Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Syrien: Wéinst Idlib trëtt e Freideg den UN-Sécherheetsrot zesummen
International Neiegkeeten

Syrien: Wéinst Idlib trëtt e Freideg den UN-Sécherheetsrot zesummen

D‘USA hu fir e Freideg eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot ugemellt,

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt…
International Neiegkeeten

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt…

Am Programm vu SALUT SALON dréit sech alles ëm dat

Ass eng Reform vum Asyl-System an Europa méiglech?
International Neiegkeeten

Ass eng Reform vum Asyl-System an Europa méiglech?

Haut gesinn sech d‘EU-Inneminister um Kierchbierg, fir iwwert e Kompromëss

Coronavirus: Italien liicht alarméiert, Südkorea kuerz viru Panik

Keen EU-Land huet esouvill Infektiounsfäll wéi Italien – Zu Sécherheet ginn eng Rei Stied am Norde vun der Aussewelt ofgeschnidden

Coronavirus: Italien liicht alarméiert, Südkorea kuerz viru Panik

Aus Sécherheetsgrënn huet déi italienesch Regierung beschloss, déi am stäerkste vum Coronavirus Covid19 betraffe Stied a Quarantaine ze setzen. Dës Decisioun huet Roum gëschter Owend getraff, nodeem en zweet Affer vum Virus gemellt ginn ass.

Mat der Beschränkung vun der Mobilitéitsfräiheet an deenen als Epidemiezentren ausgemaachte Gebidder, gëtt den Awunner weder d‘Aus- nach d‘Arees erlaabt, esou den italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte. D‘Leit an de betraffene Stied kënnen sech nach just mat „extra Ausnameregelungen“ bewegen. Schoulen a Betriber mussen zoubleiwen, ëffentlech Veranstaltunge sinn ofgesot ginn. Dës Decisioune ware noutwenneg ginn, nodeems 2 Mënsche gestuerwe sinn.

De Gesondheetsminister Roberto Speranza huet no enger Drénglechkeetssëtzung däitlech gemaach, datt alles muss ënnerholl gi fir eng weider Ausbreedung ze verhënneren. Säi Problem, et sinn direkt an zwou Regiounen zäitgläich méi Infektiounsfäll bestätegt ginn. Zu Vo‘Euganeo (Venetien) ass een eelere Mann vun 78 Joer gestuerwen. Bis ee Mëttwoch waren d‘Doktere vun enger „staarker Gripp“ ausgaangen, bis sech säin Zoustand brutal verschlechtert huet an hien op de Virus getest ginn ass.

Aus den Büro vum Regionalpresident Luca Zaia heescht et, datt d‘Autoritéite mat Héichdrock un der Ermëttlung vun all de Leit schafft, déi mam Rentner a sengem gläichfalls infizéierte Frënd a Kontakt komm sinn. De Verstuerwene Rentner, Adriano T. A säi Frënd hu gäre Kaarte gespillt a hu sech vill an oft am Bistro opgehalen. Um Samschdeg gouf dann och bestätegt, datt ausser hinnen zwee, nach ee Mënsch am Wunnuert infizéiert ass. D‘Geschäfter an d‘Schoule goufen zougemaach.

Dat zweet Affer ass eng Fra vun 78 Joer aus Casalpusterlengo (Lombardei). An dëser Regioun gëtt et mindestens 16 bestätegt Infektiounen. Och hei sinn d‘Geschäfter an déi ëffentlech Ariichtungen, bis op weideres zougemaach ginn. Codogno ass besonnesch schwéier betraff, hei läit en 38 järege Mann op der Intensivstatioun a säin Zoustand wier beonrouegend. Och dem Mann seng Schwanger Fra ass infizéiert, hir soll et awer nach dem Ëmstänn no gutt goen. Kee vun hinne war a China…

71 Infektiounsfäll

Italien ass dat an Europa zu Stonn am stäerkste betraffend Land. An Däitschland huet et 16, bei eise franséischen Noperen 12 Fäll (an ee Stierffall) ginn. Well net gewosst wou an duerch wat de Virus sech hei verbreede konnt, hunn drastesch Entscheedunge misse getraff ginn. Dat huet sech de Ministerpresident Giuseppe Conte net liicht gemaach. Am Virfeld hat et mat den Experte a Cheffe vum Zivilschutz mouvementéiert Krisesëtzunge ginn. D‘Sécherheet vun der Bevëlkerung geet vir.

