Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Campagne fir d‘Sozialwahlen 2019: „A lass et geet!“
how often should you see someone you start dating Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-someone-with-schizoaffective-disorder-reddit/

2019 ass op e neits e Wahljoer. Sozialwahlen an Europawahlen,

how to answer what are you looking for dating
how often should you see someone you start dating Neiegkeeten

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen

Sechs Méint nodeems d‘USA d‘Nuklearofkommes mam Iran zerrappt hunn, huet

money
D‘EU a Singapur ënnerschreiwen e Fräihandelsaccord
how often should you see someone you start dating Neiegkeeten

D‘EU a Singapur ënnerschreiwen e Fräihandelsaccord

E Freideg huet d‘EU zu Bréissel mat Singapur e Fräihandelsaccord

Editorial: Keng Panik!

Editorial: Keng Panik!

A China ass en neiaartege Coronavirus (2019-nCov) ausgebrach, an deen ass grad am Begrëff sech weltwäit auszebreeden. A China klëmmt d‘Zuel vun den Affer (gëschter nach 41 Doudeger an 1.300 infizéiert Persounen, haut scho 56 doudeger an iwwer 2.000 Infektiounen). Déi chinesesch Regierung huet drastesch Moossnamen ergraff: Wuhan ass ofgerigelt an Neijoerschdag ofgesot!

D‘USA hunn zwee Fäll (Seattle & Chicago) an d‘Trump-Administratioun wëll elo d‘Amerikaner aus Wuhan evakuéieren. Och an Australien an aneren asiatesche Länner sinn Mënsche wéinst dësem Virus a Behandlung. Bei eise franséischen Nopere gëtt et een Infektiounsfall zu Bordeaux an zwee Fäll goufen och vu Paräis gemellt. D‘Weltgesondheetsorganisatioun verfollegt alles ganz genee.

Elo gehéiert et och zu eisem Informatiounsoptrag, iwwert de Coronavirus a seng méiglech Geforen ze beriichten. An dësem Zesummenhang also och d‘Siicht vun der Gesondheetsdirektioun a wéi ee sech virun enger (méiglecher) Infektioun schütze kann. Well de Fluchhafen och eis Dier an d‘Welt ass, verständlech datt mir vu Lux-Airport wësse wëlle wéi si mam Thema ëmginn.

Datt eis dann elo an de sozialen Netzwierker virgeworf gëtt, datt mir hei „Panik maache géifen“ an dës nei Longekrankheet e Coup vun der Pharmaindustrie ass, déi soss näischt am Sënn hätt wéi eis Impfstoffer op d‘A ze drécken, an dat méiglechst mat besonnesch héijem Profit, ass mindestens esou beonrouegend wéi d‘Gefor vun enger weltwäiter Pandemie ganz reell ass.

Iwwert méiglech Geforen zäitno informéiert ze ginn, dat ass dank Internet haut eigentlech éischter e Grond zur Freed wéi dann zur Panik. Mee déi béis Medie wëssen net wat déi sëllechen „Experten“ an eben dësem „Internet“ wëssen, a wann ee se schonn net der Ligen iwwerféiere kann, esou léisst sech mat „Panik“ ee wuel ganz seriéise Sujet erofspillen. Un de Fakten ännert et leider näischt.

Wann eng Regierung wéi déi vu China eng Krisesëtzung no där aner aberifft, de Parteichef Xi Jinping dem Kampf géint den 2019-n-Cov Virus allerhéchste Prioritéit araumt an net zéckt ganz Metropolen ënner Quarantaine ze stellen, sämtlech Festivitéiten zu Neijoerschdag ofseet an d‘Reesbüroen ugehale ginn, keng Reesen a China ze verkafen, sollt een awer scho beonrouegt sinn.

Gutt, elo kann ee sech nach drop behaapten, datt de Risk fir Lëtzebuerg besonnesch minim ass, well mir keng direkt „Verbindung“ mat China hunn a folglech keng Gefor besteet. Dobäi gëtt iwwersinn, datt et zur Stonn keng Mëttel gëtt sech ze schützen an et eigentlech duergeet „ugehouscht“ ze ginn, fir betraff ze sinn. Vun dohier kann en Appell zur Preventioun net wierklech „Panik maache“ sinn.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten 2019-nCoV, China, Coronavirus, Epidemie, Longekrankheet, Longenentzündung, Pandemie, Panik, WHO, Wuhan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel