Search

You may also like

Solidaritéitserklärung vun der KPL mat de Gewerkschaften aus dem edukativen a psycho-soziale Beräich
International Neiegkeeten

Solidaritéitserklärung vun der KPL mat de Gewerkschaften aus dem edukativen a psycho-soziale Beräich

D’KPL begréisst d’Solidaritéit ënnert de Gewerkschaften (CGFP /SEW-OGBL) an hiren

Editorial: Déi Saach mam Vältesdag als totale Schmu
International Neiegkeeten

Editorial: Déi Saach mam Vältesdag als totale Schmu

Säit geraumer Zäit huele verschidden Aktiounsdeeg ëmmer méi u Bedeitung

Bolivien wennt sech vu Venezuela of
International Neiegkeeten

Bolivien wennt sech vu Venezuela of

Nom „Récktrëtt“ vum Evo Morales – géint deen den 18.

D‘Ajatollahe relancéieren d‘Wirtschaft

Am Iran gëtt et offiziell eng 70.000 Infektiounsfäll a leider och iwwer 4.300 Affer, trotzdeem huet Teheran entscheet, déi wirtschaftlech Aktivitéiten nees opzehuelen

D‘Ajatollahe relancéieren d‘Wirtschaft

Bannent de leschte 24 Stonnen hunn déi am Iran zoustänneg Autoritéiten 125 nei Stierffäll missen an de Bilan androen. Domatter klëmmt d‘Zuel vun de Covid19-Affer am Iran op 4.357. Insgesamt, esou déi vum Spriecher vum Gesondheetsministère, Kianouche Jahanpour, virgeluechten Zuelen, gëtt et 70.029 infizéiert Persounen. E Freideg eleng goufen 1.837 nei Infektiounsfäll confirméiert.

Um Virdag waren et der nach 1.972, wouduerch sech elo iwwert déi lescht néng Deeg eng däitlech Tendenz géif erginn, esou de Spriecher. Trotz de Sanktiounen an der Feststellung, datt sech d‘USA d‘Pandemie zu notze maache wëllen, fir „maximalen Drock“ op Ajatollahen auszeüben, konnt déi islamesch Republik bis ee Samschdeg 251.703 Persounen op eng méiglech Infektioun Testen.

IranAls geheelt gëlle laut dem iranesche Gesondheetsministère 41.947 Patienten. Den Ament wieren nach 3.987 Persounen an engem „kriteschen“ Zoustand. Dës Zuele loossen sech natierlech aus bekannte Grënn net iwwerpréiwen, an esou ginn se dann och vun den übleche Stellen ugezweiwelt. Woubäi een awer sollt bedenken, datt et kee politesche Grond gëtt, firwat d‘Ajatollahe sollte léien.

Net wierklech vill Optiounen

Am Kontext vun der sanitärer Kris, war et iwwert déi lescht Woche just klenge Geschäfter erlaabt nach Aktivitéiten ze hunn, dat awer misst elo net méi sinn. Teheran lackert also seng Moossnamen, an esou dierfen zanter gëschter déi Entreprisen, déi ee gerénge Risk fir d‘Verbreedung vum Virus duerstellen, och nees hir Aarbecht ophuelen. Datt dat Gefore verbiergt, wëssen se zu Teheran…

Iran

Mee esou wierklech vill Optiounen hunn d‘Iraner elo och keng. Ausgegrenzt, an zuweile gären als déi eenzeg Schëlleg um ganze Misär an der Regioun duergestallt, kënnen d‘Iraner sech de Stëllstand vun der Wirtschaft schlicht an ergräifend net leeschten. Woubäi d‘Regierung d‘Leit oprifft, esouwäit et méiglech ass awer doheem ze bleiwen an de Kontakt zu anere weiderhin ze beschränken.

Dat stellt d‘Bevëlkerung, déi mat dëser Kris jo och iwwerfuerdert ass, viru Problemer a werft och Froen op. Si dinn sech nach eppes schwéier den Ausmooss ze begräifen, sinn sech awer och bewosst, datt si sech eleng duerch d‘Kris musse schloen. D‘Schoulen an d‘Moscheeë bleiwen zou, sportlech a kulturell Evenementer bleiwen an der Paus, an d‘Sanctuairen dierfen net besicht ginn.

mat IMMeC

Foto: Och am Iran gëtt intensiv u medezinesche Projeten zur Ofwier vum Coronavirus Covid19 geschafft. Hei ginn déi serologesch Tester virbereet, déi méiglechst séier an den Asaz komme solle, fir datt och déi iranesch sanitär Déngschter sech ee bessert Bild vun den Infektiounen an enger méiglecherweis schonn agetrueden Immuniséierung, maachen ze kënnen. © Hamed Ataei/mizan (the Iran Project)

Related topics Ajatollahen, Coronavirus, Covid19, Iran, Teheran, US-Sanktiounen
Next post Previous post