Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Logementsminister versteet et Interessen ze vertrieden
International Neiegkeeten

De Logementsminister versteet et Interessen ze vertrieden

Fir den Henri Kox (déi gréng) dee stänneg vu groussen

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin
International Neiegkeeten

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin

Den Tourismusminister Lex Delles huet e Mëttwoch bei der Erëffnung

USA: D‘Mark Diesel mécht mat Deisel eng echt Fälschung
International Neiegkeeten

USA: D‘Mark Diesel mécht mat Deisel eng echt Fälschung

Et ass enk an dem klenge Buttek an et schéngt

Coronavirus: Beonrouegend Situatioun am Iran

Experte sinn iwwerzeegt, datt et am vu Sanktiounen erwiergte Land däitlech méi Infektiounsfäll misst ginn, wéi dat d‘Ajatollahen vun Teheran gewëllt sinn zouzeginn

Coronavirus: Beonrouegend Situatioun am Iran

D‘Kris, ausgeléist duerch den neiaartege Coronavirus Covid19, huet mëttlerweil bal all Land op der Welt erreecht, an den Iran géif zu deene Länner gehéieren, déi am stäerkste vun dëser sanitärer Kris betraff sinn. Laut den offiziellen Zuelen, déi vum iranesche Gesondheetsministère virgeluecht ginn, sinn e Méindeg 129 Mënschen der Infektiounskrankheet erleeën. Eng 15.000 Leit wieren infizéiert.

U Kritik géintiwwer den Autoritéiten an dem Gesondheetssystem feelt et net. Hei goufen déi éischt Infektiounsfäll am Februar bestätegt. Elo huet den Iran en zolitte Problem: d‘Sanktiounen. Déi si wuel an éischter Linn eesäiteg vun den USA verhaange ginn, mee Entreprisen déi wirtschaftlech Bezéiungen zu den USA ënnerhalen, denken net drun, wichtegt medezinescht Material ze liwweren.

CoronavirusBeotmungsapparater, beispillsweis dierfen entspriechend de Sanktiounen net un den Iran verkaf oder geliwwert ginn. Domadder steet de Regime vun de Ajatollahen mat Réck zur Wand, an déi eenzeg Waff géint de Coronavirus ass Propaganda. Just datt d‘Bevëlkerung am Iran net vun der Dommeniksmillen ass, an just d‘Regimeunhänger nach den Zuele vun der Regierung vertrauen.

Et brauch e Feindbild

Fir déi iranesch Regierung, handelt et sech bei dëser sanitärer Kris ëm eng biologesch Attack vun den Amerikaner géint d‘Chinesen. Washington soll, esou d‘Verschwierungstheorie déi vu villen Iraner fir boer Mënz geholl gëtt, de Virus zu Wuhan placéiert hunn. Datt een dës Theorie éischter ausschléisse kann, entsprécht net där vun Teheran verbreeten Doktrinn, hëlleft awer och net virun.

Dat erkläert nees dat grousst Mësstraue géintiwwer dem Regime, deen derbäi ass sech am ganze Land ze verbreeden. E Mësstrauen iwwregens, dat säin Ursprong beim Ofschoss vun enger Passagéiermaschinn huet, ee wuel vun den Amerikaner provozéierte Kollateralschued am Kontext vun der Ermordung vum Generol Quassem Soleimani. Teheran hat hei vun engem techneschen Defekt geschwat, bis et da net méi konnt verheemlecht ginn dat ee se selwer ofgeschoss hat.

Bagdad

Den Dout vum iranesche Generol Quassem Soleimani (hei en Archivbild vun 2015) an dem Vize-Kommandant Abu Mahdi al-Muhandis vun der Schiitemiliz, duerch d‘Amerikaner wäert net ouni „Äntwert“ bleiwen. © press TV

Bei dësem „Cocktail“ vu Sanktiounen a Propaganda, ass et verständlech, datt grad auslännesch Experten, unhand de bekannten Zuele versichen e Bild ze maachen. Wann ee bedenkt datt Teheran uginn huet, bis zum Méindeg am ganze Land ëm déi 850 Stierffäll ze hunn, een déi a Relatioun zu den Zuele vun den Infizéierte setzt, da geet sech dës Rechnung net méi op. Nokucke gëtt awer net.

Eppes méi Faktebezunn

Déi vun den „auslänneschen Experten“ – déi hir Aussoe jo och net ouni Hannergedanke maachen – geäussert „Bedenken“ sinn a gewësser Mooss och Propaganda. Esou kann een deem entgéinthalen, datt den Iran, och wann ugekënnegt ginn ass, datt all Mënsch géif getest ginn, net am Usaz iwwert all déi Tester verfüügt (Sanktiounen), och wann natierlech de Beholl zu Teheran bedenklech ass.

Esou huet de reliéise Leader, Ali Khamenei, no der Kritik géintiwwer den Autoritéiten, d‘Arméi beoptraagt dem Covid19 seng Grenzen opzeweisen. De Chef vum Etat-Major huet du verkënnt, datt banne 24 Stonnen d‘Stroossen eidel sinn, a wéi bei eis, all déi net noutwenneg Geschäfter hir Diere verschléisse mussen. Eng Ausgangsspär war och annoncéiert ginn, mee déi ass nach net a Kraaft.

CoronavirusZe bedenke gëtt och de Fait, datt de Weekend d‘Festivitéiten zu Neijoerschdag ustinn an duerno 14 Deeg Vakanz gemaach ginn. Do gëtt et och fir d‘Ajatollahen schwiereg eng Ausgangsspär oprecht ze erhalen. Woubäi Stroossen a Richtung Norde solle gespaart gi sinn, wëll vill Awunner vun der Haaptstad an hir Vakanzenhaiser wëllen. Eng Informatioun déi mir elo net kënne confirméieren.

Zum „Informatiounswäert“

Wien sech elo hannert sengem Bildschierm freet wéi een un esou Informatioune kënnt, deem ka gesot ginn, datt och wann se net Legioun sinn, et gëtt „westlech“ Journalisten am Iran. Wann déi mat de Leit (ouni Mikro a Kamera) schwätzen, kënnen si déi ganz Wut erfaassen, déi d‘Iraner mat sech droen. Si fänken un de Regime an d‘Regierung unzezweiwelen, kënnen dat awer an dësem totalitäre Regime natierlech nëmmen ënner virgehalener Hand zum Ausdrock bréngen.

CoronavirusAn dann ass do och eng gewëssen Depressioun ze spieren, wat nees virrangeg mat deene vun den USA verhaange Sanktiounen zesummenhänkt. Teheran, eigentlech eng Weltstad, huet keng US-Fastfoodketten, App‘e fir den Handy oder Tablett si wäitreechend gespaart a Geld ophiewen, dat geet wéinst de Sanktiounen nëmme bedéngt. Sécher vill Iraner hu sech un d‘Situatioun gewinnt, mee déi zousätzlech wirtschaftlech Bedreeung déi de Covid19 mat sech bréngt, hëlleft kengem.

mat indymedia/mow

Foto: © WHO EMRO

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Iran, Pandemie, SARS-CoV2, Teheran, US-Sanktiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel