Search

You may also like

Kreuz und Queer: Wou Toleranz an Akzeptanz nach ëmmer feelen
International Neiegkeeten

Kreuz und Queer: Wou Toleranz an Akzeptanz nach ëmmer feelen

Kreuz und Queer – Esou heescht dem Rapper Jirka Otte

Keen ageschriwwene Bréif well s de geblëtzt gi bass
International Neiegkeeten

Keen ageschriwwene Bréif well s de geblëtzt gi bass

Fir déi „schnell“ hannert dem Steier gëtt et geschwënn eng

D‘Roll vu Russland a Syrien (Analys)
International Neiegkeeten

D‘Roll vu Russland a Syrien (Analys)

An engem Interview vun e Sonndeg, huet de russesche President

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou

Nach ëmmer ginn d‘Nouvellen, bezunn op den neiaartege Coronavirus 2019-nCov, net besser. Aus China ginn op en Neits „Rekordzuele“ gemellt an op engem Croisièresschëff dat Japan ugelaf huet, sinn zéng Infektiounsfäll entdeckt ginn. Weider heescht et, datt och „liicht Fäll“ ustiechend sinn.

Un dëser Longeninfektiounskrankheet sinn bis ewell ronn 490 Mënsche verstuerwen an d‘Zuel vun den Infektiounen a China huet de Moie bei 24.324 Fäll geleeën. Baussent China gëtt et op d‘mannst 180 Infektiounsfäll an jeeweils eng Persoun ass zu Hong Kong an op de Philippinnen verstuerwen.

Diamond Princess

Aus Japan dann elo och d‘Noriicht, datt op engem Croisièresschëff mat 3.700 Passagéier, zéng Leit infizéiert sinn. De japanesche Gesondheetsminister Nobukatsu Kato huet ugeuerdent d‘Schëff fir 14 Deeg ënner Quarantaine ze stellen. Déi zéng Persounen déi vum Coronavirus betraff sinn, gehéieren zu den 273, déi ënnersicht goufen, nodeems bei engem Mann, deen zu Hong Kong vu Bord gaange war, ee positiven Diagnostik gestallt gouf.

Op dem Schëff vun der Reederei „Princess Cruises“ sinn och europäesch Touristen, mee vum japanesche Gesondheetsministère gouf zur Stonn weder bestätegt nach dementéiert, ob vun hinne Leit betraff sinn. Déi infizéiert Persoune sinn vum Schëff an e Spidol vun der Provënz Kanagawa iwwerstallt ginn. Domadder sinn elo a Japan 33 Infektiounsfäll mam 2019-nCov bestätegt. D‘Schëff war e Méindeg zu Yokohama, ukomm.

Hong Kong a Macao

Zu Hong Kong steet den ament de Protest géint d‘Zentralregierung net méi am Mëttelpunkt. Et gëtt awer weider Demonstréiert: dës Kéier sinn et iwwer 7.000 Mataarbechter aus de Spidäler, déi sech fir eng Schléissung vun der Grenz zu Zentralchina asetzen. Esou zumindest d‘Matdeelung vum Bond vum Fleegepersonal. Hei goufen dann och véier nei Fäll gemellt, mä et heescht, datt déi Leit wou infizéiert sinn, sech net an Zentralchina opgehalen hätten, mee sech “lokal“ ugestach hunn.

Zu Macao, enger Provënz déi hire „Räichtum“ aus dem Glécksspill bezitt an eigentlech op seng Casinoen ugewisen ass, ginn elo fir 14 Deeg all d‘Etablissementer zou gemaach. Eng Radikal a wirtschaftlech drastesch Moossnam, déi awer noutwenneg erschéngt. Vu Peking ginn dann och Feeler beim Noutfallmanagement ageraumt. Zu Wenzhou (800 Km vu Wuhan ewech) enger 9 Milliounen Awunner Stad, hunn d‘Autoritéite beschloss, datt nach just ee Familljemember all 2 Deeg fir anzekafen aus dem Haus dierf.

Wat ass mat den Europäer?

Aus Angscht virum Virus huet Groussbritannien all seng Bierger zur Ausrees opgeruff. Den Ausseminister Dominic Raab: „Mir roden alle britesche Bierger d‘Land ze verloossen an esou d‘Infektiounsgefor ze miniméieren“. Aner Länner, wéi beispillsweis Däitschland, hunn hire Matbierger geroden d‘Provënz Hubei ze evitéieren, respektiv vun enger Rees no China ofzegesinn.

Generell gëtt de Risk fir Europa als „geréng“ ageschat. Och wann et bei eisen Noperen eng Rei Fäll gëtt (Frankräich 6, Däitschland 12) géif een net vun enger erhéichter Ustiechungsgefor ausgoen, esou de leschte Stand zu Bréissel. Och säitens der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) sinn d‘Nouvellen éischter faktebezunn, an et ginn zur Stonn keng weider Moossname gefuerdert.

De wirtschaftlechen Impakt awer ass enorm. Eng Rei Entreprisen a Konzerner hunn hir Aktionären dann och schonn emol op Abousse beim Geschäft virbereet. Vill Fabricken si ganz zou oder hunn hir Produktioun op e Minimum reduzéiert. D‘Bourse reagéieren entspriechend empfindlech.

mat indymedia/tpe/nyc/gva

Foto: D‘Engagement vum Fleegepersonal a China ass beispillhaft. © Tsinghua University, Peking

Related topics 2019-nCoV, China, Coronavirus, Longenentzündung, Wuhan
Next post Previous post