Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Weiler” am Numm?
International Neiegkeeten Sport

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Weiler” am Numm?

Haut geet et nees duerch d’Land! Dës Kéier konzentréiere mer

dislike
MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen
International Neiegkeeten Sport

MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen

Vertrieder vun der EU begréissen d‘Baisse vun de Zuel vun

surprise
Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat
International Neiegkeeten Sport

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Well se sech zu Bréissel um 27. an 28. November

Olympiade kann een net ofsoen

Den IOC hält weider un de Spiller fest, mee ouni Sportler dierften sech d‘Fonctionnaire zimmlech eleng fillen

Olympiade kann een net ofsoen

D‘Olympesch Spiller ofsoen, dat ass fir den Internationalen Olympesche Comité (IOC) laut dem President Thomas Bach och weiderhi keng Optioun. Et wier een awer ënner Ëmstänn bereet dës Spiller ze verleeën. Ob a wat do an der Schwäiz vun der Sportmafia decidéiert gëtt, dat wëll den IOC-President eis a véier Woche matdeelen. Dat klengt net wéi wann een d‘Lag begraff hätt.

1936 hunn d‘Spiller trotz besserem Wëssen an Däitschland stattfonnt, 1940 huet den Ausbroch vum zweete Weltkrich d‘Olympiad a Japan verhënnert. Elo sollen d‘Spiller trotz der Covid19-Pandemie beschtefalls „verluecht“ ginn. Eng entspriechend Decisioun wëll den IOC bannent den nächste véier Wochen huelen. Et goufen allerdéngs eng ganz Rei Zeenarien an d‘A gefaasst.

IOCKeen dovunner gesäit eng Ofso vir. Den IOC-President betount: „Mënscheliewen huet Virrang, och virun de Spiller. Den IOC wëll Deel vun der Léisung sinn“. Wat een sech dorënner virzestellen huet gouf net preziséiert, och net op Nofro. Den Thomas Bach wënscht sech awer, datt d‘Hoffnung déi esou vill Sportler, Verbänn a national olympesch Comitéë geäussert hunn, erfëllt ginn.

Do heescht et: „… datt um Enn vun dësem Tunnel, duerch dee mir gemeinsam ginn, ouni ze wësse wéi laang en ass, déi olympesch Flam ee Liicht wäert sinn“. Esou schwätze Leit déi de Kontakt zu Buedem, Realitéit an de Fakte gänzlech verluer hunn. Mee och déi japanesch Regierung hält un de Spiller fest. De Premier Shinzo Abe huet dem Parlament awer ee Report an Aussicht gestallt.

Wat dann esou iwwerluecht gëtt

Elo kéint een unhuelen d‘Summerspiller, déi vum 24. Juli bis den 9. August sollte stattfannen, kéint een an den Hiecht, de Summer 2021 oder 2022 verleeën, mee esou einfach ass dat net. Et gëtt och nach aner Terminer am Weltsport. Esou si fir de Summer 2021 d‘Weltmeeschterschaften am Schwammen zu Fukuoka (Japan) wéi och an de Liichtathletik zu Eugene (USA) geplangt.

IOCGéint 2022 schwätzt, datt an dësem Joer déi olympesch Wanterspiller (Februar) an natierlech och d‘Fussballweltmeeschterschaft (November/Dezember) ofgehale ginn. Mëttlerweil hunn awer schonn eng ganz Rëtsch u Länner, dorënner Kanada, dem IOC-President verdäitlecht, datt si keng Athlete wäerten opstellen. Och vill Sportler, hunn an Tëschenzäit d‘Handduch geworf.

Esou de Verband „Athleten Deutschland“ deen entscheet huet dës Spiller ze sträichen. D‘Verbänn vun den amerikaneschen Athleten an Schwëmmer huet sech dëser Decisioun ugeschloss. Firwat dann net einfach alles Ofsoen? Et ass jo unzehuelen, datt déi Stadien an Infrastrukturen a Japan och 2024 nach do sinn. Nee hei geet et ëm dat ganz grousst Geld, an d‘Gier ass ee schlechte Beroder…

mat indymedia/gva

Foto: Den IOC-President Thomas Bach stellt fest: „Olympesch Spiller kann een net verleeë wéi ee Fussballspill!“ Stëmmt, dofir wier et Sënnvoll se ganz ofzesoen. © IM (Archivfoto)

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, IOC, Olympesch Spiller, Thomas Bach
Nächsten Artikel Virrechten Artikel