Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADEM wëll sech op Laangzäitchômeuren an d‘Integratioun vun de Flüchtlinge konzentréieren
Neiegkeeten

ADEM wëll sech op Laangzäitchômeuren an d‘Integratioun vun de Flüchtlinge konzentréieren

E Freideg war d‘Direktesch vun der ADEM am Interview beim

Nordkorea: Offiziell nach keen Infektiounsfall
Neiegkeeten

Nordkorea: Offiziell nach keen Infektiounsfall

Datt säitens dem Regime vu Pyonyang bis haut keen eenzegen

Gefaangenenaustausch bréngt Hoffnung
Neiegkeeten

Gefaangenenaustausch bréngt Hoffnung

Mam Tausch vu Gefaangenen ass ee wichtege Schratt gemaach ginn,

Drastesch bestëmmt, noutwenneg ganz sécher

D‘Regierung huet et entscheet, mir sinn elo gebueden eis doheem opzehalen!

Drastesch bestëmmt, noutwenneg ganz sécher

Et war keen einfache Regierungsrot deen d‘Kris um Sonndeg zesummegefouert huet. D‘Lag ass elo ganz Eescht an all eenzele muss elo ferm um Rimm rappen. Et geet elo wuel net méi drëms „wien et erwëscht“, méi éischter drëms „wéini et een erwëscht“. Fir d‘Gesondheetsdéngschter, déi den Ament nach gutt duerhalen, méiglechst ze entlaaschten a keen Ustuerm ze provozéiere brauch et eng Rei zimlech drastesch Mesuren.

No stonnelaanger Berodung, an nodeems alles ofgewie war, sinn déi beschlosse Moossnamen dann op den Dësch geluecht ginn. Och zu Lëtzebuerg mussen elo all d‘Geschäfter, bis op d‘Apdikten, d‘Liewensmëttelgeschäfter an d‘Tankstellen hir Dieren zou loossen. Wien zur Risikogrupp (personnes Vulnérables) gehéiert soll méiglechst guer net méi vrun d‘Dier goen an och fir all déi aner heescht, seng Deplacementer op de strikte minimum ze reduzéieren.

De Volet Enseignement ass bekannt. Beim ëffentlechen Transport soll et eng Rei Adaptatioune ginn, an d‘Leit dierfen net méi beim Chauffer eraklammen. An engem Punkt war de Premierminister Xavier Bettel awer däitlech: „Et besteet kee Grond zur Panik, d‘Liewensmëttelketten ass assuréiert. Mir hu mat de Grossiste geschwat an et besteet keng Penurie am Liewensmëttelberäich“. Et geet der Regierung elo drëms d‘Preventioun ze prioriséieren.

Et wier ersiichtlech datt vill Leit mat Symptome vum Coronavirus Covid19 wäerten ze di kréien, an eng Rei dovunner musse sécherlech och intensiv behandelt ginn. Aus dësem Grond ass et imminent wichteg dat d‘Bierger d‘Strategie vun der Regierung ënnerstëtzen, nei där et drëms geet d‘Ausbriechen anzedämmen. Dat bedeit grouss Aschnëtter an eis perséinlech Fräiheeten an huet sécherlech och en Impakt op eist Sozialliewen.

D‘Ekonomie sécheren, d‘Grenzen oploossen

Nieft enger helle Wull u wirtschaftlechen a steierleche Mesuren déi d‘Regierung fir den Erhalt vun eiser Ekonomie getraff huet, ass et awer wichteg drop hinzeweisen, datt produzéierend Betriber (Fabricken) an och soss déi wirtschaftlech Aktivitéiten (zumindest iwwerall do wou Télétravail méiglech ass) net ugehale ginn. Och beim Staat schaffen d‘Verwaltungen an d‘Servicer, wuel an engem reduzéierte Mooss, normal weider.

Wat eis Grenzen ugeet, esou bleiwen déi op. De Jean Asselborn, Ausseminister, hätt an dësem Kontext en Echange mat sengen Homologe vu Berlin, Bréissel a Paräis gehat. Et wäert awer verstäerkt Kontrollen un eise Grenze ginn, och wann et d‘Nopeschlänner sinn, déi dës uwennen. Lëtzebuerg ass nu emol, opgrond senger ekonomescher an demographescher Entwécklung op d‘Frontalieren ugewisen, an dat ganz besonnesch am Gesondheetssecteur.

Bei allem wat villen an esou ëm Moment duerch de Kapp geet, den Appell vum Premierminister, ënnertenaner solidaresch ze sinn, den dierf net op daf Ouere stoussen. Dat eleiten ass keng kleng Kris a sécherlech och keng déi séier un eis erlaanscht leeft. Mir sollten eis elo wierklech ganz seriö un déi vun der Gesondheetsdirektioun gemaachte Recommandatiounen halen. Et wäert net op alles Äntwerte ginn an d‘Zäit wäert nach vill Froe mat sech bréngen.

Illustratioun: © Josh Red / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Paulette Lenert, Regierung, SARS-CoV2, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel