Search

You may also like

surprise
Fir eis engleschsproocheg Matbierger ass et schwéier, Lëtzebuergesch ze léieren. Den Online-Cours vu Learn Luxembourgish bitt eng Solutioun!
International Neiegkeeten Stories

Fir eis engleschsproocheg Matbierger ass et schwéier, Lëtzebuergesch ze léieren. Den Online-Cours vu Learn Luxembourgish bitt eng Solutioun!

Den Internet gëtt jo gären als e risege Schatz vu

Eng Rous géint d‘Vergiessen: Tambower Jongen
International Neiegkeeten Stories

Eng Rous géint d‘Vergiessen: Tambower Jongen

Um Virowend zum nationale Commemoratiounsdag hunn d‘Associatioun Lëtzebuerger Rousefrënn an

Eurostat: BIP a berufflech Aktivitéit ëm 0,2 % geklommen
International Neiegkeeten Stories

Eurostat: BIP a berufflech Aktivitéit ëm 0,2 % geklommen

Am Verglach zum Virquartal ass de BIP, wéi och déi

Coronavirus: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

Coronavirus: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

D‘Zuele vun Neiinfektiounen a Doudesfäll klamme bestänneg, och baussent der Volleksrepublik China. A Südkorea ass d‘Zuel vun 161 infizéierte Mënschen op 763 geklommen, am Iran si schonn aacht Mënschen, an Italien dräi an eng Persoun ass a Frankräich verstuerwen. Bei der WHO ass ee well d‘Zäitfënster fir d‘Epidemie nach andämmen ze kënnen sech esou lues verschléisst.

Nodeems de Medien „Panikmache“ virgeworf, de Virus als „Coup“ vun der Pharmaindustrie an och soss verkläert gouf, datt vill méi Leit un der normaler Gripp an/oder un Honger an der Welt stierwe wéi um neiaartege Coronavirus (Covid19), kann et net verkéiert ginn, sech emol en Iwwerbléck ze verschafen. Wou ass d‘Lag beonrouegend an wat bedeit et fir Europa? Wéi kann ee sech schützen?

Asien:

A Japan ginn zur Stonn 769 Infektiounsfäll gezielt, woubäi heivunner 637 Patienten zu Yokohama vum Croisièresschëff „Diamond Princess“ hierkommen. D‘Autoritéiten hunn hei bestätegt, datt an der Tëscht den drëtte Passagéier un de Folge vun der Erkrankung um SARS-CoV2 verstuerwen ass.

CoronavirusSüdkorea mellt och zwee nei Doudesfäll an 161 Neiinfektiounen. Domadder sinn offiziell 763 Leit Infektiounsfäll bestätegt. Eppes erschreckend hei: laut den Autoritéite wier d‘Verbreedung enger 61 järeger Fra, Member vun enger reliéiser Sekt (Shincheonji Church of Jesus) zouzeschreiwen. Si hat sech engem Test verweigert a war séileroueg weider zu de Gottesdéngschter zu Daegu gaangen…

A China, dem Ursprongsland vum Covid19, huet et an de leschte 24 Stonnen 150 nei Doudesfäll ginn, wouduerch d‘Zuel vun den Affer elo bei 2.592 läit, Tendenz steigend. Zudeem sinn 409 nei Infektiounsfäll derbäi komm. Insgesamt wieren elo 77.150 Erkrankungen offiziell confirméiert.

Mëttleren Osten an Europa:

Am Iran, esou déi bestätegt Zuele vum Gesondheetsministère, sinn aacht Mënschen un de Folge vum Covid19 gestuerwen. D‘Zuele vun den Infektiounen, gëtt de Ministère mat 43 un. Den Iran huet et wéinst den operluechte Sanktiounen, net einfach dëser Epidemie eppes entgéintzestellen.

CoronavirusItalien ass de bis ewell leschten alarméierenden „Hotspot“. Hei si bannent dräi Deeg dräi Persoune gestuerwen. Am stäerkste betraff sinn aktuell d‘Lombardei an d‘Regioun Venetien. Eleng fir d‘Lombardei ginn 89 Fäll gemellt, an ganz Italien sollen et der 132 sinn. Déi meescht Fäll sinn am Norde vum Land entdeckt ginn. Eenzel Fäll gëtt et an de Regiounen Emilia-Romagna a Piemont…

Roum huet beschloss ganz Dierfer ënner Quarantaine ze stellen. Schoulen, Administratioun an ëffentlech Gebaier, mee och d‘Geschäfter sollen zou bleiwen, fir en weider Verbreedung vun der Krankheet ze verhënneren. D‘Police an d‘Arméi si ugehale ginn d‘Anhalen ze iwwerwaachen.

Wat d‘Weltgesondheetsorganisatioun dozou seet:

Zu Genève um Sëtz vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) fänken déi verantwortlech un zolidd beonrouegt ze sinn. De WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus weist drop hin, datt sech d‘Zäitfënster zu Andämmung vun der Coronavirus-Epidemie lues awer sécher schléisst.

CoronavirusEt wier ee wuel nach an der Phas wou et méiglech ass d‘Kontroll ze behalen, mee vill Zäit géif eis net bleiwen. Gëtt elo net mat entspriechendem Asaz reagéiert, misst sech d‘Weltgemeinschaft op seriéis Problemer astellen. Besonnesch Kappzerbrieches maachen déi Infektiounsfäll, fir déi et kee kloren epidemiologeschen Zesummenhang gëtt, also kee „Kontakt“ ka nogewise ginn.

An datt der WHO hir Suergen net onbemierkt bliwwe sinn, erkläert sech och doduerch, datt sech d‘Autoritéiten zu Venedeg iwwerzeege gelooss an déi weltbekannt „Fuesent vu Venedeg“ ofgebrach hunn. Et soll Panik verhënnert ginn heescht et, woubäi d‘Leit elo wéinst de Mesurë panikéieren…

Kal erwëscht: Zoom op d‘Lag an Italien

Italien ass vum Coronavirus „iwwerrascht“ ginn, esou zumindest den Androck nodeems an de Regioune Venetien a Lombardei iwwer Nuecht d‘Zuel vun den Infektiounsfäll dramatesch zougeholl a mëttlerweil och schon dräi Patienten dem Virus erleeë sinn. D‘Angscht gräift ëm sech.

CoronavirusAwunner vu Casalpusterlengo, eng vun de Gemengen déi vun der Baussewelt ofgeschnidde gouf, hu gemellt, datt déi gesamt Versuergung streng kontrolléiert gëtt. An der Gemeng kann ee sech nach fräi bewegen, mee soss wier alles ofgespaart. D‘Arméi soll d‘Bréck iwwert de Po a Richtung Piacenza besat hunn. Am Radio gëtt vergieflech appelléiert keng „Panik ze verbreeden“…

Wann awer net emol d‘Experten an der Lag sinn ze erklären, wéi datt grad am Spidol vu Codogno en „Infektioun-Hotspot“ entstoe konnt, hunn et déi sougenannt „Influencer“ an de soziale Medien an Netzwierker awer liicht, sech selwer wichteg ze maachen an zur Panik eppes bäizedroen.

Codogno: fir d‘Éischt Italien an da ganz Europa

D‘Spidol vu Codogno ass eng vun de véier staatlechen Ariichtungen an der Provënz Lodi, dat zur Gesondheetsversuergung vun 230.000 Bierger südëstlech vu Mailand bäidréit. Et heescht, datt sech de Coronavirus Ufank Februar an der Urgence tëscht Patienten a Fleegepersonal iwwerdroen huet.

Coronavirus

Esou eng onkontrolléiert Infektioun an engem Spidol mat groussem Publikumsverkéier mécht et net einfach déi ganz Dynamik vun der Infektioun ze rekonstruéieren. Zudeem huet sech d‘Infektioun iwwert d‘Regioune Venetien a Lombardei séier op aner Regiounen iwwerdroen. En direkte Lien zu China oder Leit aus China besteet angeblech net, wat dat Ganzt nach eppes dramatiséiert.

Dann ass elo och scho rieds vun engem „Virus an der drëtter Generatioun“, ouni datt géif erkläert gi wat gemengt an/oder d‘Folgen dovunner kënne sinn. D‘Italiener froen sech och, wann dach hiert Land féierend an de beräicher Kontroll a Preventioun ass, firwat esou eppes hinnen op de Kapp fält.

mat indymedia/tpe/fuk/sel/mil/tlv/gva

Related topics China, Coronavirus, Covid19, Frankräich, Iran, Italien, Japan, SARS-CoV2, Südkorea, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO
Next post Previous post