„D‘Zil vun de Moossnamen ass et d‘Gesondheet vun den italienesche Bierger ze schützen. An enger éischter Phas wäert d‘Police déi betraffe Regiounen ofrigelen, mee falls et net anescht geet, wäerte mir och d‘Arméi asetzen. Wien et sollt versichen d‘Ofspärungen ze ëmgoen, muss sech op eng den Ëmstänn baséierend Bestrofung astellen“, esou den italienesche Ministerpresident, deen allerdéngs zouversiichtlech ass wat seng Matbierger betrëfft, vun deenen hie vill Versteesdemech fuerdert.

Un der „banneneuropäescher Reesfräiheet“ (Schengen-Zon) géif zur Stonn nach näischt geännert, mee d‘Autoritéiten am Süd-Tirol bereeden sech virsiichtshallwer op den Noutfall vir. Hei gouf dem Landeshauptmann Thomas Widmann ugeroden, d‘Universitéit Bozem, d‘Schoulen an d‘Crèchen déi nächst ganz Woch zouzeloossen. Ëffentlech Veranstaltunge mussen ofgesot ginn… De Leit gouf zudeem geroden – fir wien dat kann – sech méiglechst doheem opzehalen, Kontakter ze meiden.

Südkorea an de Covid19

Während a China d‘Zuel vun den nei-Infektiounen sech stabiliséiert hätt, komme beonrouegend Informatiounen aus Südkorea. Hei huet sech d‘Zuel vun den Infizéierte bannent 24 Stonne méi wéi verduebelt. Iwwert den Dag huet et 229 nei Infektiounsfäll ginn. No 142 Fäll, sinn der bis Nomëttes nach emol 87 derbäi komm. Domadder sinn elo 433 Infektiounsfäll a Südkorea amtlech an dat sinn der aachtmol méi wéi nach en Dënschdeg. Dat een do beonrouegt sollt sinn, ass verständlech.

A Südkorea ass den Zentrum vum Krankheetsausbroch eng Kierch an der véiertgréisster Stad vum Land: Daegu. Hei sinn déi meescht Fäll ze notéieren an zur Stonn féieren déi medezinesch Déngschter un iwwer 9.000 Gleewegen Tester duerch. Och hei si schonn zwee Mënschen un der Folleg vun der Infektioun duerch dësen neiaartege Coronavirus verstuerwen. Bei 17 Persounen déi a Klinike behandelt ginn, ass de Gesondheetszoustand kritesch bis liewensbedreelech.

De Gesondheetsminister Kim Gang Lip confirméiert, datt d‘Fleegepersonal ass mécht wat an dëser Situatioun ubruecht ass. Besuergt ass hien awer och, nodeems an der Psychiatrie vum Spidol zu Cheongdo eng Dose Patienten als Infizéiert bestätegt goufen. Ob et eng Verbindung zu der Sekte-Communautéit „Shincheonji Church of Jesus“ gëtt, kann net ausgeschloss ginn. Hei ass dann och besonnesch schwéier nozevollzéie wie wéini mat wiem a Kontakt gestane kann hunn.

Och a Japan ass d‘Opreegung wéinst dem Coronavirus eppes méi intensiv. D‘Ursaache sinn awer anerer: hei gëtt et eppes iwwer 750 bestätegt Infektiounen, woubäi et sech a 634 Fäll ëm Passagéier a Crew-Membere vum Croisièresschëff „Diamond Princess“ handelt. D‘Schëff hat bis e Mëttwoch virun der Küst bei Yokohama ënner Quarantaine gestanen. 970 negativ geteste Passagéier goufen elo och evakuéiert. De Gesondheetsminister Katsunobu Kato huet ëm erhéichte Virsiicht gebueden.

mat indymedia/mil/sel/fuk

Ähnlech Sujeten China, Coronavirus, Covid19, Epidemie, Italien, Japan, Longekrankheet, Pandemie, SARS-CoV2, Südkorea
Nächsten Artikel Virrechten Artikel