Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengefusioune sollen net vun uewen erof opgezwonge ginn
International Neiegkeeten

Gemengefusioune sollen net vun uewen erof opgezwonge ginn

D’Gemengefusioune sinn iwwert déi lescht Joren ëmmer méi viru gedriwwe

Coronabuerg gräift duerch: Recommandatioun fir grouss Evenementer
International Neiegkeeten

Coronabuerg gräift duerch: Recommandatioun fir grouss Evenementer

Viru knapp 2 Wochen ass zu Lëtzebuerg den éischte Fall

Fir de karitativen Zweck: Adventsmaart am Konviktsgaart
International Neiegkeeten

Fir de karitativen Zweck: Adventsmaart am Konviktsgaart

Nächste Samschdeg invitéiert de Konviktsgaart nees op säin traditionellen Adventsmaart. De

Coronavirus: Italien riicht Spärzonen an

Coronavirus: Italien riicht Spärzonen an

Wéinst dem Covid19 huet déi italienesch Regierung weider drastesch Moossname beschloss: d‘Leit aus der Lombardei dierfen net méi Reesen a bannent de Spärzonen dierfen sech d‘Awunner net méi fräi bewegen. Betraff si ronn 10 Millioune Mënschen.

Italien ass mat ronn 5.000 bestätegten Infektiounsfäll an 200 Affer dat an der Unioun am stäerkste vun der Infektiounskrankheet betraffend Land. Fir der Situatioun Här ze ginn, ass elo beschloss ginn d‘Lombardei ganz an weider 14 Regioune partiell ze „spären“. De Ministerpresident Giuseppe Conte huet den Dekret dozou aktéiert. Betraff si ënnert anerem Mailand, Venedeg a Parma.

Mat dësem Dekret gëlle fir ganz Italien och e sëllechen Aschränkungen: Kinoen an Theater mussen zou bleiwen, Fussball geet entweder guer net oder ënner Ausschloss vum Public gespillt, an et dierf elo och net demonstréiert ginn, fir emol ee puer Beispiller ze ernimmen. Dat alles si Moossnamen, déi den Alldag vun de 60 Milliounen Italiener op d‘Kopp stelle wäerte. D‘Schoulen si schonn zou…

CoronavirusDe Ministerpresident huet no senger Ënnerschrëft ënnert dëst Dekret erkläert: „Mir sti virun enger Noutlag. Mir hu si vun Ufank u bekämpft“, esou den Giuseppe Conte deen nach op d‘Moossnamen ageet a feststellt „Mir hunn zwee Ziler: d‘Ausbreedung vun der Infektioun anzedämmen an eng Iwwerlaaschtung vun de Spidäler ze vermeiden“. De komplette Stëllstand, dee soll net antrieden.

A punkto Mobilitéit heescht et, datt den Zuch- a Fluchverkéier net géif ugehale ginn, eng Rees elo muss begrënnt sinn. D‘Police ass ermächtegt d‘Leit unzehalen an nom Grond vum Deplacement ze froen. Déi nei Spärgebidder si bis zum 3. Abrëll festgeluecht ginn, an déi dierf een nëmmen aus onvermeidlechen oder ganz eeschte Grënn betrieden, respektiv verloossen (Schaff, Famill, asw.)

Administrativ Quarantaine

Betraff vun dëse Moossname sinn ausser der Lombardei och d‘Emilia-Romagna a Venetien am Norden. Zu de Stied zielen: Alessandria, Asti, Modena, Novara, Padua, Parma, Piacenza, Pesaro, Reggio Emilia, Rimini, Treviso, Urbino, Venedeg, Verbano Cusio Ossola, Vercelli. Bannent dësen Zonen dierfen sech d‘Leit dann och net méi fräi bewegen, et herrscht ageschränkte Mobilitéit.

D‘Haus sollt een nëmme mat engem gudde Grond verloossen, d‘Bistroen an d‘Restauranten dierfen nëmmen nach vu 6 bis 18 Auer opmaachen, an dat och nëmmen dann, wa si dofir Suerg droen, datt d‘Clienten e Mindestofstand vun 100 Zentimeter anhalen. Dat gëllt iwwregens och fir d‘Geschäfter. Wéi dat anzehalen ass, léisst sech esou net erklären, mee wann d‘Leit matmaache kann dat goen.

Coronavirus

An de „Bilan“ deen den Zivilschutz haut de Moie virgeluecht huet, sollt d‘Leit motivéieren, sech un déi opgestallte Regelen ze halen. Esou huet et an Italien en Sonndeg Moien um 6 Auer: 233 Affer a 5.883 Infektiounsfäll ginn. Dokteren an der Pensioun gi reaktivéiert, d‘Geriichter schaffe begrenzt an de Poopst hält seng Mass am „Live-Stream“. Zudeem betrëfft de Coronavirus net just de Pöbel…

Gëschter am Nomëtteg huet de Chef vum Partido Democratico (PD), Nicola Zingaretti informéiert, datt hien zu den Infizéierte gehéiert. Via Facebook huet hie senge Fans awer erkläert, datt et him esouwäit gutt géif goen. All déi leit mat deenen hie Kontakt hat, wieren entspriechen informéiert a géifen déi bekannte Mesuren ergräifen. Ob weider Regierungsmembere betraff si, ass net gewosst.

mat indymedia/rom

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Italien, Pandemie, Quarantaine, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel