Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen
International Neiegkeeten

OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen

Villes ass nach net gewosst, dofir schéngt geséchert datt déi

Wat ass un de Rumeuren drun, datt d‘USA Grönland wéilte kafen?
International Neiegkeeten

Wat ass un de Rumeuren drun, datt d‘USA Grönland wéilte kafen?

Dir hutt et schonn héieren, well keng Noriichtenagence, keng Zeitung

Kiffe fir de Staatshaushalt
International Neiegkeeten

Kiffe fir de Staatshaushalt

D‘Fransouse sinn ënnert den Europäer déi „gréissten“ Cannabiskonsumenten an och

Coronavirus: Italien ass Spärzon!

Ministerpresident Giuseppe Conte erkläert dat ganzt Land zur Spärzon a fuerdert seng Landsleit op doheem ze bleiwen

Coronavirus: Italien ass Spärzon!

Et vergeet keen Dag méi, ouni datt et am Kontext vun der Infektiounswell mam Coronavirus zu neien Ukënnegunge kënnt. An der Unioun ass et Italien, dat am schlëmmste vun der Covid19-Epidemie betraff ass. Um Sonndegmueren hat den italienesche Ministerpresident Spärzonen ariichte gelooss, déi awer net déi gewënschte Resultater bruecht hunn. Elo dann deen nächste Schratt…

Mat eeschter Minn huet de Giuseppe Conte weider Moossnamen ugekënnegt, an déi si sinn nach eppes méi drastesch ausgefall wéi erwaart. Fir d‘Verbreedung vum Coronavirus ze verhënneren – oder zumindest anzedämmen – gëtt et nëmmen eng vernënfteg Moossnam: „Ech bleiwen doheem. Et wäert keng rout Zon méi ginn (…) et gëtt nëmmen nach Italien. Italien als Schutzzon“.

CoronavirusDomatter steet fest: déi Mesuren déi fir Norditalien agefouert goufen, gëllen elo fir dat ganzt Land. Et dierf een nach just aus berufflechen oder gesondheetleche Grënn ënnerwee sinn, oder falls et anerwäerteg dréngend noutwenneg ass. Den ëffentlechen Transport an och de Loftverkéier sollen net ugehale ginn, et kéint ee jo och net zouloossen, datt d‘Wirtschaft a sech zesummebrécht.

Et gëtt méi Kontrollen

A ganz Italien kann elo d‘Police d‘Leit unhalen a iwwerpréiwen, ob den Ulass sech am ëffentleche Raum opzehalen, oder d‘Rees berechtegt ass. Bei der Rees ass et méiglech eng Selbstauskunft mam Grond fir d‘Rees auszestellen. Hei ass e gutt beroden net ze léien, well wie falsch Angabe mécht ka sech op entspriechend Konsequenzen astellen. An et gëtt elo och entspriechend kontrolléiert…

Schoulen, Crèchen an esouguer d‘Universitéite bleiwe bis mindestens den 3. Abrëll zou. Geschäfter, an hei besonnesch gastronomesch Betriber mussen um 18 Auer hir Dieren zoumaachen. Sport- a Kulturveranstaltunge gi bis op weideres ausgesat. Dat ass ee schwéieren Agrëff an den Alldag wéi och an déi perséinlech Fräiheeten, mee ugesiichts der Häert mat där ee Getraff wier, noutwenneg.

CoronavirusDe Chef vum italieneschen Zivilschutz, Angelo Borrelli, huet dann och de leschte Bilan virgeluecht: 97 Stierffäll eleng um Méindeg huet d‘Zuel vun den Affer op 463 héich sprange gedoen. Zudeem goufen 1.598 nei Infektiounsfäll bestätegt. Domadder hu sech an Italien ronn 10.000 Mënsche mam Coronavirus Covid19 ugestach. Déi allermeeschten Infektiounsfäll gëtt et nach ëmmer am Norden.

Panik hëlleft kengem

E vun de Grënn, firwat de Giuseppe Conte ganz Italien zur Schutzzon erkläert huet, kann dem Fait geschëlt sinn, datt vill Italiener aus dem Norden a Richtung Süde „geflücht“ sinn, well si Angscht virun de Aschränkungen an dem Coronavirus hunn. Déi nei Ausriichtung vun de Moossname gëtt awer am grousse Ganze begréisst. Et kann een de Virus net mat verdeelte Restriktioune bekämpfen.

Wann dann elo Italien säi Loftverkéier net ageschränkt huet, esou hunn awer eng Rei Gesellschafte gëschter annoncéiert, d‘Unzuel vun hir Flich a Richtung Italien staark begrenzen ze wëllen. Hei an éischter Linn déi britesch „EasyJet“ a „British Airways“ wéi och déi iresch „Ryanair“, Ryanair huet esouguer decidéiert seng Inlandflich (an Italien) bis zum 8. Abrëll ganz auszesetzen.

CoronavirusInteressant, bei eis um Fluchhafe gëtt et keng generell Informatiounen, a bei Lux-Airport ass een och zur Stonn nach ëmmer esou entspaant wei virun zwee Méint. Op der Säit vun der Luxair gëtt et ee butzege Banner op deem d‘Voyageuren informéiert datt si hir Flich stornéieren dierfen (ouni datt et eppes kascht) an datt d‘Frequenz vun de Flich „kéint“ reduzéiert ginn.

mat indymedia/rom

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Giuseppe Conte, Italien, Longeninfektioun, Pandemie, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel