Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verdeele vun de Masken: Firwat nach waarden?
International Neiegkeeten

Verdeele vun de Masken: Firwat nach waarden?

An deene leschten Deeg goufen och déi lescht vun deene

De Lëtzebuerger Adventszirkus ass nees do!
International Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Adventszirkus ass nees do!

Et ass déi 13. Editioun vum Lëtzebuerger Adventszirkus, an d‘Artisten

Et ass net zu Madrid wou d‘Welt gerett gëtt
International Neiegkeeten

Et ass net zu Madrid wou d‘Welt gerett gëtt

D‘COP25 geet an déi zweet Woch an et ass zumindest

Coronavirus: Iwwer 75 Länner vun der Infektioun betraff

Während a China d‘Infektiounszuele réckleefeg sinn, breet sech de Covid19 weltwäit aus

Coronavirus: Iwwer 75 Länner vun der Infektioun betraff

Aktuell ass gewosst, datt sech de Coronavirus (Covid19) an iwwer 75 Länner ausgebreet huet an et wäerte wuel nach méi Länner betraff sinn. D‘Zuel vun den Infektioune läit bei ronn 90.000, d‘Zuel vun den Affer läit bei iwwer 3.000. Am stäerkste betraff ass weiderhin d‘Ursprongsland China, mee och Südkorea an den Iran si schwéier belaascht. An Europa ass et Italien am schlëmmste betraff.

De globalen Iwwerbléck

A China ass d‘Zuel vun den Neiinfektioune staark réckleefeg. Um Dënschdeg hunn d‘Autoritéiten nach 125 nei Fäll an 31 Doudesaffer gemellt. Baussent China si knapp 2.500 Neiinfektiounen a 46 Stierffäll ze notéieren. Nach ëmmer ass d‘Provënz Hubei, wou de Virus an der Milliounemetropol Wuhan ausgebrach ass, am stäerkste betraff. D‘Zuel vun den Affer a China läit aktuell bei 2.943

Den Iran mellt 2.336 Infektiounsfäll an 77 Affer. Hei ware bannent 24 Stonnen 11 Mënschen dem Coronavirus erleeën. Domatter ass déi Islamesch Republik, déi am schwéierste betraffen Natioun no China. A Japan bleiwen d‘Schoulen ee Mount laang zou, och wann d‘Land selwer „nëmmen“ 293 Infektiounsfäll an 6 Affer ze bekloen huet. Woubäi Japan do nach en anere Problem huet.

Coronavirus

Hëlt een d‘Infektiounsfäll vum Croisièresschëff „Diamond Princess“, dat viru Yokohama ugehalen an a Quarantaine gesat gouf, mat derbäi, datt sinn et bal 1.000 Infektiounsfäll. 706 Persounen hunn sech um Schëff ugestach. Hei war en 80 järege Passagéier aus Hong Kong viru 14 Deeg positiv getest ginn, wat zur Quarantaine gefouert hat. Eng Rei Länner haten hir Bierger ausfléie gelooss.

A Südkorea läit Zuel vun de nogewisenen Infektioune bei ronn 2.500, esouvill wéi soss néierewou baussent China. D‘Zuel vun den Affer ginn d‘Autoritéite mat 28 un. Och D‘USA si vum Covid19 betraff. Bis ewell goufen eng 100 Fäll bestätegt, gutt d‘Hallschent dovunner betreffe Passagéier vun der Diamond Princess. D‘Donkelziffer dierft awer wäit driwwer leien, zudeem gëtt wéineg getest.

Zur Lag an Europa

An der europäescher Unioun ass et nach ëmmer Italien, wou d‘Zuelen net iwwert eng gewëssen Dramatik ewechtäusche kënnen. Bis Gëschter sinn hei 79 Doudesfäll ze notéieren. Laut dem Zivilschutz, gëtt et eppes méi 2.500 bestätegt Infektiounen. Dat sinn der ronn 500 méi wéi nach um Méindeg. D‘Lombardei, Venetien an d‘Emilia-Romagna sinn déi am stäerkste betraffe Regiounen.

Bei eisen däitschen Noperen ass d‘Zuel vun de bestätegten Infektiounen op 196 geklommen, 13 Bundeslänner si betraff. Hei gëllt Nordrhein-Westfalen mat 103 Infektiounsfäll als Hotspot. Am Saarland huet sech en Dokter ugestach, dat méiglecherweis beim Doktesch-Kongress zu Frankfurt leschte Freideg. Déi weltberühmt „Leipziger Buchmesse“ ass virsiichtshallwer ofgesot ginn.

CoronavirusOp der Insel, an domatter eigentlech ausserhalb vun Europa, huet de britesche Gesondheetsminister d‘Zuel vun den Infektioune mat 51 uginn. Et huet nach keng Doudesfäll a Groussbritannien ginn. An Éisträich waren um Dënschdeg 21 Persounen als Infizéiert gemellt ginn. D‘Spuenier hunn zur Stonn ronn 120 Infektiounsfäll, eng Persoun wier un de Folge vun der Infektioun gestuerwen.

Bei eise franséischen Nopere klammen d‘Infektiounszuelen och weider, hei sinn elo iwwer 200 Fäll confirméiert. Véier Persounen si scho verstuerwen, 12 Departementer si betraff. De President geet vun enger längerer Infektiounsphas aus an huet seng Landsleit opgeruff sech verantwortlech ze behuelen. Paräis stellt sech op eng Kris an déi Wochen, méiglecherweis Méint unhale kéint.

Roueg bleiwen, besonnen Handelen

Zu Lëtzebuerg ass d‘Situatioun onverännert roueg, hei ass ee gutt opgestallt a op all Situatioun virbereet. Et dierf een och nach emol drop hiweisen, datt d‘Medeziner dovunner ausginn, datt 8 vun 10 Mënschen „eng Form mat ouni oder mat ganz gerénge Symptomer entwéckele wäerten“. 15% vun de Leit wäerte méi staark Symptomer opweisen, mee wierklech bedreet ass een net.

Eng Reell Bedreeung besteet fir eeler Mënschen, Leit mat enger Immunschwächt an/oder anere Pathologien déi d‘Ofwierkräfte vum Kierper schwächen. De WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus weist drop hinn, datt de Stierflechkeetstaux vum Coronavirus elo bei 3,4% läit an domadder wäit iwwert der klassescher Grippalinfektioun, déi ënnert engem Prozent ugesidelt ass.

CoronavirusOp ville Plaze ginn Hamsterkeef gemaach an och soss falen de Mënsche ganz verreckt Mesuren an fir sech géint eppes ze schützen dat se net verstinn. Zudeem schéngt et ganz „Arméien“ an de sozialen Netzwierker ze ginn, déi eenzeg am Sënn hunn de Leit Angscht ze maachen. Sief et fir politeschen Afloss ze gewannen oder méiglecherweis aus der „Onwëssenheet“ Kapital ze schloen.

Dofir nach emol: 1) hält iech w.e.g. un déi normal Hygiènesregelen a wäscht iech regelméisseg är Hänn; 2) Masken notzen nëmme wann een infizéiert ass (beim Verdacht ass et selbstverständlech och ubruecht, mee et sollt een se dem medezinesche Personal iwwerloossen); 3) wann dir mengt Symptomer ze hunn, gitt w.e.g. net an d‘Urgence mee rufft d‘Gesondheetsinspektioun un (8002 8080) an haalt iech un d‘Instruktiounen. Onbeduecht handele bréngt iech an anerer a Gefor…

mat indymedia/gva

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Longekrankheet, Panik, SARS-CoV2, Virusinfektioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel