Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dossier Traversini: „STOP corrupt Asbl“ trëtt an Aktioun (Kommentar)
https://moien.lu/confidential-local-dating/ Stories

https://moien.lu/online-dating-app-success-stories/

Wat fréier „Transparency International Luxembourg“ war ass haut „STOP corrupt

best free french dating site
https://moien.lu/confidential-local-dating/ Stories

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Eng kleng rietsextrem Partei, d‘VOX, huet e Sonndeg seng Entrée

Esch-Uelzecht: Seniore besser begleeden
https://moien.lu/confidential-local-dating/ Stories

Esch-Uelzecht: Seniore besser begleeden

Um Mëttwoch huet den Escher Schäffen André Zwally (CSV) sech

De Coronavirus impaktéiert och d‘Justiz

D‘Regierung äussert sech net zu de Mesuren déi an de Prisongen ergraff an elo fänken och d‘Affekoten un sech ze beschwéieren

De Coronavirus impaktéiert och d‘Justiz

Datt déi zoustänneg Ministèren sech net zu de Mesuren déi fir d‘Prisonge vu Schraasseg a Giwenech getraff goufen äussere wëllen, dat ass just fir d‘Medien e Problem. Wann awer elo och d‘Affekoten an hirer Defense behënnert ginn, gëtt et komplizéiert. Zum engen ass zwar kee Schëlleg esoulaang d‘Prozedur leeft, mee wien an Untersuchungshaft sëtzt, muss dierfe mam Affekot schwätzen.

Vill Affekoten hunn schonn zanter dem 13. Mäerz d‘Cité Judiciaire nieft dem Kanounenhiwwel an der Uewerstad net méi opgesicht. Déi meeschten Etüde sinn desertéiert ginn, an et gëtt och an dëser Zunft massiv op Homeoffice gesat. Et géif wuel nach ëmmer de Courrier ofgeholl ginn, mee dat war et dann och schonn. D‘Dossiere sinn digitaliséiert, wat d‘Aarbecht eppes méi einfach mécht.

De Passage an der Bibliothéik gëtt duerch d‘Benotze vu Sichmaschinnen ersat. Souwisou ginn nach just déi „urgent“ Fäll um Geriicht behandelt an déi vun Inhaftéierten. Et heescht datt een net emol dem Untersuchungsriichter virgefouert gëtt, et sief et wier ganz dréngend. Bleiwen déi Fäll, déi am Jargon als „flagranten Delikt“ beschriwwe ginn. Hei muss bannent 24 eng Decisioun geholl ginn.

Sécher sinn d‘Affekoten hei eppes méi flexibel, also et hëlt elo keen d‘Stoppauer an de Grapp. Dës Audienze fannen elo awer net méi an de Raimlechkeete vum Untersuchungsriichter statt, mee sinn an ee klenge Geriichtssall verluecht ginn, wat et erlaabt, d‘Sécherheetsmoossnamen an den Ofstand anzehalen. Änlech ass d‘Prozedur fir Häftlingen déi op Bewärung sollen entlooss ginn.

Op gewësse Rechter verzichten?

Üblech ass et an der Prozedur zu Obtentioun vun der Bewärung, datt sech bis zu 7 Persounen an engem Raum zesummefannen. Dat geet vun de Riichter, dem Representant vum Parquet, bis bei den Häftling (an eventuell en Interpret), ouni den Affekot an d‘Police-Eskort ze vergiessen. Dat ass elo dank Covid19 esou verständlecherweis net méi méiglech an et muss sech „arrangéiert“ ginn.

D‘Reegel déi elo ugewannt gëtt, besteet doranner, datt wann den Affekot net op d‘Uwiesenheet vum Häftling besteet, da gëtt dësen och net un d‘Geriicht iwwerstallt a bleift a senger Zell. Dat awer ka keen Dauerzoustand ginn, firwat d‘Affekote vum Justizapparat erwaarden, sech déi entspriechend technesch Moyenen ze ginn, fir dëser Situatioun ze begéinen. Eng Rei Virschléi hunn se dozou.

Esou wier eng schrëftlech Prozedur a Videokonferenzen – wat jo scho méi laang envisagéiert ginn, awer „lenteur administrative oblige“ ni ëmgesat ginn ass – zumindest an dëser aussergewéinlecher Situatioun schonn emol eng Optioun. An dat ass ëm esou méi wichteg, wéi elo gewosst ass, datt Visitten zu Schraasseg, aus Angscht virum virale Super-GAU zënter dem 19. Mäerz verbuede sinn.

Dofir hunn d‘Affekote Verstees-de-Mech, ginn awer ze bedenken, datt et essentiell ass, datt den Detenu och weiderhi mat sengem Affekot a Kontakt steet a mat dësem Schwätzen dierf. Dat ass zimmlech komplizéiert, well et muss och d‘Confidentialitéit vun de Gespréicher tëscht Client an Affekot séchergestallt ginn. Mee elo ass e Prisong per See och vum Internet getrennt. Also bal…

Videokonferenze gi prekoniséiert

Elo wier et fir den Affekot an den Häftling praktesch, an heescht et wier en System fonnt ginn (Skype) deen och schonn de leschte Weekend, deem engen oder aneren Affekot de Kontakt zu sengem Client erméiglecht huet. Mee um Donneschdegmuere gouf dat nees gestoppt, an esou wéi ee sech dat vun der Justiz och erwaart: mat enger Circulaire, ouni weider Prezisiounen.

D‘Justizverwaltung, wëll sech awer net fir eng Kontaktspär iwwer Mooss der Kritik aussetzen, an huet den Affekote proposéiert, all Echange mëttels Courrier ze arrangéieren. Wa gewosst ass, datt all Bréif deen ageet vun de Giischtercher gelies gëtt (och de Courrier sortant) ass d‘Confidentialitéit net méi ginn. Si kéinte jo nach telefonéieren, esou d‘Justizverwaltung eppes zynesch.

Zum enge ginn och d‘Entretienen um Telefon ofgelauschtert, zum anere kascht den Telefon am Bing richteg Goss, an oftmools hunn déi Betraffe guer net d‘Moyene fir, déi am Minuttentakt a Rechnung gestallte Kommunikatioun ze féieren. Esou ka keen Affekot e valabelen Dossier opsetzen, vun den Delaien déi domadder a Matleedschaft gezu ginn, ganz ze schweigen.

Wat mat de „Clienten“ déi „dobausse“ si méiglech ass, geet de facto also net mat den Detenuen. E Fait deen am Iwwregen och fir Giwenech gëllt, wou et heescht datt all Häftling an sengem Zëmmer agespaart ass. All Kontakt tëscht den Insassen ass och hei op de strikte Minimum reduzéiert ginn. Et heescht wuel, datt déi Concernéiert Verständnes fir déi Problemer hunn, mee wéi laang hält dat?

Et weess een et net, wëll sech net dozou geäussert gëtt, wéi eng Mesuren sech d‘Verwaltung oder d‘Regierung fir dës Populatioun ausgeduecht huet. Geséchert schéngt elo awer, datt sech déi zoustänneg Verwaltung op Opstänn virbereet. Statt d‘Leit ze beschäftegen, setzt een also deels op eng grousszügeg Ausgab vu Medikamenter an null Toleranz. Och dat kann net laang gutt goen…

Illustratioun: © Tom Blackout / unsplash

Ähnlech Sujeten Affekot, Coronavirus, Covid19, Häftling, Justiz, Justizverwaltung, Kontaktspär
Nächsten Artikel Virrechten Artikel