an déi fir si lächerlech Geldstrof bezuelen, nee dëse ganz gescheiten Touristen hunn d‘Polizisten e Blat an a Bic an de Grapp gedréckt. ??? Den 10 Touriste gouf operluecht, 500 mol de Saz: „Ech hu mech net un d‘Ausgangsspär-Regele gehalen an dat deet mir immens leed“. Ee Virfall, deen sech déi lokal Medien net konnten entgoe loossen (Video)
Hei ass dann och ee Polizist ze gesinn an ze héieren, deen den Touristen zu Häerze geluecht huet sech dann elo awer un d‘Spillregelen ze halen. „Haut ginn ech iech just dës Strof. Widderhëlt et sech, wäert ech iech mat op d‘Kommissariat huelen an dir musst an de Prisong“. Op de Message verstane ginn ass, léist sech net soen, mee un der Exemplaritéit vun der Strof besteet keen Zweiwel.
Wien elo net weess wat et mat Yoga an der Stad Rishikesh op sech huet, dozou esouvill: D‘Stad an Indien huet seng weltwäite Bekanntheetsgrad duerch de Besuch vu véier Britten erhalen, déi 1968 op der Sich no Spiritualitéit an engem Ashram (Meditatiounszentrum) zu Rishikesh hir Zelter opgeschloen haten. Op d‘Beatles déi fonnt hunn ass net gewosst, mee musikalesch war et derwäert.
Fir den Ament, an esoulaang wéi d‘Pandemie unhält, sollen d‘Hotelieren hire Gäscht nëmmen nach erlaben a Begleedung vun engem lokale Guide virun d‘Dier ze goen. Säit Enn Mäerz gëllen och an Indien streng Aschränkungen. Esou dierf een sech eigentlech nëmmen dobaussen ophalen, fir dat Noutwennegst anzekafen, also Liewensmëttel oder Medikamenter. Doriwwer waacht elo d‘Police.
De Polizist Rajesh Babu, huet en Helm un, dee stilistesch de Coronavirus Covid19 duerstelle soll. Hei zu Chennai huet de Polizist nach emol däitlech gemaach, datt „Bleif Doheem!“ net als Recommandatioun ze verstoen ass. © My Government (India)
Déi awer geet dat mam „Zurechtweisen“ awer eppes, soe mir emol „onkonventionell“ un: esou hu Poliziste schonn eng Rei Onverbesserlecher mat hire faarwegen a liicht modifizéierten Helmer ee Schreck versat. Bei Verstéiss kann et zudeem virkommen, datt ee „sportlech“ verwarnt gëtt, woubäi och sollt domadder gedreet gi sinn, d‘Leit bei Bollywood-Filmmusek an ee Raum ze spären…
mat indymedia/bom/lon